stadlerokDe Staat als Elteren?

Das Wohl der Familien wird auf rein ökonomische Belange reduziert », sou seet et, den Rainer Stadler an sengem Buch „Vater, Mutter Staat“,«Das Märchen vom Segen der Ganztagsbetreuung»«Wie Politik und Wirtschaft die Familie zerstören»(Ludwig Verlag).

Alles wat hei vun de Familljen verlaangt gëtt, baséiert op reng ökonomesch Iwwerleeungen. Wéi et de Mënschen dobaï wierklech geet, schéngt net wichteg ze sinn. An et geet hinnen net gutt!

Mammen, déi elo schonn musse kucken Familljen a Beruff ënnert een Hutt ze kréien, sinn oft no um Verzweiflen.

Nur Ahnungslose kommen auf die Idee, durch gute Organisation lasse sich der Alltag mit kleinen Kindern problemlos bewältigen, Einschränkungen seien nicht zu befürchten.“

Een dee Kanner huet, een deen eng Kéier en Haushalt gemaach huet, weess, dass deen net einfach Owes, Ruck zuck ze bewältegen ass, scho guer net, wann ee midd ass.

A Schweden z.B., sinn d’Steieren enorm héich, an d’Elteren sinn gezwonge, allen zwee schaffen ze goen. A wat ass d’Resultat? Et geet de Mënschen ëmmer méi schlecht: méi Suiciden, méi „tentatives de suicides »,méi Depressiounen. D’Psychopharmaka huet bei jonke Fraen säit dem Joer 2000, ëm 400% zougeholl!

Ass et dat wat Europa wëllt? Ass et esou wéi eis Staaten hei ronderëm, hier Bierger respektéieren? D’Famill war ëmmer unerkannt – scho bei de Griichen -, als dee Kär, deen d’Gesellschaft zesummegehalen huet. Bis elo, huet de Staat ëmmer d’Familljen ënnerstëtzt. Mä elo gëtt carrément an di aner Richtung geduecht, nom Motto: „Jiddereen fir sech ».

Man möchte, dass alle Frauen dem Arbeitsmarkt zur Verfügung stehen. »

An duerfir gëtt et scheinbar eng eenzeg Léisung: Friembetreiung vun de Kanner.

«Einer Gelbbauch-Unke wird von den Grünen mehr Respekt entgegengebracht, als einem weinenden Kleinkind oder einer Mutter, die gern und mit ganzer Seele Mutter ist… ein einjähriges Kind braucht kein Bildungsprogramm, sondern ein Bindungsprogramm »

…Warum soll mühsam eine Ersatzbindungsperson konstruiert werden, wenn in den meisten Fällen das Original zur Verfügung steht?», sot déi gréng Politikerin, Lena Kürschner, an engem Bréif… un déi Gréng).

An da kréie mer gesot, d’Elteren wéilten hir Kanner de ganzen Dag an Betreiungsstrukturen ginn. Et ass net wouer.

Zemools wann d’Kanner kleng sinn, sinn ëmmerhinn iwwer 60% vun den Fraen, déi gäre sech ganz ëm hir Kanner géifen këmmeren, well se ënnerlech spieren, dass dat, dat Bescht fir se ass.

Chancengleichheit, Frühförderung, souguer „all Kand ass eis d’selwecht Wäert »: déi selwecht Argumenter hei, an an Däitschland!

Systematesch ginn déi Leit eliminéiert, déi vun Natur aus, duerfir bestëmmt sinn, fir hire Kanner dat Bescht ze ginn: an dat sinn d’Elteren. D’Kanner mussen betreit ginn: just net vun hiren eegenen Elteren!! – do sinn se sech all eens!

Sou kréie mer lues a lues, enorm Problemer, déi sech ëmmer méi an d’Familljen eraschleisen, déi systematesch vun der Wirtschaft a vun der Politik ignoréiert ginn. A systematesch gëtt an di aner Direktioun, fläisseg Gesetzer geschriwwen, déi eis Gesellschaft finalement, auserneenbriechen loossen.

Dat eent sinn onglécklech Kanner, déi en Trauma matmaachen, wann se ze vill, ze laang getrennt vun hiren Elteren sinn.

Da sinn et och Mammen, déi och enorm drënner leiden, hir Kanner fortzeginn, dann de Stress op der Aarbecht, duerno sech ëm hir Kanner, ëm hire Partner an ëm hiren Haushalt sollen këmmeren. An enges Daags, mécht och hir Gesondheet net méi mat.

An dann sinn et d’Erzéier, déi dauernd iwwerfuerdert sinn, well se einfach net kënnen esou no all Kand kucken, wéi et fir all Kand wichteg a richteg wär. An och well se vill am Kaméidi sinn, e Kaméidi, deen alt bis zu 80 Dezibel kann eropgoen: dat entsprécht dem Kaméidi zu Paräis an enger Spëtzestonn op enger Haaptachse. Dat muss een sech och emol virstellen!

An Hand vun e puer Temoignagen, beschreift den Auteur och, wat fir ee Leidenswee, Kanner kënnen matmaachen, wann d’Elteren esou vill mat hirer Carrière a mat hirem Alldag beschäftegt sinn, dass se emol net mierken wat mat hire Kanner lass ass.

Eine Untersuchung der AOK ergab sogar, dass manche Kinder seelisch und körperlich erkranken, wenn die Eltern zeitlich stark belastet, also gestresst sind. Bei einem Viertel dieser Kinder fanden sich Symptome, während Kinder mit entspannten Eltern kaum gesundheitliche Probleme hatten ».

Et bleift keng Zäit, keng Plaz fir Entspanung, a vun Individualitéit, guer net méi ze schwätzen.

Vun uewen erof kréien dann d’Elteren ëmmer nees nei Informatiounen virgesot, sou dass se herno selwer net méi wëssen, wat richteg a wat falsch ass. An dann froen se alt nees de Staat ëm Rot. An esou dréit sech de Krees…

De Message vum Buch ass ganz kloer, dass de Staat ëmmer méi eng main-prise op seng Bierger kritt, an dass et un de Bierger ass, sech net alles gefalen ze loossen.

E wäertvollt Buch, mat nach esou vill Informatiounen, wat mech och ëmmer nees bestätegt dass et net richteg ass, d’Kanner esou massiv vun hiren Elteren ze trennen, dass d’Elteren hirem Häerz sollen nolauschteren, mat Freed sollen Elteren sinn, an dass nach ëmmer si, déi wichtegst Mënschen fir hir Kanner sinn!

Isabelle Schmit-Mines

(25.05.2015)

Eng nei Zeitung fir Kanner ass eraus: Cognie

Agenda

FAPEL: « Sprachentwicklung und was kann ich tun »

(in Zusammenarbeit mit der Initiativ Liewensufank)

Datum: 17.03.2018 vun 9 – 13 Auer

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

Wer sein Kind liebt …: Ein Abend mit Franziska Klinkigt und Bertrand Stern

(Vortrag + Dialog)

Datum: 23. März 2018, 19.00 Uhr (Einlass ab 18.30 Uhr)

Adresse: Hotel Wisonbrona

Wiesenbach 13, 4780 St. Vith, BelgienWieach 13, 4780 St. Vith, Belgien

Frei sich bilden: Werkstattgespräch mit Franziska Klinkigt und Bertrand Stern

Datum: 24. März 2018 von 10–17 Uhr

Adresse: Hotel Wisonbrona

Wiesenbach 13, 4780 St. Vith, Belgien

 

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “De Staat als Elteren?

  • 22 juin 2016 à 12 h 17 min
    Permalink

    E ganz interessant Buch! «Einer Gelbbauch-Unke wird von den Grünen mehr Respekt entgegengebracht, als einem weinenden Kleinkind oder einer Mutter, die gern und mit ganzer Seele Mutter ist… ein einjähriges Kind braucht kein Bildungsprogramm, sondern ein Bindungsprogramm »…Wat an deem Buch steet, ass esou wouer. An dat kënnt och bei eis, wann mer net oppassen an eis gewäerde loossen.

    Répondre