Wat brauch e Kand?

Wat brauch e Kand wierklech?

Fäerdeg mat de Nerven

Si hunn d’Liewen nach virun sech“, sou gëtt allgemeng fir d’Kanner gesot.

Sou misst et och sinn. Mä haut gesi mer de Contraire. All Dag héiere mer vun Kanner, déi elo schonn, a klenge Joeren un hirer Limite ukomm sinn.

Eng Educatrice huet an engem Lieserbréif op RTL*, di lescht Woch gesot, dass d’Situatioun dramatesch ass.

Kleng Kanner, déi all Dag an enger Betreiungsstruktur sinn, opgedréint sinn, well se mat ze vill Kanner beieneen sinn, well se dauernd dem Kaméidi ausgesat sinn. Well se sech ni kënnen e bësschen distanzéieren vun dem Rummel ronderëm. Well si ni dat kënne spillen, wat se wëllen, well se oft vun Moies fréi bis Owes, ouni hir Mamm, ouni hire Papp sinn. An dat ass en enorme Stress fir si: net däerfen bei deene Mënschen ze sinn, déi se am allerléifsten hunn. Fir e Kand sinn seng Elteren a seng Geschwëster, déi wichtegst Leit op der ganzer Welt. „Le bonheur, c’est d’être avec ceux qu’on aime“, sot de François Lelord, an sengem Buch „Le voyage d’Hector ». Awer dat ass hinnen net vergonnt an dat zerbrécht se.

All Joer halen hei am Land ëm di 1.600 Schüler, einfach esou mat der Schoul op. Firwat? Well se mat engem Joer, kee Franséisch geléiert hunn? Ech mengen net. Am Fondamental hunn se oft emol keng Basis, well d’Hausaufgaben an aller Hetz gemaach ginn, oft esou spéit, dass si an hir Elteren iwwermidd sinn.

De Problem sëtzt ganz déif. Si hunn einfach keng Loscht méi. Ze vill hunn se schonn matgemaach an si si midd, ganz midd. Wann keen e jonke Mënsch opfänkt, mä hien vill eleng léisst, him keng Perspektiv gëtt, dann ass et schwéier fir hien, sech op eppes ze konzentréieren, jo, sech ob eppes ze freeën. Mir sinn a leschter Zäit oft gewuer ginn wat mat de Jugendlechen geschitt, déi net opgefaange ginn, no deene kee kuckt. Wéi vill där Dramen wëlle mer dann nach? Vun engem Psycholog hunn ech gehéiert, dass och esou vill Jonker ob der Streck bleiwen, well se net mat Zäit eng psychologesch Hëllef kréien. De Budget ass reduzéiert ginn…

Mir brauchen fir d’Zukunft, kreativ jonk Leit, déi gären eppes bewierken, déi gären mat Iddien jongléieren. Mä duerfir mussen se eng gewësse Sécherheet hunn, an och eng gewësse Freed um Liewen. Déi fannen se awer nëmmen, wann se Mënschen ronderëm sech hunn, déi hinnen och Vertrauen a Sécherheet entgéint bréngen.

Fäerdeg mat de Nerven sinn och d’Educatricen an de Maison-relais. Dat koum och aus dem Lieserbréif vun RTL eraus. Jonk Leit, déi frou sinn mat de Kanner, de Beruff als Educatrice oder Schoulmeeschter, resp. Léierin gewielt hunn, ginn decouragéiert, well se mierken, dass se de Kanner net kënnen gerecht ginn, sech net genuch kënnen ëm si këmmeren, dass et ëmmer méi verhalensopfälleg Kanner gëtt.

Fäerdeg mat de Nerven sinn och vill Elteren, well dat wat vun hinnen verlaangt gëtt, net méiglech ass, esou wéi hei alles organiséiert ass. Vill schaffen fir iwwerhaapt iwwer d’Ronnen ze kommen an deem deiere Land, seng Kanner a säi Stot propper hunn, an dann nach, esou wéi den Här Meisch gesot huet, mat de Kanner liesen, hinnen Geschichten virliesen: a wou huele mer dann d’Zäit hir?

An da brauch „nëmmen » esou eppes fir ze kommen, wéi a Frankräich, dann geet guer näischt méi weider. Kanner an Elteren, déi sech kaum nach gesinn, well d’Elteren nach dobäi, am Stau bloquéiert sinn.

D’Madame Ministesch hat gesot, am Kontext vun de Flüchtlingen: „Aufgabe der Politik ist es, die Fragen und Sorgen der Menschen ernst zu nehmen. »

Gëllt dat net och fir eis hei, fir d’Awunner vun dësem Land? Sinn dat keng Suergen, wann ee gesäit, dass kleng Kanner net an idealen Konditiounen opwuessen? Wann d’Elteren et kaum nach packen? Wann d’Elteren sech vun der Politik am Stach gelooss spieren? Ganz schlëmm ass et, wann duerch d’Politik, et den Elteren ëmmer méi schwéier gemaach gëtt, sengen Kanner, dat ze ginn, wat se brauchen.

Eng Regierung muss et kënnen fäerdeg bréngen, och d’Realitéit vum Alldag ze verstoen. An de Mënschen dobäi behëlleflech sinn, se ze meeschteren.

Et gëtt héich Zäit, dass d’Politik de Courage huet, sech unzehéieren, wat d’Leit um Terrain soen. Well et sinn si, déi Dag fir Dag d’Ongléck gesinn, dat hei verbrach gouf.

Musse mer wierklech waarden, bis dass all Kand duerchgedréint ass, fir dass eppes changéiert? Dréngend ass den Appel un d’Politik fir d’Suergen vun de Kanner a vun all deenen eescht ze huelen, déi mat de Kanner am Alldag ze dinn hunn. Ier alles hei explodéiert!

Isabelle Schmit-Mines

30.11.2015

Liest och an dësem Kontext:

Missstände bei Luxemburgs Fremdbetreuung, vum Marie-Andrée Faber

* Wat di mer eise Kanner un???, e Lieserbréif vun enger Erzéierin

Dat stommt Leiden, vum Sarah Bock

Burnout vun de Mammen, SOS vun den Educateuren, en Interview mam Marianne, Educatrice

De Staat als Elteren?

D’Einsamkeet vu Jugendlecher, vum Sarah Bock

Enfants heureux ?

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

4 thoughts on “Fäerdeg mat de Nerven

  • 30 novembre 2015 à 21 h 02 min
    Permalink

    Lo kommen Resultater vun Crèche- an Maison Relais no Joeren. Et ass schro wéi Kanner vun moies frei bis owes speit ënnerwee sin a keen vun den Elteren gesin. Dobai kennt nach Schoul wou ëmmer méi fréi ugefaang get mat léieren an dat schon an der Spillschoul! Woubai et soll jo awer eng Spillschoul sinn, mussen Kanner hieren Numm grouss a kleng schreiwen kennen. Bis x zielen kënnen. Ech héieren sou oft bei der Schoul dat Kanner net wëllen an d’Schoul goen, se moies Bauch wéi hun, kreischen a.s.w. . Politik misst mol ob den Terrain goen an sech muncher Misere ukucken a lauschteren. Loost Kanner Kanner sinn, well och am Primär se vill zevill op Box hunn, dat se bis Owes spéit Aufgaben hun. Jeje wou gin mer hin…

    Répondre
  • 1 décembre 2015 à 6 h 53 min
    Permalink

    32 St Woch fir jidereen anstatt Cheque service. Giff AArbechtsplaze schaafen a preventif maner Kanner, Schüler depressiv an um Enn mat de Nerven wieren.

    Répondre
  • 1 décembre 2015 à 14 h 23 min
    Permalink

    Ech hun och baal 10 Joer an enger Maison-relais geschafft a mäin Beruf gäeren gemach. Awer ech ging et ni méi machen an mäin eegent Kand och ni dohinner schécken. An dat läit net um Personal!!!! Net un der Infrastuktur, mä un dem wat virgeschriwwen ass vum Ministär.
    Och wat eisen Schoulsystem ugeet, ginn et haut sou vill Erkentnisser aus allen Beräichre, déi weisen, dass eisen ganzen System vun hannen bis vir falsch as.
    Wien interesséiert dorun ass, e ganz interessanten an wonnerbaren Léisungswee ze entdecken, dee sollt dat heitent Buch mol liesen, eigentlech sollten eis Ministeren dat mol liesen, an all Educatricen, Schoulmeschteren an Jofferen och. Vielläicht kléngt et utopesch, awer schlëmmer wéi dat wat mir lo hunn, kann et net méi ginn fir eis Kanner. An heiansdo hëlleft schon nëmmen mol en aneren Bléckwenkel ze kréien.

    https://de.wikipedia.org/wiki/Anna,_die_Schule_und_der_liebe_Gott

    https://de.wikipedia.org/wiki/Anna,_die_Schule_und_der_liebe_Gott

    Répondre
  • 1 décembre 2015 à 15 h 14 min
    Permalink

    Der Regierung d’Schold ze gin an vun hinnen fuerderen ass fir mech utopesch. Eis (kapitalistesch) Gesellschafft Weltweit huet zu dësem Drama geféiert. Mir mussen schaffen, Steieren bezuelen, Loyer oder en eegent Haus finanzéieren, Auto(en) kaafen, an d’Vakanz fueren … an an an. Och eng Koppel soll sech mol d’Fro stellen, ob ee Kand iwerhaapt soll an denen Konditiounen opwuessen? Prioritéiten missen och gesat gin! Wëll een wierklech 2 Autoen an drei mol am Joer an d’Vakanz fueren? Natierlech trëfft dat net jiddfereen, et geët och Familljen, die mussen schaffen well ee Mindestloun alléng geet net duer. Ech gesin awer och ganz vill däer anerer Menschen, grad hei an eisem Ländchen, déi mat engem décken Auto hier Kanner moies fréi an d’Maison Relais fueren an Owes kënnt dann den aneren Elteren Deel, ëennt et dann Owes mat dem zweeten décken Auto sichen … Mir als Gesellschaft hun die do Situatioun créeiert an méi Maison Relaiën gefuerdert, an méi fiananziell Hëllef vum Staat gefrot a Form vun Chèque repas … mir, die Gesellschaft hun vun Ufank un net dat Richteg gefrot (manner Stonnen Aarbecht) … a blaméieren elo de System … maä ween as « de System »? Zäit fir ëmzedenken … Zäit fir nozedenken! Zäit fir ze handelen.

    Répondre