<< Am Package matt geliwwert gëtt dann och d’Genderideologie, déi net, wéi laang fälschlecherweis gemengt ginn ass, un enger legitimer Gläichstellung vu Mann a Fra interesséiert ass, mee un der Konfusioun vu weiblech, männlech an anere Kombinatiounen. De Mënsch gëtt net als Meedchen oder Jong gebuer, mee „jiddfer*eng“ soll decidéieren, ob e Meedchen oder Jong wëll sinn, oder soss eppes. D’Begrëffer „Mamm“ a „Papp“ verschwannen elo schon aus dem état civil. Ech warden drop, datt Mammendag a Pappendag zu engem „Elterendag“ fusionnéieren, et sief dann e Mann däerf „Mamm“ genannt ginn. Polyamorie, dräi Pappen, zwou Mammen a ee Papp, asw., si gläichwäerteg Modeller. Firwat gëtt net vill Ophiewes ëm dës Revolutioun gemaach? Eng Revolutioun, déi am leschte Joerhonnert jo kaum ee fir méiglech gehal hätt. Firwat wiert kaum een sech dergéint?

Bon, et gëtt Leit, déi dat do wëllen an et dofir als eng grouss Befreiung begréissen; menger Meenung no awer eng Minoritéit.

Da gëtt et déi, déi zwar skeptisch sinn, awer sech net wëlle soe loossen, datt se net mat der Zäit ginn.

Eng drëtt Kategorie sinn déi, déi wierklech keng Zäit hunn sech domat ze beschäftegen, an der Schoul, wéi iwwregens och der UNO an hiren Ënnerorganisatiounen guttgleeweg vertrauen. „Déi vun der WHO si jo bestëmmt seriö a kompetent, oder? An si formuléiere sou schéin, fein a gediegen.“ – Wéi eng „Spezialisten“ an Experten sech do breetgemaach hunn, ween hei d’Fiedem zitt a Geld dran investéiert, wëssen déi wéinegst. (Do misst mol eng genee Enquête gemaach ginn). Och d’Staate bezuele brav, an d’Gesondheets- an Educatiounsministäre si frou wa se d’Rad net nei mussen erfannen, wa se fäerdeg Rezepter geliwwert kréien, a begeeschtert LGBTIQA+ Organisatiounen kënne gewäerde loossen.

Schliesslech kënnt dobäi, datt d’Leit sech net trauen, sech ze wieren; ech selwer hu mech scho bei der Autozensur erwëscht.

André Grosbusch

Stëll Revolutioun an der Sexualerzéiung“.>>

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *