Di jonk Leit ginn hei am Land wéineg ënnerstëtztD’Einsamkeet vu Jugendlecher

Ech schreiwen Iech, well ech mer Suergen maan ëm d’Kanner generell, déi hier Elteren quasi dee ganzen Dag net gesinn, an net wierklech eng Bezugspersoun an hirem Alldag hunn. Dat erliewen déi kleng Butzen an de Crèchen, déi ëmmer méi oft iwwerfëllt sinn, mä och meng Schüler déi schonn Teenager sinn, sinn ëfters dee ganzen Dag a Weekends op sech alleng gestallt.

Et ass net ze iwwersinn, dass speziell des Kanner ëfters schoulesch Problemer hunn. Se hu méi oft Problemer sech ze konzentréieren, se hunn ëfters den Drang sech vis-à-vis vun de Kollegen mussen ze beweisen, a maachen dann allméigleche Blödsinn fir wéinstens bei de Kollegen e bëssi ze punkten (wann dat doheem schonn net de Fall ass). Ech kéint eng ganz Rei vu Problemer opzielen deenen ech leschtens virun allem bei Kanner materlieft hunn déi am Alldag op sech alleng gestallt sinn. Dat heescht och wann d’Kanner keng Klengkanner méi sinn, (vläit vir un allem dann) brauchen si eng Bezugspersoun, am Beschten hier Mamm oder de Papp, oder béid am Idealfall, déi hinnen zur Säit steet.

D’Kanner mussen vun doheem aus an hire schoulesche Leeschtungen vun den Elteren ënnerstëtzt ginn, an d’Elteren mussen sech einfach e bëssi interesséieren fir dat wat d’Kanner an der Schoul maan. Am Alter wou d’Kanner esou 13/14 Joer hunn, tendéieren d’Elteren dozou ze mengen hier Kanner géifen hiert Liewen scho ganz alleng géreieren. Mä virun allem d’Pubertéit ass eng Zäit wou d’Kanner immens vill Ënnerstëtzung brauchen, och wann dat ‘nëmmen’ heescht dass hier Elteren doheem sinn wann se aus der Schoul kommen, a se froen wéi et an hirem schouleschen Alldag woar, a wéi et hinnen geet…

Ech soen den Elteren ëfters, dass ech net d’Impressioun hunn dass Schüler vun 14 Joer autonom sinn. Ganz am Géigendeel, an deem Alter gi se oft iwwerrannt vu ‘peer pressure’, onbekannte Gefiller fir dat anert Geschlecht oder dat selwecht Geschlecht, de schouleschen Drock wiisst etc. Dofir ass et och am Sënn vun deene méi alen Kanner, dass een doheem ass, deen no de Kanner kuckt. Och wann dat net heescht dass d’Elteren déi ganzen Zäit sollen nieft hirem Kand sëtzen an et kontrolléieren, mä d’Kand muss di Präsenz vu sengen Elteren am Alldag spieren a matkréien. Et soll nom Kand gefrot ginn, d’Kand muss spieren, dass et den Elteren net egal ass waat et mécht! An deem Sënn soll een de Kanner weisen/mattdeelen, dass hinnen di schoulesch Leeschtungen um Häerz leien, an deemno, dass d’Kanner den Elteren um Häerz leien. Dat kennen Elteren nëmmen beweisen wa se Zäit hu fir hier Kanner, an dat am Alldag. Ech si mer sécher, dass wann d’Präsenz vun den Elteren am Alldag vun de Kanner rëm méi opgewäert giff ginn, déi schoulesch Leeschtungen och aner wären fir vill Kanner. An deem Alter schafft een halt nach net fir sech. Normalerweis, mécht een dat dann nach fir eng Persoun déi engem no steet, an déi sech ëm ee suergt!

Den affektive Level spillt zu jiddfer Alter eng enorm wichteg Roll, de Mënsch ass keng Maschinn.

 

Sarah Bock

22.07.2014

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “D’Einsamkeet vu Jugendlecher

  • 28 juillet 2014 à 17 h 01 min
    Permalink

    On oublie souvent les jeunes. Ils ont tellement besoin de parler à leurs parents. Ils sont grands, ils feignent une certaine maturité, mais en réalité ils ont toujours besoin de nous.

    Répondre