Zäit hunn fir d'Kanner

Zäit hunn fir d’Kanner

Investissement an d’Zukunft

Dass déi éischt 3 Joer fir e Kand determinant sinn, soen net nëmmen d’Psychologen, mä och, z.B. e groussen Economist: den James Heckmann, Enseignant op der Universitéit zu Chicago, Nobelpräis, huet sech mat der klenger Kandheet ausernee gesat. Kléngt komesch? Hie seet, dass dat bescht fir d’Economie, d’Investissement an d’Kanner ass. Den Mammen soll gehollef ginn, gutt Mammen ze sinn, well dat wat e Staat elo an d’Familljen investéiert, huet en e puer Joer duerno gespuert.

Hien huet Kanner observéiert, déi aus sozial schwaachen Milieue kommen an hien seet, wann een d’Leit kuckt: déi eng kommen aus den äermsten Milieue a komme weider, anerer net. Firwat? Ma well se eng Persoun, eng Mamm, eng Groussmamm, een ronderëm sech haten, deen sech intensiv ëm si bekëmmert hat, wéi se kleng waren.

Parents need help, and their children will suffer if they don’t get it. Society will pay the price in higher social costs and declining economic fortunes.“

Et gëtt jonk Elteren, déi ze vill iwwerfuerdert, ze vill eleng sinn, an dann ass et um Staat fir se net nach méi eleng ze loossen. De jonken Elteren muss an hirer Tâche gehollef ginn. Et mussen Méiglechkeeten gebuede ginn, fir dass d’Elteren sech kënnen tëschent Famill a Beruff esou andeelen, dass se wierklech fir hir d’Kanner disponiblel kënne sinn.

A fir déi, déi eng Zäit nëmmen wëllen fir hir Kanner do sinn, sief dat d’Mamm oder de Papp, hinnen och eng Allocatioun zur Verfügung stellen an se lues a lues nees an d’Aarbechtswelt begleeden.

Dass d’Elteren och genuch Moyene hunn fir hir Kanner kënnen anstänneg z’erzéien.

An duerfir maache mer Iech nach eng Kéier op d’Petitioun opmierksam:

Unerkennung vun der Wichtegkeet vun den Elteren an den éischten Joeren an Ënnerstëtzung fir hir Erzéiungsaarbecht

Ënnerschreift se, wann ech gelifft, an invitéiert all déi, di Der kennt, dat selwecht ze maachen.

Et muss een emol déi Temoignagen liesen, déi e puer Educatricen, a leschter Zäit op dësem Site geschriwwen hunn. Konditiounen beschreiwen se, déi weder schéin fir d’Kanner, nach fir d’Personal sinn.

D’Investissement an d’Zukunft vun eise Kanner muss op e puer Niveauen lafen an net nëmmen an eng eenzeg Richtung. D’Investissement an d’Familljen ass och en Investissement an d’Zukunft.

Isabelle Schmit-Mines

07.03.16

 Liest och :

Den Opruff vun enger Erzéierin : en Temoignage

Stress ouni Enn, en Temoignage vum Myriam Waringo, Chargée de cours

Wiert Iech! Vum Myriam Waringo

D’Interview vum Jutta Lux-Hennecke: e grousst Interview, wat mer op 4 Säiten agedeelt hunn:

« Di wäertvollst Aufgab« ; « Preparéiere mer eng krank Gesellschaft?« ; « Nivellement vers le bas?« ; « Décrochage scolaire« 

 

An nach aktuell Sujeen:

 Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir, vum Sarah Bock

 Mamm doheem: emouvant Aussoen vum Claudine, eng jonk Mamm doheem  Den Text vun der Petitioun: Unerkennung vun der Wichtegkeet vun den Elteren an den éischten Joeren an Ënnerstëtzung fir hir Erzéiungsaarbecht

 

1 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *