Traureg Zukunft?

ET GEET ËM D’ZUKUNFT VUN EISEM LAND

Nom Interview vun eisem Premier, um 100,7, den 19. Dezember, iwwer di gratis Kannerbetreiung, waren d’Reactiounen vun de Lieser enorm.

Schweden huet eis et virgemaach, mam Resultat: « Außer dem Ostblock hat Schweden die längste Tradition von Tagesstätten für Kleinkinder, die durch die Regierung eingerichtet wurden. Bevor ich jedoch die heutige Situation beschreibe, möchte ich eine Zusammenfassung unserer Geschichte geben. Dies ist wichtig, weil eine große Zahl von Ländern rund um die Welt dabei ist, unsere Kindertagesstätten zu kopieren, die jetzt nach 25jähriger Erfahrung in Schweden sich als das größte soziale und wirtschaftliche Desaster dieses Jahrhunderts entpuppen.. » (Jan-Olaf Gustavsson « Wie Kindertagesstätten eine Nation zerstören können » http://www.initiative.cc/Artikel/2007_01_15%20Kindertagsstaetten.htm

Den Jan-Olaf Gustavsson gëtt eis eng Warnung: muss da wierklech, eist Land dee Schrack goen, deen eng Natioun futti gemaach huet? Enorm Kriminalitéit, en enormen Taux vun Suiciden – suguer bei Kanner vun 4-5 Joer, enorm Depressiounen, bei de Mammen. Schweden revidéiert elo alles – mä, wat e laangen, dramatesche Wee!

D’Fraen solle schaffe goen, d’Kanner an d’Crèche: „Kannerbetreiung ass déi Plaz wou d’Kanner zesummen liewen, wou se déi sozial Komponent kréien, wou se déi Diversitéit vun onser Gesellschaft kréien.“, sou den Här Bettel.

AWER: net all Kand verdréit d’Crèche. Et si Kanner, déi enorm drënner leiden, fir déi et en enormen Drama ass. Si verlaangeren no hiren Elteren, si wëssen net, wat mat hinne geschitt, verdroen net, dauernd an enger Grupp ze sinn.

E Kand, wat esou vill matmécht, gëtt ni méi gesond, ass geschiedegt fir säi ganzt Liewen. Esou engem Kand, bréngen och di sozial Kontakter näischt, weder Friemsproochen nach Fréifërderung kommen un et erun.

Sou ass et dann och de Rôle vun enger Regierung, di Fragilitéit ze berécksiichtegen an alles ze maachen, d’Prioritéiten vun de Kanner ze respektéieren.

Eng Regierung däerf sech net nëmmen op deen eenzege Volet fixéieren, d’Mammen all op d’Aarbecht ze kréien an d’Kanner an d’Crèchen. Domadden gëtt eis Zukunft op d’Spill gesat!

Sachleeschtungen: Der Regierung hire Plang ass: d’Fraen gi schaffen a mat Sachleeschtungen maache mer dann eppes fir d’Kanner, spréch: Crèchen, Maison Relais. An: et gëtt kee Choix! Mä: « Les Etats parties veillent à ce que l’enfant ne soit pas séparé de ses parents contre leur gré… » (Convention des droits de l’enfant). Hunn di Conventiounen kee Sënn méi?

Fakten: Mir hunn eng Onmass vun Temoignagen vun Educatricen, Educateuren, déi ëmmer nees vun Neiem warnen, dass et net kann esou weidergoen. D’Regierung muss och deene Mënschen nolauschteren, déi d’Kanner an der Praxis gesinn, an sech net nëmmen op Theorien baséieren.

D’Schoulmeeschteren mierken ëmmer méi, dass vill Kanner sech net kënnen konzentréieren, dass keng Hausaufgabe gemaach sinn. Wéini sollen se dann och gemaach ginn? Owes, wann d’Kanner midd an opgedréint sinn?

De Nivellement vers le bas ass och eng Tatsaach hei am Land. D’Bildung geet erof, well net méi doheem geschwat gëtt an d’Kanner an enger Parallellwelt liewen, déi näischt mam Liewen ze dinn huet.

Verantwortung: Ass de Staat sech bewosst, wéi eng Verantwortung en huet? Soll eist Land eng Zukunft opbauen, mat Kanner, déi an der Trauer opgewuess sinn, an der Nervositét? Kanner, déi sech net kënnen konzentréieren, déi dat elementarst Wëssen net hunn?

Lauschtert deenen no, déi sech ëm d’Kanner këmmeren. Lauschtert deenen Elteren no, déi schonn e Wee hannerun sech hunn.

Alter a Krankheet: Alter a Krankheet sinn oft net aus dem Liewen ewechzedenken. Mä, wien huet da nach Zäit, sech ëm krank an al Leiti ze këmmeren, wa kee méi doheem ass? Wéi vill Duechteren, wéi vill Schnaueren, këmmeren sech ëm hir al Elteren, sou dass si, hir lescht Joeren an hirer Wunneng kënne bleiwen? D’Regierung soll sech emol ausrechnen, wéi vill Milliounen, de Staat spuert duerch di anonym Engagementer, déi net méiglech wären, wa keng Fra méi doheem ass.

An elo…? « Mee mir hätten einfach gären dass net de Choix ass… «  sot den Xavier Bettel um 100,7: dat ass de sprangende Punkt, mat deem mer an enger Demokratie net kënnen d’accord sinn.

Mammen, déi gären schaffen sollen dat jo och maachen kënnen an duerfir soll an de Crèchen, den idealen Personalschlëssel sinn. D’Dagesmammen sollen uerdentlech ënnerstëtzt ginn, si bidden méi eng kleng, heemlech Struktur.

Den Elteren de Choix loossen: Dd’Eltern wëssen am beschten wat fir si, fir hir Kanner a Fro kënnt. Et däerf net sinn, dass eng Mamm, e Papp muss nokucken, wéi onglécklech hiert Kand ass an net däerf bei ëm sinn, well et finanziell net duergeet. Déi Mamm, resp., dee Papp, deen sech eng Auszäit hëlt, soll grad esou eng finanziell Hëllef kréien, wéi déi Elteren, déi hir Kanner an eng Crèche ginn, en plus nach gratis!! Dräi Joer wär eng adequat Zäit. A vun den Zommen, déi bezuelt ginn, wär dann d’Obligatioun, an d’Pensiounskeess ze cotiséieren.

De Mi-temps encouragéieren:

– Méi Méiglechkeeten schaafen fir am mi-temps ze schaffen.

– D’Allocatioun vum Congé parental eropsetzen fir déi Mammen, déi am mi-temps schaffen. E Patron, deen eng zweet Aarbechtskraaft astellt, soll bei den Cotisatiounen ënner d’Äerm gegraff ginn.

-D’Mammen, resp., d’Pappen begleeden fir nees no enger Zäit, am Aarbechtsmarché, Fouss ze fassen. Duerch Formatiounen a Cours complémentaires, kënnen se sech op hir oder op eng nei Carrière preparéieren.

– All Famill, déi Kanner huet, muss kënnen anstänneng liewen, mä dat ass hei scho Luxus. All Famill soll eng finanziell Hëllef zegutt hunn, ob se gelount oder kaaf huet.

Conclusioun : Di gratis Kannerbetreiung ass schonn experimentéiert ginn, mat engem onheemlechen Desaster fir e ganzt Land. Mir wëllen dat net, weder fir eis Kanner, nach fir eis Gesellschaft!

Isabelle Schmit

07.01.2019

Liest och :

Familljefrëndlech ass anescht, vum Fred Keup : de Compte-rendu vum Interview mam Premier Xavier Bettel um 100,7

Ënnerstëtzt och Dir, d’Petitioun fir d’Unerkennung vun den Dagesmammen: https://www.chd.lu/…/TravailALa…/Petitions/RoleDesPetitions…

2 pensées sur “Et Geet ëm d’Zukunft vun eisem Land”

  1. Den Text ass super geschriwwen. Ech fannen, et misst vill méi fir Elteren gemaach ginn, déi wëllen bei hire Kanner bleiwen… Ech, z.B., hunn e Meedchen vu 4 Méint, sinn am Congé parental + Congé. Ech ginn am September 2019 rëm schaffen, ech hunn reduzeiéiert mat de Stonnen an am léiwsten géif ech nach manner Stonnen schaffen goen, mee finanziell net méigelech, well et soss knapp gëtt fir de Prêt vum Haus ze bezuelen. Ech selwer sinn och Educatrice a fannen et schrecklech wann ech nëmmen drun denken, dass mäi Meedchen och an sou eng Struktur muss goen, dass – pardon fir d’Wuert – mee ech gesinn et wéi eng Massentierhaltung… de Lärmpegel, di vill Kanner op enkem Raum, ze wéineg Zäit fir op all Kand anzegoen an jidderengem nozelauschteren an sou krass wéi et kléngt, mee maer spillen do Ersatzfamill, well vill Kanner vun 7 – 19 Auer an der Maison Relais hänken! Et gi vill Elteren, deenen et egal ass, dass hir Kanner dee ganzen Dag an enger Struktur musse sinn, dat hunn ech an all deene Joeren och gesinn. Leit, déi Congé hunn an hir Kanner awer an d’Maison Relais kommen! Mee et ginn och Leit, déi wéilten doheem bleiwen fir hir Kanner ze erzéien an deenen gëtt dat net erméiglecht!
    Ech selwer gesinn dat sou: Ech, Educatrice gi schaffen fir deenen anere Leit hir Kanner ze erzéien an ech muss mä Kand ewech ginn an et gëtt vun engem aneren erzunn, wat ech ganz gutt wéilt selwer maan mee finanziell net méiglech ass…
    Ech waer bereet alles ze maan fir kënnen doheem ze bleiwen bei mengem Kand, wéinstens déi Zäit wou mäi Meedchen nach net an d’Schoul geet an duerno kann een ëmmer puer Stonnen schaffen goen.
    Ech waer frou wann een do eppes géif maachen, dass dat mol duerchgesat gëtt… do muss eppes geschéien…

    1. Als Léierin an engem Cycle 2.2. schléissen ech mech deem voll a ganz un. All Dag hu mir Konflikter ënnert de Kanner ze regeln an ech schwätzen nit vu klengem Gestreits… Do sinn mol Still oder Saachen, déi d’Kanner aus lauter Frust a Roserei duerch d’Klass geheien… Dat ass e Ruff no Hëllef vun eise Kanner! Mir als Enseignant oder als Educateur hunn alt nach dotëschent Rou-Momenter. Mee d’Kanner sinn vun 7 bis oft 6 Auer owes dem Lärmpegel an dem Stress ausgesat… Engem Respekt a Gemeinschaft bäibréngen, muss gelieft ginn an do geet et nit duer, dat an engem Viso-Cours ze behandelen oder e Projet an enger Maison Relais ze maachen. Mee d’Kanner brauchen een Doheem, wou se Mëttes kënnen de Frust um Familljendësch erausloossen a wou een ass, deen em nolauschtert. Da rullt dono och d’Gemeinschaftsliewen, dat respektvollt Mateneenëmgoen a schlussendlech och d’Léieren vun de Kompetenzen fir d’Liewen….

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *