joliemamanok1De Kanner hir Plaz ërëmginn

« Das Verhalten der Kinder klingt wie ein Hilfeschrei« , dat sinn d’Wierder vum Jutta Lux-Hennecke, Präsidentin vun der Fapel am Interview op dësem Site.

Als Präsidentin vun der Fapel (Fédération des Associations de Parents d’élèves du Luxembourg), gesäit d’Jutta Lux-Hennecke, wéi d’Kanner haut esou oft ënner enormen Stress leiden, wéi se oft verluer sinn, wéi se oft keen Halt spieren, an esou oft eleng eens musse ginn.

Dat sinn d’Ursaachen, firwat ëmmer méi Kanner verhaalensopfälleg sinn, dat sinn d’Ursaachen vun décrochage scolaire, vun Selbstmord vu Jugendlecher, vun deene mol oft net geschwat gëtt.

D’Kanner sinn net am Mëttelpunkt, Kannererzéiung ass net als prioritär Aufgab fir d’Elteren declaréiert ginn.

Duerch Gespréicher mat Proffen, Schoulmeeschteren, Educateuren, duerch hir Temoignagen a Commentairen gi mer eis elo bewosst, dass nees muss ëmgeduecht ginn, dass d’Engagement vun den Elteren fir hir Kanner, liewenswichteg fir si, a finalement fir eis Gesellschaft ass. An dat Engagement brauch eben vill Zäit. Dee Facteur war vergiess ginn…

Ouni di zolitt Bindung, ouni dat géigensäitegt Vertrauen, tëschent de Kanner an hiren Elteren ass fir d’Kanner, d’Liewen sënnlos. An dat bréngt Konsequenzen, déi net ofzeschätzen sinn.

Duerfir ass et un der Zäit, anzegesinn, dass Erzéiung eng wichteg, eng wäertvoll Aufgab ass, déi et verdéngt, nees unerkannt ze ginn.

Den Appel vum Jutta Lux-Hennecke riicht sech un eis alleguerten: d’Elteren, d’Gesellschaft, d’Wirtschaft, d’Regierung.

« Lasst die Kinder Kinder sein! Ein Kind ist kein kleiner Erwachsener. Jedes Kind hat ein Recht auf Eltern, auf Fürsorge und auf Wertschätzung. Es liegt in unserer Hand, das entsprechende Umfeld für eine positive Entwicklung zu schaffen. Dem Staat obliegt es, die Familien entsprechend zu unterstützen, denn die Kinder sind die Zukunft unserer Gesellschaft. « , seet se.

Esou wéi et och an der Petitioun Nr 604 gefrot gëtt: « Unerkennung vun der Wichtegkeet vun den Elteren an den éischten Joeren an Ënnerstëtzung fir hir Erzéiungsaarbecht« .

Ënnerschreiwt se séier an invitéiert och all Är Frënn, Bekannten, an och Är Kanner, wann se 15 Joer hunn, dat selwecht ze maachen. Et geet ëm eis Kanner, et geet ëm eis alleguer.

Isabelle Schmit-Mines

29.02.2016

D’Interview vum Jutta Lux-Hennecke: e grousst Interview, wat mer op 4 Säiten agedeelt hunn:

« Di wäertvollst Aufgab« ; « Preparéiere mer eng krank Gesellschaft?« ; « Nivellement vers le bas?« ; « Décrochage scolaire« 

 

An nach aktuell Sujeen:

 Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir, vum Sarah Bock

 Kritt keen eppes ewechgeholl?, Tanja, eng jonk Mamm: Familljepolitik gesäit anescht aus

 Mamm doheem: emouvant Aussoen vum Claudine, eng jonk Mamm doheem

 Stress ouni Enn, en Temoignage vum Myriam Waringo, Chargée de cours

Dagesmammen, keng Unerkennung? En Interview mam Stella Falkenberg iwwer dPetitioun, wou d’Dagesmammen eng méi grouss Unerkennung solle kréien.

 

 Den Text vun der Petitioun: Unerkennung vun der Wichtegkeet vun den Elteren an den éischten Joeren an Ënnerstëtzung fir hir Erzéiungsaarbecht

3 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *