Säi Stoot op d'Spill setzen, duerch de ville Stress?

Loosst den Elteren de Choix

 

Bierger 2. Klass?

De congé parental ass geännert ginn. Mat verschidden Varianten: 6 Méint ganz oder 12 Méint hallef; 4 Méint ganz oder 8 Méint hallef an et kann een bis zu 3.200 Euro/ Mount kréien.

Et sinn och verschidden Varianten virgesinn, wéi en opgedeelt ka ginn ass, an d’Pappen ginn och méi agebonnen.

Sou wäit, sou gutt!

Wann eng Mamm aus hirem fräie Choix schaffe geet, hir Aarbecht gären huet, equilibréiert ass, hëlleft d’Regierung hir jo och.

Mä, wat ganz kloer bei dëser Reform erauskënnt ass: nëmmen een eenzege Modell gëtt ënnerstëtzt, nëmmen déi Mammen, déi schaffe ginn, ginn vum Staat ënnerstëtzt.

Eng Mamm, déi villäicht nach Kanner huet an et fir si einfach zäitlech net méiglech ass schaffen ze goen: keng Ënnerstëtzung.

Eng Mamm, där hiert Këndchen nach Soine brauch an si och duerfir net ka schaffe goen: keng Ënnerstëtzung.

Eng Mamm, déi duerch – wat fir eng Ursaach och ëmmer – an de Chômage gefall ass an och kee Chômage ze gutt huet: keng Ënnerstëtzung.

Eng Mamm, déi hirem Puppelchen net wëll de Stress vun der Crèche undoen a bei him bleift: keng Ënnerstëtzung.

Eng Mamm, déi weess, dass hiert Këndchen méi kann doheem kréien wéi an enger Crèche: keng Ënnerstëtzung.

E Këndchen an eng Struktur ginn, déi sengem Temperament net entsprécht: wat gëtt do verbrach? Dat eent Kand adaptéiert sech villäicht séier. En anert awer, ass séier verängschtegt, brauch méi Schutz, besonnesch vun senger Mamm: a wann dat Kand da forcéiert gëtt, an enger Struktur ze sinn, wou vill Kanner sinn, wou vill Kaméidi ass, dann dréit et säi Liewe laang „ein chronischer wunder Punkt im psychischen System, eine ständige Quelle des Missvergnügens“ („Psychologie heute“, no enger Etude vun den polneschen Psychologen Tatiana Klonowicz an Andrzej Eliasz).

Esou vill medizinesch Etuden beleeën et dach: e Kand, wat ze fréi vun senger Mamm getrennt gëtt, kann ganz grouss Schied kréien, déi ni méi gutt ze maache sinn. Mussen déi Mammen, déi dat wëssen an fir hiert Kand dee Risiko net wëllen agoen, bestrooft ginn?

Einfach e Puppelchen vun senger Mamm ze trennen, wat nach net prett ass: ass dat net eng Atteinte un der Dignitéit vum Mënsch? Den Apel fält och eréischt vum Bam wann en zeideg ass…

„All Kand ass eis d’selwecht Wäert“, huet et eng Kéier geheescht. Dann muss och all Kand an deenen éischten Joeren, wou et sech opbaut, wou d’Fundament vun senger Personalitéit geschafe gëtt, deen optimale Kader kréien. A wat fir ee Kand gutt ass, ass net onbedéngt fir dat anert gutt. E Staat, deen fir all seng Bierger soll do sinn, huet d’Pflicht all Elteren an hirer Tâche ze hëllefen.

Wou mer soss esou stolz op d’Experten sinn, an op déi zeréckgräifen wann eppes Wichteges analyséiert muss ginn, gëtt an dëser fundamentaler Fro keen Expert gefrot, ass nach keen Expert zu Wuert komm. Ass des Fro net wichteg?

Gëtt mat dëser Reform net nees nei Aarmut kreéiert? Eng 2-Klasse Gesellschaft kreéiert? Do muss d’Léift fir seng Kanner, tëschent de Partner, ganz staark sinn, fir dass net Jalousien opkommen, do mussen d’Gedanken reng sinn, fir dass net Haass entsteet.

Et ass e geféierlecht Spill wat do gespillt gëtt. An d’Resultat gesi mer an e puer Joer…

Esou wéi an Schweden, wou d’Kriminalitéit héich ass, wou Selbstmord schonn bei klenge Kanner existéiert. An elo huet Schweden eppes agesinn: d’Mammen kréien neierdéngs Betreiungsgeld, fir dass se Zäit hunn, sech richteg an optimal ëm hir Kanner ze këmmeren. Mä wéi vill Leed huet dat kascht? A mir, fänken elo un, dee Wee ze goen, deen aner Länner opginn.

Wann Mënschen sech ëm hir al Elteren këmmeren, se net wëllen an e Cipa ginn, hunn se de Statut vun engem „aidant informel“. Si kréien eng Indemnisatioun, well se sech Zäit huelen fir hir Elteren. A jonk Elteren, déi och hir Aufgab wëlle gutt maachen, ginn einfach diskriminéiert.

Mir froen ëmmer an ëmmer: loosst den Elteren de Choix, si wëssen am beschten wat fir Kanner gutt ass. Well déi eng Elteren sinn esou vill Wäert wéi déi aner – oder net?

Isabelle Schmit-Mines

03.05.2015

.

Liest och nach eis Artikelen:

Burn out vun de Mammen, SOS vun den Educateuren, en Interview mam Marianne, éducatrice

E Lieserbréif vum Petra Stober: Glücksformel? 

Modell Schweden?

Gibt das nicht zu denken? E Gespréich mam Manfred Spreng, Professer for Physiologie an Kybernetik

Ass dat d’Léisung? En Interview mam André Grosbusch, President un der Associatioun „Vie naissante“

 

 

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindeg, nei Artikelen

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat: dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an den Elteren

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *