Kleinkinder brauchen ihre Eltern als ständige Bezugspersonen, Verlässlichkeit, Halt, Orientierung

Kleinkinder brauchen ihre Eltern als ständige Bezugspersonen, Verlässlichkeit, Halt, Orientierung

Wou bleift d’Kohärenz?

Wann eng Ministesch seet, d’Elteren sollen Zäit fir hir Kanner hunn an mat där selwechter Iwwerzeegung behaapt, si sollen allen zwee schaffen goen, dann freet een sech als Elteren, wou dann d’Kohärenz ass.

Dann huet een d’Recht ze froen: « Dann setzt eppes « en route », dass mer Zäit hunn fir eis Kanner, an net, eis eng schéin Welt virgaukelen, glécklech Leit weisen, déi weder midd, nach am Stress sinn, wou alles ronderëm schéin, propper an alles opgeraumt ass.“

Et geet schonn un bei der « allocation d’éducation »: mir wëssen, dass di 2-3 éischt Joeren enorm wichteg sinn fir e Kand, dass do de Puppelchen seng Elteren, d’Disponibilitéit vun sengen Elteren brauch: a wat geschitt? Di jonk Elteren kréien gesot, d’Kanner wären besser an enger Betreiungsstruktur.

D’Kannergeld ass erof gesat ginn, d’allocation de rentrée scolaire, och. Moyene, déi den Elteren schonn gehollef hätten, sech méi Zäit ze huelen fir hir Kanner, hinnen de Stress vun de Strukturen ze erspueren.

Ma, neen: fir iwwerhaapt senge Kanner eppes ze bidden, sinn d’Elteren da wierklech obligéiert zu zwee, dauernd aus dem Haus ze sinn an hir Kanner a friem Hänn ze ginn, och wann se dat net wëllen.

A wéini kann een sech dann Zäit huelen fir seng Kanner, wann een kaum nach doheem ass? Wann een no der Aarbecht, no engem Trajet – deen oft och laang ass – genervt a midd ass, no engem ustrengenedem Dag? Op de Knäppchen drécken, an dann ass alles flott, léif a friedlech? Nee, d’Realitéit ass net esou.

D’Realitéit weist eis oft eppes gaz anescht:

Mir héieren, dass d’lescht Joer, 300 Kanner bei der Alupse passéiert sinn, well se mësshandelt goufen. Dat mécht keng Mamm, kee Papp, aus Béiswëllegkeet. Et ass den Appell: „Ech packen et einfach net méi“. Sou war och den Titel vum Artikel, deen leschte Samschdeg am Wort war: « Die Eltern sind überfordert« .

Dann héiere mer, dass di häuslech Gewalt enorm héich ass: ëm di 800 Mol war d’Polizei d’lescht Joer geruff ginn. Ass et dann hei net och dat selwecht? Ze vill Stress, keng Zäit méi, een fir deen aneren, keng gemittlech Stonn méi beieneen, well een muss op héich Touren fonktionnéieren, well och doheem esou vill Aarbecht op ee waart. An dat mécht de Mënsch futti.

De Prozess, deen elo am Gaangen ass, wou Kanner an enger Maison-relais ugestréckt goufen, seet genuch aus.

Wéi vill Nervositéit, wéi vill Gejäitz, wéi vill Tréinen goufen et scho virdrun, ier di ganz Situatioun eskaléiert huet?

A wat leeft nach hanner aneren zouenen Diren? Esou oft hu mer eise Ministren gesot, dass d’Situatiounen och un d’Nerven vun den Educateuren a vun de Kanner ginn. Awer et gëtt einfach an eng Direktioun stur weidergefuer, wéi wann alles wéi op Rulletten géif lafen.

Et ass ganz kloer, dass dat wat vun den Elteren haut verlaangt gëtt, oft net méi ze erdroen ass. Also muss eppes geschéien. Mä wat?

Ganz kloer, bis dass e Kand 2 Joer huet, mussen d’Elteren kënnen wielen, fir sech intensiv ëm hiert klengt Kand ze këmmeren an eng Indemnitéit kënne kréien.

Natierlech, gëtt et Elteren, déi hire Beruff gären hunn an onglécklech wären, wann se hien net kinnten ausüben. Dat ass an der Rei. Si sollen en och kënnen ausüben.

A wat dAarbechtswelt ubelangt, firwat net, zum Beispill, de Modell vun Toyota a Schweden iwwerhuelen, deen sengen Employeen eng 30 Stonne-Woch ubidd. Dat huet nëmmen Avantagen mat sech bruecht, fir d’Employeen a fir de Betrib. Ass dann net, en Employéméi motivéiert, gutt ze schaffen, wann e weess, dass méi Rou a méi Zefriddenheet doheem ass?

Et ass och bekannt, dass déi Employeen, déi am beschten schaffen an zum Betriib halen, och déi sinn, deenen hiren Employeur hiert Familljeliewen respektéiert.

Mi-temps, travail à temps partiel, travail à domicile… Aus eiser Ëmfro kum och eraus, dass datwat d’Elteren (wéinstens een vun den Elteren) sech wënschen, ass en travail à temps partiel.An déi Elteren, déi déi Méiglechkeet schonn hunn, sinn och déi di am zefriddensten sinn. Firwat net och de Betriber mat Avantagen fir d’«charges sociales »ënnert d’Ärm gräifen, wann si d’Elteren ënnerstëtzen?

Eis Gesellschaft gëtt och lues a lues gezwongen, aner Weer an der Aarbechtswelt ze goen. Aarbecht gëtt et dach och net fir jidwereen an dann ass et fir di betraffen Familljen enorm schwéier. Häuslech Gewalt huet och villäicht emol domadden ze dinn…

Mir wëssen och, dass an nächster Zäit, Computeren vill Aarbechtsplazen wäerten ersetzen.

Wéi wäer et dann mat enger Iddi wéi „Bedingungsloses Grundeinkommen“, eng Solutioun, déi villen Elteren a vill Kanner géif hëllefen.

Isabelle Schmit-Mines

11.07.2016

1 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *