Gëtt et se (net) : di ideal Famill ?

Interview mam Bea Mertzig, Kursleiterin vun STEP Elterntraining

Famill.lu: Mir droen all e Bild an eis, vun der idealer Famill. Gëtt et se (net)?

Bea Mertzig:

béa2Fir mech besteet eng ideal Famill aus enger Gemeinschaft wou jddereen dem aneren seng eege Perséinlechkeet respékteiert a wou géigesäitegt Vertraue besteet. Hei gëtt e Kand eescht geholl a senge Gefiller a Bedürfnisser.Et gëtt him nogelauschtert an et gëtt ënnerstëtzt, seng eege Léisungen ze fannen. Et gëtt net probéiert, him e Charakter oder eng Verhaalensweis iwwerzestülpen, mä et gëtt sech Zäit geholl, dat Kand a sengem eegene Wiesen ze begleeden a fir hatt do ze sinn. Et ginn och Konflikter ausgedroen, mä op eng respektvoll Art a Weis an ouni op Dauer ze verletzen.

Op déi Manéier kann e Kand och léieren, déi aner eescht ze huelen an och deenen hir Bedürfnisser ze respektéieren; et kann e staarkt Selbstvertrauen entwéckelen a selbstänneg ginn. Op déi Manéier kann eng Bindung entstoen duerch déi d’Eltere/Kand Bezéiung iwwer Liewenszäit positiv bleiwt. An esou enger Famill ka jidderee sech sécher, wuel a gebuerge fillen.

Aus menger Erfahrung an aus deene verschiddenen Réckmeldungen aus all de STEP Coursen weess ech, dass et méiglech ass, mat de STEP Techniken un esou engem idealen Familljeliewen ze schaffen an dem Bild vun den der idealer Famill esou no wéi méiglech ze kommen.

Famill.lu: Wat fir eng Roll spillen di nei Medien an de Familljen a kann et sinn, dass si och Schold dru sinn, wann et net ëmmer funktionnéiert?

Bea Mertzig: An deene meeschte Famillje spillen déi nei Medien eng wichteg Roll. D’Kanner wuessen mat Fernseh, Computer, Iphone a co., op, si gesinn hir Elteren domat schaffen a sech domat ameséieren. Och scho ganz kleng Kanner ginn dovun ugezunn. Wann si de richtegen Ëmgang domat léieren ass dat och bedenkelos a si kënnen nëmmen dovu profitéieren. Fir dass et net zu excessivem Gebrauch an zu Problemer kënnt, ass et wichteg, dass Elteren, déi néideg Grenze setzen an nëmmen en altersgemässen a kontrolléierten Zougang zu de Medien erlaben. Dat awer féiert oft zu Konflikter. Besonnesch an esou Situatiounen hëllefen déi am STEP Cours geléiert Techniken.

Eltere sollen och selwer am Bild sinn iwwer d’Méiglechkeeten an d’Geforen. Si solle sech interesséieren wat hiert Kand um Computer mécht a wat hatt um Fernseh kuckt, fir mat him am Gespréich doriwwer ze sinn a fir mat him déi gemaachten Andréck ze verschaffen. Nëmmen esou kënnen si bemierken, wann eppes net stëmmt, respektiv wann hirt Kand iwwerfuerdert ass mat de Medien.

D’Virbildroll vun den Elteren ass erëm enorm wichteg. Wéi gi si selwer mat Internet, Facebook, Twitter an aner soziale Medien ëm? Brénge si et färdeg, déi positiv Eegeschaften ze notzen ouni sech ofhängeg ze maachen? Huele si sech Zäit fir aner Aktivitéiten a fir direkt zwëschemënschlech Kontakter? Huele si sech Zäit fir d’Intressie vun hirem Kand z’erkennen an dësen op anere Weeër nozegoen, wéi z.B., zesumme Bicher kucken oder gemeinsam Familljenaktivitéiten.

Ech denken, dass et sech duerch déi hei genannte Punkten entscheed, ob déi nei Medien schiedlech fir e Kand sinn an zu Problemer an der Famill féieren oder net.

 Suite vum Interview>>

04.09.2017

 Liest och :

« D’Einsamkeet vu Jugendlecher », Sarah Bock

« Ne punissez pas la famille », Isabelle Schmit-Mines

Agenda :

STEP: d’Couren ginn den 2. Oktober nees un

HOMESCHOOLING: Colloque: « Free to learn», les 6 et 7 octobre 2017

http://www.freetolearnluxembourg.eu/Free_to_learn/Welcome.html

FAMILYLAB: Vorbereitung auf die Elternschaft: d’Couren ginn den 10. Oktober un

3 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “Gëtt et se (net): di ideal Famill ?

  • 10 septembre 2016 à 7 h 16 min
    Permalink

    E Kand, dat an der Crèche grouss gëtt, ka sech also nie esou ‘gutt’ entwéckelen, wi e Kand dat wuelbehitt doheem opwiesst!? Mer sollten eis e Beispill un der Natur huelen, do ginn di Jong normalerweis nëmme vun der Mamm (oder den Elteren) gezillt.

    Répondre