claudineMamm doheem

Interview mam Claudine

« Ech sinn d’Claudine, 39 Joer aal, säit 5 Joer bestuet an Mamm vun 2 Kanner. Eist Meedchen huet 4 Joer an den Bouf kritt seng 2 Joer nächsten Mount. Ech sinn lo säit baal 3 Joer doheem an hunn virdrun als Infirmière an der Klinik geschafft. »


Famill.lu: Dir sitt eng jonk Mamm: wat huet Iech beweegt, d’Decisioun ze huelen, doheem ze bleiwen?

Claudine: Ech sinn nom éischte Kand, 6 Méint an den Congé parental gaang an hunn dun rëm 50% als Infirmière geschafft, d.h., Fréischichten, Mëttegschichten an zum Deel Nuetsschichten. Am Ufank war ech frou rëm schaffen ze goen an eppes aneres ze gesinn, mä et war och vill ze organiséieren. Mäi Mann huet och Schichten geschafft an mir hu gekuckt vir ëmmer laanchteneen ze schaffen, sou datt eist Meedchen just puer Stonnen huet missen bei der Bomi sinn. Schonn no puer Méint hat ech ëmmer méi Schwieregkeeten vir eist Kand fort ze ginn, vir schaffen ze fueren, ech hun oft gekrasch, konnt net méi vill iessen an och eist Meedchen huet oft gekrasch wann ech schaffen gefuer sin… Ech war net glécklech mat der Situatioun, suguer meng Aarbecht huet mer kee Spaass méi gemaach obwuel ech mäi Beruff gären hunn. Ech hunn no mengem Kand verlaangert an hat ëmmer dat Gefill, et am Stach ze loossen, ech wollt mech méi intensiv ëm et këmmeren an fir et do sinn. Sou koum et, datt ech vill mat mengem Mann dodriwwer geschwat hunn, wéi onglécklech ech wier, well ech mech net ëmmer konnt ëm eist Kand këmmeren. Mir hunn eis zesummen gesat an vill gerechent vir ze kucken op ech iwwerhaapt kéint doheem bleiwen an, well et eis méiglech war, hunn ech mer dun mol als éischt, Congé sans solde ugefrot an du gekennëgt.

Famill.lu: Wat sot Der deene Leit, déi fannen, doheem bleiwen, dat ass fir di Liddreg?

Claudine: Een deen behaapt, datt eng Hausfra oder e Hausmann liddereg ass, deen huet absolut keng Ahnung, wat een doheem alles mécht. Ech stinn Moies matt de Kanner op, si ginn ugedoen, mir drénken Kaffi all zesummen, oft mat mengem Mann zesummen an dono gëtt ofgeraumt an gespullt. Probéieren dat alles mat de Kanner zesummen ze man an si sinn och frou vir ze hëllefen. Mir kucken zesummen, wat mer den Dag alles man, deemno wéi een Dag, bréngen ech, mam Bouf zesummen, eist Meedchen an den Précoce, well hatt do puer Stonnen ugemellt ass. De Rescht vum Dag spillen mer vill zesummen, ginn spazéieren, molen, bastelen, sangen oder baaken zesummen an niewenbäi man ech meng Aarbecht nach, wi kachen, wäschen, botzen, raumen etc. Owes iessen mer rëm all zesummen, och mat mengem Mann an dann spillt hien och nach bëssen mat de Kanner, ier se dann rëm schlofe ginn. Ech hunn mech nach keen Dag gelangweilt an ech kann soen, datt ech Owes méi midd sinn, wi wann ech geschafft hätt op menger Aarbecht, obwuel déi och ustrengend war. Wann een wierklech sech mat de Kanner beschäftegt, dann ass dat ganz schéin ustrengend, awer och flott, well si sou vill Froen hunn an alles aus enger anerer Siicht gesinn wéi mir Erwuessener. Ech probéiren hinnen villes bäizebrengen mä ech léieren och vill vun hinnen!

Famill.lu: Hudd Der net Angscht virun der Zukunft, well ëmmer vun de Scheedungen geschwat gëtt an d’Fraen wären abemol eleng?

Claudine: Wien huet net Angscht virun der Zukunft? Scheedungen kënnen ëmmer virkommen, mä wann ee bestuet ass, dann muss een mol durch Héichten an Déiften goen, mä et däerf een och net beim klengsten Problem opginn, a fortlaafen. Ech denken eben grad, well sou vill Fraen onofhängeg sinn, gëtt et méi Scheedungen, well keen méi op deen aneren ugewisen ass. Et besteet natierlech e klengen Risiko wann een sech ganz vum Partner ofhängeg mécht, mä et huet een jo di Méiglechkeet weider an Pensiounskeess anzebezuelen vir net ze vill vun der Pensioun ze verléieren an och méi spéit rëm schaffen ze goen wann d’Kanner méi grouss sin.

22.02.20216

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

5 thoughts on “Mamm doheem

  • 24 février 2016 à 14 h 33 min
    Permalink

    All Respekt fir eng Mamm, déi dat mécht. Ech war och 13 Joer doheem bei mengem Meedchen.Mir hunn an deenen Joeren nei gebaut, hunn awer och op villes verzicht mäech bereien keng Minutt dervun, wou ech bei mengem Kand bliwwe sinn. Et géng och bei aner Familljen goen, wann een op bessi Luxus géng verzichten.

    Répondre
    • 1 mars 2016 à 9 h 21 min
      Permalink

      Genau dat soen ech och, sin säit 20 Joer heiheem (muss zwar dozou soen, dass ech an eisem Bauerenbetrieb de Büro man), mir hun och op villes verzicht, an 21 Joer am ganzen 3x eng Vakanz, mir haten eisen Auto 17 Joer ier mir een neien kritt hun, etc., an awer géif ech et ëmmer d’selwecht man. Et as esou schéin wann een Kanner (4 mëttlerweil am Alter zwëschen 21 an 14) huet, déi bal all Dag soen dass si esou frou sinn dass ech doheem sinn, wann si aus der Schoul kommen. Et as nit dat matériellt wat am Liewen zielt, ob een esou ee schéint Haus huet oder esou een décken Auto wéi den Noper oder 2x am Joer an d’Vakanz geet, déi neiesten Technik doheem huet etc., d’Kanner sinn méi glécklech wann hier Mamm oder hieren Papp doheem bei hinnen ass. An dat Gléck vun mengen Kanner as mir dat wichtegst.

      Répondre
  • 24 février 2016 à 20 h 12 min
    Permalink

    Genee esou maan mir et och!
    Sin sait 5 Joer doheem, hunn e Kand vun 4 an eent vun 3 an hun mech nach ni och nëmmen eng Minut doheem gelangweilt.
    D’Kanner braucheen een sou vill an deenen éischte Joeren et ass an mengen Aan essentiel wichteg, dass een vun den Elteren do ass! Ech denken daat dréit zum gesonde Mënscheverstand bai wann een an senge Grondsténg déi Rou a Sécherheet kann vermierken an een net brauch Angscht an Verlaangeren auszestoen an dat oft ze vill Stonnen den Daag..!
    Hoffen eiser Regierung gëtt daat na kloer well menger Meenung no sin mer mat dësem System um Holzwee.
    Ee Mensch deen et net geléiert gëtt waat et heescht Gebuergenheet a Famill ….ze hunn, ass kann dës Waerter och net weider gin..!
    Wat fir eng Gesellschaft welle mer eis do opbauen Madamen an Haeren Ministeren?
    Soll et effektif kee Vertrauen méi an Bestiednisser ginn oder an de Familljen, ee Prinzip, wéi et en sait Joerdausenden gëtt!?

    Répondre
  • 9 mars 2016 à 15 h 51 min
    Permalink

    Ech fannen et traureg, dass um Dag vun de Fraen, et ëmmer ërëm ëm Macht geet. Ass dat, dat eenzegt, wat eis Fraen ausmécht, dass mer elo onbedéngt wëllen staark sinn, « Power Fraen », wéi een haut seet? An dann muss een sech emol froen, ob d’Männer dat gären hunn, wann esou streng Fraen rondërëm si sinn. An da wonnert een sech wann se dann emol sech komesch behuelen.
    Charme, Frëndlechkeet, sinn dach Atouen, déi mir kënnen weisen. Ech hat ob alle Fall nach ni e Problem, au contraire: ech sinn ëmmer als Fra respektéiert ginn an ech hunn et gären, wann ee mech virléisst, oder mir an de Mantel hëlleft. Almoudesch? Villäicht, mä et huet och seng Avantagen!

    Répondre
  • 28 février 2018 à 19 h 11 min
    Permalink

    Ech sinn all Kéier frou, wann ech aus der Schoul kommen a meng Mamm ass doheem. Mir schwätzen zesummen ier ech léiere ginn. Heiansdo, wann se net doheem ass, ass alles esou eidel a roueg, Ech hunn dat guer net gären.

    Répondre