Nees kee Choix?

Patrick Remakel, President vum SNE

Elo, wou eng Reform vun den Horairen an der Schoul virun der Dir steet, hu mir dem Patrick Remakel, President vum « Syndicat national des Enseignants » e puer Froen gestallt. 

Famill.lu: Wat géif deen neie Stonneplang fir d’Kanner bedeiten ?

Patrick Remakel: Deen neie Stonneplang forcéiert all d’Kanner, méi laang an der Schoul ze bleiwen, och déi Kanner, deenen hir Elteren dat net wëllen a mat hinnen doheem schaffe wëllen. Den Appui intégré riicht sech nämlech un all Kanner a net nëmmen un déi, wou et wierklech néideg wier. Dëst mécht a mengen Aë kee Sënn, well den Appui, wann en efficace soll sinn, sech op eng begrenzten Zuel vu Kanner, déi wierklech Problemer hunn, beschränke soll.

D’Ofhale vum Appui intégré en classe méindes a mëttwochs nomëttes no der regulärer Schoulzäit ass kontraproduktiv, well bei de Kanner d’Loft eraus ass an si sech net méi konzentréiere kënnen. Duerch den neien Horaire an duerch déi zwee verlängert Nomëtteger

an der Schoul riskéiert een awer och d’Eltere manner fir hir Kanner an hir Aarbecht ze responsabiliséieren, wat doudsécher net am Interêt vun der Schoul ass.

Bis elo huet déi flexibel Handhabung vum Appui pédagogique et erlaabt, interessant pädagogesch Projeten unzegoen an duerchzeféieren. Den neie Stonneplang bréngt Verloscht u Flexibilitéit mat sech an och de kommunale Spezifizitéite kann net méi Rechnung gedroe ginn. Am Moment ass den Appui pédagogique a ville Schoulen deen eenzegen Appui, deen déi Schoule wéinst dem rigouréise Contingent nach hunn. Do organiséieren d’Equipes pédagogiques hiren Appui esou, wéi si et am beschten fannen a virun allem datt en de

Schüler, déi Appui brauchen, och zegutt kënnt.

D‘Paus vun enger hallwer Stonn moies ass vill ze vill laang. Et ass schwéier, datt d‘Kanner sech während enger hallwer Stonn sënnvoll am Schoulhaff beschäftegen an no der laanger Paus

sech dann nees op d’Schaffen an der Schoul konzentréieren a sech erëm selwer motivéieren.

Net ze schwätzen vun de sëlleche Problemer vun de Schoulinfrastrukturen: a ville Schoule feelt de Préau couvert wann et reent, etc., ouni lo wëllen am Detail dorop anzegoen.

Famill.lu: Eng « Spillschoulsjoffer » seet op dësem Site : « Am Gespréich mat aner Aarbechtskollegen/innen bestätegt dat sech ëmmer erëm: d’Kanner si midd, opgedréint, iwwerfuerdert ». Gesitt Dir dat och esou? Wat sinn Ärer Meenung no d’Ursaachen?

Patrick Remakel: Jo, dat ass ganz oft de Fall, datt d’Kanner midd an iwwerfuerdert schéngen ze sinn.

D’Ursaach ass een ëmmer méi „programméierten“ Dagesoflaf. D’Schoulzäit an esouguer

d’Fräizäit gi vu vir bis hanne verplangt. Et gëtt keng Zäit méi, wou d’Kand Rou fënnt, fir sech mat sech selwer ze beschäftegen, ouni vu baussen eppes ofverlaangt oder obgedrängt ze

kréien. Dat kennt awer och duerch eis ëmmer méi hektesch Gesellschaft. Et ass keng „Zeit für Muße“ méi do fir d’Kanner.

Famill.lu: Wat ass Ärer Meenung no, déi heefegst Ursaach vum “décrochage scolaire”?

Patrick Remakel: Et gi ganz vill Ursaache fir en Décrochage scolaire. Eng vun den Haaptursaachen ass sécherlech awer déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an déi heterogen Zesummesetzung vun der Schoulpopulatioun.

Dobäi kommen dann och nach d‘Schwieregkeete bei der Integratioun vun de Kanner am Schoulsystem, wann een zum Beispill d’Situatioun vun de Primo-arrivants hëlt.

Eng aner Realitéit ass awer och, datt d’Programmer net méi der haiteger realer Schoulsituatioun entspriechen.

Fait ass och, datt d’Schoul an d’Aarbecht, déi do gemaach gëtt, an der Allgemengheet net

méi genuch unerkannt an ënnerstëtzt gëtt.

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *