Di jonk Leit ginn hei am Land wéineg ënnerstëtzt

Di jonk Leit ginn hei am Land wéineg ënnerstëtzt

Burnout vun de Mammen, SOS vun den Educateuren

Begéinung mat enger Educatrice aus enger Crèche: Marianne (Numm vun der Redaktioun geännert)

Marianne, huet sech eppes geännert an deenen leschte Joeren?

Säit de Chèque-Service agefouert gouf, huet sech ganz vill geännert.

Vill Elteren hunn dunn erausfonnt, dass et méi bëlleg ass, hiert Kand an der Crèche iessen ze loossen, wéi doheem ze kachen.

Wat geschitt? Mammen, déi doheem sinn, Zäit hätten sech em hir Kanner ze këmmeren, schécken hir Kanner an d’Crèche. An dat dierft net sinn! Déi Kanner spieren ganz genee wann si doheem stéieren, ze vill sinn an net bräichten an d’Crèche ze goen. An dat sinn déi Kanner déi net frou sinn.

Well déi Elteren verléieren ganz schnell de Kontakt zu hire Kanner, sou dass se vun eis verlaangen, ëmmer méi Aarbechten ze maachen, déi si eigentlech missten maachen. Dat geet bis dohinner op mir dann kinnten de Gebuertsdagskuch baken!

D’Crèchen missten reservéiert sinn fir déi Leit déi schaffen. Well déi Kanner spieren a verstinn ganz genee, dass hir Elteren se net einfach esou « ofginn ».

Da ginn et bestëmmt och Elteren deenen d’Häerz brécht wann se hir Kanner mussen an d’Crèche ginn.

Oh jo. An dat sinn déi Mammen déi iwwerfuerdert sinn. Si kommen midd heem vun hirer Aarbecht, si sinn am Stress, wëllen séier hir Kanner gesinn. Si wëllen doheem dann hire Kanner dat allerbescht ginn, déi kuerz Zäit déi se zesummen kënnen hunn, nach vir hir Famill do sinn. An duerno kënnt nach Hausaarbecht, wäschen, strecken, etc. An déi Mammen sinn iwwermidd, iwwerfuerdert an kréien ee Moment de Burn-out.

Dofir wär et emol endlech un der Zäit villes ze iwwerdenken.

Zum Beispill?

Zum Beispill deem Elterendeel, deen sech em d’Kanner këmmert eng Indemnitéit ze ginn, dass d’Kanner och doheem anstänneg z’iessen kréien an anstänneg kënne liewen. An dat iwwer 2 Joer eraus. Well d’Kanner brauchen hir Elteren, de Kontakt mat hiren Elteren. Egal wat se eis wëllen verzielen. An dat Investissement an d’Familljen géif net méi deier kaschten wéi déi enorm Käschten fir d’Crèchen.

An dann, d’Aarbechtszäiten. De Staat, d’Patronat missten méi Aarbechtsplazen schafen, wou 1/2 Deeg oder 3/4 Aarbecht ugebuede gëtt. Haut sinn jo vill Mammen déi gären schaffen, dat ass an der Rei. Mee et misst fir déi 2 Elterendeeler méi Flexibilitéit geschafe ginn. An dat muss och endlech vun der Gesellschaft unerkannt ginn.

An Är Aarbecht, Marianne?

Ech hunn meng Aarbecht gär, well ech d’Kanner immens gären hunn. An duerfir deet et mer Leed, wann ech iwwerleeen, wat vun eis als Educateuren verlaangt gëtt. Zum Beispill, vum Ministär aus, kréie mer ëmmer méi administrativ Aarbecht, sou dass mer fir d’Kanner heiansdo net méi déi néideg Zäit hunn, déi mer gären hätten.

Dobäi kënnt, dass mer ëmmer ganz vill Aktivitéiten mat hinnen mussen maachen. Dat ass jo eng gutt Saach, mee oft ginn d’Kanner iwwerfuerdert. Ech fannen, si missten onbedéngt och emol fräi kennen spillen, hir Phantasie goen loossen. Do gëtt hir Kreativitéit gefördert.

Well wat geschitt, wann d’Kanner ëmmer gesot kréien, wat se musse maachen? Spéiderhin kënnen se keng eegen Initiativ huelen, well se dat ni geléiert hunn. Hir Phantasie gëtt net entwéckelt well se se jo net gebraucht hunn.

Ech gesinn do eng Gefor, ob mer net méi Chômage doduerger kréien…

An d’Sproochen, wéi gitt Der mat deen verschiddene Sproochen eens?

Ma dat geet ganz gutt, wann jiddereen seng Mammesprooch schwätzt. Et wär falsch ze verlaangen, dass ech als Lëtzebuerger elo muss mat de Kanner franséisch schwätzen. An der Psychologie gëtt et en Ausdrock deen heescht: « le langage affectif ». Dat ass meng Sprooch, mat mengem Gefill, mat mengem Accent. An esou léieren d’Kanner eng Sprooch. Et musse een se net forcéieren. Et huet och kee Wert hinnen an der Crèche franséisch bäizebréngen, wann déi Sprooch an der Spillschoul net geschwat gëtt. Well dann verléieren se se. Si mussen jo mol eng solid Basis hunn an och hir Mammesprooch kennen.

Ech giff an der Crèche normal mat hinnen schwätzen, an dann am Précoce mat hinnen lues a lues un d’Sproochen erugoen. A schliisslech si mer hei zu Lëtzebuerg. Si sollen alleguer lëtzebuergesch kënnen. An herno an der Schoul, wär et ganz wichteg, di verschidde Sproochen mat hinnen ze schwätzen. Well d’Kanner léieren ganz schnell wann se ënner sech sinn.

Also, wat op alle Fall net däerf kommen, ass Gratis-Betreiung. Well dann verléieren d’Elteren ganz d’Beziehung zu hire Kanner an iwwerloossen alles de Crèchen.

Dann hunn d’Kanner guer kee Repère méi an dat gëtt fir d’Kanner an schliisslech fir d’Gesellschaft eng Katastrophe.

27.07.2014

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

3 thoughts on “Burn out

  • 1 août 2014 à 17 h 39 min
    Permalink

    zenter dat et déi berühmt Betreiungsstrukturen hun, ass ént vun mengen Uleies an mengen Liesebréiwer op t’Wichtegkét vun Mamm a Papp an der Erziehung hinzeweisen, an ech gin t’ Hoffnung net op.
    Nächstens schecken ech nés en Bréif un t’Wort, mam Titel¨ Familienpolitik gegen die Familie¨ an weisen op t’Petitioun nr.413 hin, vir déi ech schon vill Reklam a mengem Bekanntenkrés gemach hun.
    Marie-Andrée Faber

    Répondre
  • 24 septembre 2014 à 14 h 29 min
    Permalink

    Moien,
    Ech sin absolut averstaan mat den Aussoen vun deser Educatrice. Ech sin och eng vun deenen Mammen dei gezwongen sin schaffen ze goen fir iwwert d’Ronnen ze kommen an där d’Herz blutt wann se hir Kanner muss an d’Crèche brengen. Ech fannen et eng gudd Saach datt d’Fraen kënne schaffen goen, awer d’Betounung läit op kënnen an net mussen! Jidereen misst sech mol selwer froen ob en och vun klengem un hätt wëllen ofgeschubst gin bei Leit dei en mol net gudd kennt an dei een sech och net eraussiche konnt! Also ech wees datt ech daat als Kand net gudd verkraft hätt!!

    Mein eischt Kand war och an enger Crèche wou se gemengt hun se missten d’Kanner mat Aktiviteiten bombardéieren; Resultat: Mäin Kand huet just gekrasch fir dohinner an huet verweigert dohannen och nemmen ee Wuert se schwetzen. Elo as en an enger Beschcrèche, wou en vill Fräiheeten huet, an d’Fortschrëtter sin enorm! Et gëtt e Sprachwuert daat seet:
    « Ee Kand kann alles gin am Liewen wann et vir d’eischt mol eppes dierf sin an zwar E KAND einfach nëmmen KAND! »
    Daat solle mir all mol bedenken; et sin nëmmen Kanner dei sech net wieren kënnen an sech an daat Schicksal ergin waat mir hinnen virbereeden!!

    Carole

    Répondre
  • 2 septembre 2016 à 11 h 45 min
    Permalink

    Ech sinn selwer Mamm vun 4 Kanner, an immens frou driwwer dass ech kann bei mengen Kanner sinn an net brauch schaffen ze goen, ma domat huet eis Gesellschaft awer wahrscheinlech e Problem! Ech hunn schon méi wi eemol d’Froo gestallt krut, firwaat ech dann meng Kanner net an d’Maison Relais (iwwer Mëtteg) oder mäin Jengst an d’Crèche ginn, ech hätt jo awer och di puer Stonnen zegutt. An dat schlëmmst fannen ech, dass souguer Assistante socialen den Mammen et recommandéieren, fir d’Mammen sou ze soen « ze entlaaschten ». Et mécht mech einfach rosen, dass eng Mamm di sech em hier Famill këmmert an eens gëtt, duerch aner lidderech Mammen (Hausfraen) do steet, als wier si iwwerfuedert! Ok et ass villäicht net ëmmer schéin geraumt an picobello bei eis doheem, ma Meng Famill geet fir mech fir! Kanner brauchen keen super opgeraumtent Haus fir gléckleg ze sinn, ma en opgeraumtent Liewen, an daat kann net entstoen, wann een d’Kanner einfach oofschiebt!

    Répondre