Gëtt et se (net) : di ideal Famill ?

La responsabilité d'élever l'enfant et d'assurer son développement incombe au premier chef aux parents Suite vum Interview mam Bea Merzig, Kursleiterin vun   STEP Elterntraining

Famill.lu: Wat huet Iech beweegt, de Programm STEP, hei am Land ze proposéieren?

Bea Mertzig: Ech hunn 13 Joer am Centre Thérapeutique “Kannerhaus Jean” vun der Croix-Rouge geschafft. Hei hunn ech vill Eltere kennegeléiert, déi sech immens beméit hunn, déi nëmmen dat Bescht fir hir Kanner wollten an trotzdem vill Schwieregkeete mat hinnen haten. Obschonns ech vu Beruff Educatrice sinn, hunn ech mech an de Gespréicher mat dësen Elteren oft onsécher gespiert; wéi kann ech Eltere beroden ouni an d’Roll vum “Besserwësser” ze kommen an ouni hinnen e Verhalen virzeginn, mat deem si net eens ginn?

Well ech mech schon an der Erzéierschoul fir déi verschidde Konzepter vun Elterentrainingen interesséiert hunn, sinn ech heirop zréck komm. Dobäi konnt ech mech selwer mat der Haltung, déi STEP vermëttelt voll a ganz identifizéieren. An der Fortbildung zur STEP Trainerin, déi ech zu Düsseldorf gemaach hunn, sinn ech ëmmer méi begeeschtert gi vun dësem Konzept bei deem de Schwéierpunkt op enger respektvoller a wertschätzender Eltere/Kand Bezéiung läit. D’Kand an d’Eltere ginn als gläichwäerteg an individuell Perséinlechkeeten ugesinn an an hire Bedürfnisser eescht geholl. Am STEP Cours kréien d’Eltere keng Methoden iwwergestülpt, mä si léieren Technike kennen, déi si op hir eegen Art a Weis am Alldag applizéiere kënnen. Et ass sou ze soen eng “Hilfe zur Selbsthilfe”.

Duerch déi positiv Réckmeldungen vun deenen éischten Teilnehmer 2009, sinn ech bestätegt gi fir weider ze maachen. Mëttlerweil konnt ech schonn 20 STEP Elterentrainingen halen a freeë mech op di nächst!

Famill.lu: Firwat klappt d’Kommunikatioun tëschent Elteren a Kanner net ëmmer: maachen d’Elteren sech méi Gedanken, hunn se oft e schlecht Gewëssen, sinn se ze vill perfektionnistesch oder sinn et d’Kanner, déi hautdesdags méi selbstänneg sinn a séier ërem äntweren?

Bea Mertzig: Esou verschidde wéi d’Situatioune vun deenen eenzelne Famillje sinn, esou verschidde sinn och d’Ursaache wann et Problemer an der Kommunikatioun an esou och an der Bezéiung Eltere/Kand ginn. Am Allgemengen maache sech Eltere vill Gedanken wat fir hirt Kand gutt ass a wéi si hirt Kand am beschte fërdere kënnen. Si wëlle keng Fehler maachen a setzen sech doduerch séier ënner Drock. Si verstinn oft net, firwat hirt Kand trotz hire Beméiungen net esou richteg kooperéiert. Vill Eltere fillen sech iwwerfuerdert mat Berufstätegkeet a Kandserzéiung, hunn effektiv e schlecht Gewëssen a wëllen dofir déi gemeinsam Zäit, wa méiglech ouni Konflikt verbréngen.

Da ginn et elengerzéiend Elterendeeler, déi d’ganz Verantwortung eleng dron, respektiv eng aner Siicht vun Erzéiung hunn wéi hir/e getrennte Partner/in.

Zu dësem Problem kann et och an enger Patchworkfamill kommen. Och hei kann et eng besonnesch Erausfuederung sinn, eng gemeinsam Linn an Erzéiungsfroen ze fannen.

Vill Kanner sinn iwwerfuerdert wa si ganz Deeg “friembetreit” ginn, meeschtens a grousse Gruppen a mat wiesselnde Bezugspersounen. Doduerch kann et hinnen un dem néidegen Halt an un der néideger Berechenbarkeet feelen.

Esou verschidden d’Familljesituatiounen och sinn, esou bemierken ech an de STEP Coursen awer eng Rei vun Ursaachen, déi a ville Famillen zu Problemer féieren:

- Oft ass et den Zäitfaktor, deen eng grouss Roll spillt. Elteren hunn oder huelen sech net genug Zäit fir hir Kanner. Dobäi as d’Erzéiung vun engem Kand eng uspruchsvoll Erausfuederung, fir déi ee Gedold muss opbréngen an déi ee net kann niewelaanscht maachen. Zumindest déi éischt Joere, muss ee säin Alldag dem Kand sengem Rythmus an dem Kand senge Bedürfnisser upassen.

- Oft kënnt et och zu Problemer well Elteren hirem Kand net genug zoutrauen. Si sinn iwwer-virsiichteg oder wëllen him all Onannehmlechkeeten erspueren. E Kand brauch awer d’Méiglechkeet, selwer Erfahrungen ze maachen a selwer aus senge Fehler ze léieren fir säi Selbstvertrauen opzebauen a fir selbstänneg ze ginn.

- Oft hunn Elteren och ze héich oder net altersgemäss Erwaardungen un hirt Kand. Et ass wichteg, dass si aus der Siicht vum Kand kucken an hatt als individuell Perséinlechkeet respektéieren. E Kand brauch Zoutraue vu sengen Elteren ouni ze vill ënner Drock ze kommen.

- Oft hunn Elteren et schwéier, hirem Kand Grenzen ze setzen. Si ginn entweder de Konflikter aus dem Wee oder si provozéiere Machtkämpf aus deenen déi déifste Verletzungen entstoe kënnen. E Kand brauch awer Grenzen fir och d’Bedürfnisser vun deenen aneren z’erkennen an ze respektéieren. E Kand brauch innerhalb vun dëse Grenzen d’Méiglechkeet, selwer z’entscheeden fir aus de Konsequenze vu sengem Verhaalen ze léieren.

- Oft vergiessen Elteren och, dass hirt Kand eng gläichwäerteg Perséinlechkeet ass a schwätze mat him op eng Art a Weis, wéi si ni géife mat enger anerer Persoun schwätzen. E Kand verdéngt awer dee selwechte Respekt wéi all aner Persoun.

- Ganz wichteg ass d’Virbildroll vun den Elteren. Et ass un hinnen, dat virzeliewen wat si vun hirem Kand erwaarden. Si sinn déi Erwuessen, déi scho wëssen, wat fir e Verhalen ubruecht ass. Hirt Kand muss dat eréischt léieren a brauch dofir Zäit.

<<Ufank vum Interview

4 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *