Stella Falkenberg

Stella Falkenberg

Famill.lu: Dir sidd Dagesmamm: wéi vill Kanner betreit Der an wéi een Alter hunn se?

Stella Falkenberg: Ech hunn am Ganzen 9 Kanner ënner Vertrag. Dat Jéngst huet réischt 2 Méint an befënnt sech nach an der „Angewöhnungsphas“, déi ech no dem Berliner Modell an no dem perséinlechen Bedarf vun Mamm an Bébé maan.

Berliner Modell:

(http://www.kita-fachtexte.de/uploads/media/KiTaFT_Braukhane_Knobeloch_2011.pdf)

Dann hunn ech eent vun knapps 2 Joer, eent vun 3, dat geet an de Précoce, eent vun knapps 4, dat kënnt bei mech, well d’Mamm keng Betreiungsplaz an hierem Duerf fonnt huet, sou dass d’Kand net hätt kinnten an de Précoce goen. Dann hunn ech nach 2 Geschwëster vun 4 (Spillschoul) + 8 Joer (2. Klass Primärschoul). Da kënnt nach ee Kand vun enger Léierin bei mech, dat huet 6 Joer an geet nach an d’Spillschoul. Dann nach 2 Geschwëster vun 6 (1. Klass Primärschoul) an 8 Joer (2. Klass), vun Grenzgänger ouni Chèque-Service, d.h., si bezuelen de volle Präis.

Ok, mol resuméieren fir d’Statistik ;-) :

1 Bébé vun 2 Méint = 0 Joer ; 1 Kand vun 2 Joer; 1 vun 3 Joer; 2 vun 4 Joer; 2 vun 6 Joer;

2 vun 8 Joer an dann nach eis eegen Kanner vun 10 an 11 Joer.

Ganz wichteg ass dobäi, datt ech zwar 9 Kanner ënner Vertrag hunn, ech mech awer sou arrangéiere muss, dat ni méi ewéi 5 Kanner zesummen op der Plaz sinn. Dat ass vum Ministère sou virgeschriwwen an dodrun halen ech mech ganz genee. Lo souwisou, well ech mir mat mengem Reklamatiounsbréif mat Sécherheet keng Frënn gemeet hunn…

Famill.lu: Wéi ass d’Atmosphär tëschent de Kanner, mat Iech, mat den Elteren?

Stella Falkenberg: Bei mir ass d’Atmosphär ganz entspaant, well ech mir – doduerch dat ech selbstänneg sinn – « d’Clienten«  aussichen kann. Dat heescht lo net, ween méi bezuelt kritt d’Plaz! Ganz am Géigendeel. Et muss alles passen.

Ech kucken an enger éischter Phas réischt mol, ween sinn d’Kanner, ween d’Elteren, an do geet et bei mir och vill iwwert Sympathie, mä dat op béide Säiten. Wann een sech net sympathesch ass, dann schafft een normalerweis och net sou gutt zesummen. An fir mech ass et extrem wichteg, datt d’Elteren sech ugeholl fillen an mierken, datt ech si als Erzéiungspartner ugesinn an net als « Konkurrenz » op dem Gebitt. Si mussen sech och mat mir wuel fillen an dat kréien ech spéitstens beim Informatiounsgespréich mat. Dann kucken ech natierlech och, ob d’Kanner mech « cool«  fannen! Wa mer no der éischter halwer Stonn, schonn mateneen laachen kënnen, dann ass d’Äis séier gebrach.

An enger zweeter Phas kucken ech, ob d’Kanner am Grupp ënnereneen eens ginn an sech verstinn. Wann do schonn Spannungen optrieden, dann ass et méi schwiereg, mä net onméiglech. Eent vun menge Kanner war z.B. ugangs immens schwiereg, gouf oft rosen, huet sech selwer geknuppt, etc. Ech hat dann matt den Elteren ee méistënnegen Klärungsgespréich an si soten mir, d’Kand huet eng traumatesch Erfahrung gemeet.

Well ech mech op fréitraumatiséiert Kanner an Scheedungskanner souwéi op „schwéier erzéibar Fäll“ http://symptomat.de/Verhaltensstörungen

spezialiséiert hunn, krut ech awer no ca. 3 Woch Zougang zum Kand an elo, duerch eist Schaffen matenneen, kann een, salopp soen, „dat Kand huet elo kee Problem méi« .

Net falsch verstoen, mä d’Kand huet sech super integréiert am Grupp obwuel d’Grupp ugangs ganz vill Theater gemeet huet an si wollten d’Kand raus hunn aus dem Grupp. Mä ech hunn mat hinnen allen zesummen geschafft an elo wëllen si d’Kand net méi fort loossen.

Ganz wichteg bei menger Aarbecht ass och den Zäitfaktor fir Gespréicher. An enger Struktur ass et oft hektesch an d’Personal huet keng Zäit fir sech uerdentlech mat den Elteren ze ënnerhalen. Ech huelen mir Zäit wann et noutwendeg ass an dann kann et och mol sinn, datt en typeschen Dier-an-Angel-Gespréich, wann d’Elteren hiert Kand siche kommen, eng hallef oder eng Stonn ka ginn. Dat kënnt natierlech ëmmer op d’Situatioun un an firwat een sech wëll a muss austauschen.

Ech mengen, datt souwuel d’Elteren, déi Kanner bei mir hunn, an och d’Kanner selwer, frou mat mir sinn, a gären bei mech kommen. Soss hätten schonn vill vun den Elteren, déi, fir si, méi bëlleg Versioun vun Strukturen gewielt. D’Ongerechtegkeet: eng Analyse

o8.02.2016


1 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *