Zesumme laachen a Freed hunn

Schonn e puer Mol hu mer driwwer geschwat, dass oft, Kanner a Jugendlecher, onsécher gemaach ginn, ob se sech dann wuel an hirem Kierper spieren. Ob, wann e Jong, deen eigentlechi e Jong ass och wierklech e Jong ass, an ëmgdréint.

Et gi jo Fäll, wou Mënschen sech effektiv spieren, si wären an deem falsche Kierper. Et weess een och, dass duerch d’Pubertéit, di Jugendlecher sech net ëmmer gutt spieren, oft fannen, si wären net op der richteger Plaz an och oft, onbehollef sinn.

Mee, normalerweis ass dat eng Phas, eng Phas, eben, wou d’Kanner hir Identitéit sichen, villes a Fro stellen a flemmseg sinn.

Awer, dass se elo gesot kréien, si missten eppes dogéint ënnerhuelen an sech – mir näiischt, dir näischt – sech komplett transforméieren, dat gëtt suguer gefërdert, an et geet nach méi wäit, wéi een sech dat ka virstellen.

Do ass dann an Däitschland, e neit Gesetz, wat d’Mënschen nach méi duercherneen wäert maachen. Z.B.: e Mann brauch nëmmen an seng Gemeng ze goen, ze behaapten, e géif sech net wéi e Mann fillen, e wär elo léiwer eng Fra, a schons, kritt hien eng nei Identitéit, e neie Numm, a fäerdeg. No engem Joer kann en dat Spilllchen dann nees ufänken.

Et kann een sech ausmolen, wou dat alles kann hiféieren.

Wat ass lass, an enger Welt, wou et dach normalerweis kloer ass, wéi e Meedchen sech behëllt, wat seng Interessie sinn, wéi e Jong sech behëllt, wat seng Interessie sinn. E Meedchen spillt eben anescht wéi e Jong. D’Natur preparéiert eis jo och op gewëssen Aufgaben, déi mer am Liewen sollen iwwerhuelen. Mee haut, ass et vun engem Mouvement gewollt, dass mer eis iwwer d’Natuur solle stellen.

Dat ass den Transhumanismus deen e neie Mësch wëll schaafen. E Mënsch, deen eigentlech kee Mënsch méi ass. E Mënsch, ouni Gefiller, ouni Repèren, a lues a lues, ouni Wuerzelen. Dat erklärt, firwat esou vill Chaos ass, firwat esou villes futti gemaach gëtt, wat eis léiw an helleg war. Eis Kulturen, eis Traditiounen, eis Gesellschaft, déi sech spalt, Familljen, di auserneen gerappt ginn, eben, oft, well di meescht Regierungen, sech net duerfir interesséieren, fir si z’ënnerstëtzten.*

Wou bleift de Respekt virum Mënsch, wa mer héieren, dass eeler Leit, deeglaang einfach eleng gelooss ginn. Wa mer héieren, wéi den Avortement banaliséiert gëtt. Et huet ee jo bal d’Tendenz ze vergiessen, dass do e Liewewiesen wiisst, héiert, spiert, bougéiert. Hu mer vergiess, dass et Methode ginn fir sech ze schützen? Natierlech ginn et dramatesch Fäll, wou eng Ofdreiwung néideg ass. Mee dat sinn Ausnahmen.

Et ass also e Plang do, fir d’Mënschen onsécher ze maachen an e Changement ze provozéieren. E Changement, deen eiser Gesellschaft awer net gutt deet. An di eenzeg Sécherheet, déi eis Kanner haut hunn, sinn hir Elteren. Well, mir mierken, dass keen do ass, deen d’Kanner schützt.

Méi wi je ass et wichteg, mat hinnen ze schwätzen, hinnen ze soen, si sollen sech net ze séier influenzéiere loossen, an, mierken, wéi se sech spieren a behuelen.

Wann d’Elteren hir Kanner net schützen, wien mécht et dann?

Mir schützen se och, andeems mer Kontakter pflegen mat der ganzer Famill, mat Frënn. Freed sollen se hunn, an dëser onsécherer Zäit. Zesumme laachen, zesumme kachen, zesummen an d’Natur goen. Do brauche mer kee Smartphone, keng brutal Videospiller, déi kengem guttdoen.

De Mënsch brauch de Mënsch. De Mënsch brauch Léift.

Sou huet et den Albert Einstein an sengem Bréif un seng Duechter Lieserl definéiert: „Es gibt eine extrem mächtige Kraft, für die die Wissenschaft bis jetzt keine formelle Erklärung gefunden hat. Es ist eine Kraft, die alle anderen beinhaltet und regelt und die sich hinter jedem im Universum wirkenden Phänomen verbirgt und noch nicht von uns identifiziert wurde. Diese universelle Kraft ist die LIEBE.“ (Albert Einsteins Brief an seine Tochter).

D’Mënschlechkeet wäert och mat der Zäit gewannen. An do kënne mer all eppes bäidroen.

Isabelle Schmit-Mines

06.07.2022

* An eisem Land ass et just d’ADR déi sech all den Elteren de reelle Choix wëll loossen

——————————————————————————————————————–

Liest och:

De Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber: Umwertung der Werte in der Abtreibungsdebatte

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *