Séance académique, vum 40. Anniversaire de la Vie naissante,  28. Februar 2015

Séance académique, vum 40. Anniversaire de la Vie naissante, 28. Februar 2015

Interview mam André Grosbusch, President vun der Associatioun « Pour la vie naissante »

 

A Frankräich gouf eng Campagne gestart ; « 1 avortement pour 4 naissances », déi e grousse Protest ausgeléist huet. Wat stécht hannert esou enger Campagne ?

D’Gesondheetsministesch Marisol Touraine wëllt an de Kliniken Ofdreiwungsquoten aféieren, fir datt all Fra, déi ofdreiwe well dat sou nobäi wéi méiglech ka maachen. A well op 4 Gebuerten eng Ofdreiwung kënnt, huet se dëse Chiffer festgeluecht.

Et muss een esou eng Campagne an der longue durée gesinn. Et gëtt diskret awer staark Kräften, déi zënter Joerzéngten op eng total Banalisatioun vun der Ofdreiwung hischaffen. Methode gëtt et eng ganz Partie fir dohinner ze kommen: am Ufank, Betraffenheet bei aussergewéinlech verzweiwelte Fäll; an engem anere Regëster steet den Avortement do als e Moyen vun der Emanzipatioun vun der Fra.

An ëmmer de Gebrauch vun engem raffinéierte Vocabulaire: Ofdreiwung als “acte de santé reproductive” amplaz “mise à mort” oder “élimination”, wou souwisou ebe just weder reproduzéiert nach procreéiert gëtt , “interruption” amplaz “cessation”, an dës net vun engem mënschleche Liewen, ma vun enger “Schwangerschaft”, also engem Zoustand, asw.

Um legislative Plang gëtt d’Salamitaktik praktizéiert. All Etapp gëtt als Fortschrëtt, als Avancée duergestallt, an domat ginn automatesch d’Kritiker an den Eck vun de Reaktionären gesat.

Aus enger Indikatiounsléisung (och de Begrëff “Léisung” ass schonn en Euphemismus, deen seng Wierkung net verfeelt) ass eng Fristeléisung ginn, aus enger Ausnahm en allgemengen Zougang, neierdéngs och ouni Virleie vun enger Détresse. D’Frist selwer ass vun 10 op 12 Wochen, a verschiddene Länner nach vill méi wäit eropgesat ginn (24 an England). Well awer dës Frist arbitraire ass, gëtt elo schonn dovu geschwat, se ganz opzehiewen. Et gëtt och scho kräfteg un der Objection de conscience vum Dokter gefréckelt. Well nëmme wann déi fält, an den Dokter kee Recht huet, eng Ofdreiwung ofzelehnen, jo da réischt ass den “droit à l’avortement” perfekt. Selbstverständlech kënnt dann och den “délit de l’entrave à l’avortement”, zu deem suguer eng Berodung fir d’Liewen ka gezielt ginn.

Ziel ass et, d’Recht op d’Ofdreiwung als Mënscherecht bei der UNO ze akkreditéieren. Dëse Begrëff gëtt de Moment esou matraquéiert, datt en an de Käpp vun de Leit hänke bleiwe soll. Mir kommen duerno an eng Situatioun, wou “pro-life” Organisatiounen an hire Fräiheeten ëmmer méi ageschränkt ginn. Et gëtt haut schonn zu Lëtzebuerg Leit, déi fäerten, séch als Ofdreiwungsgéigner ze outen.

D’Mme Touraine seet: « Il faut être vigilant parce que la parole des ultras se libère ». Dat ass fir mech absolut schockant: d’Qualifikatioun vun “ultras” fir Liewensschützer, an dann di kloer Ausso géint dësen hir Meenungsfräiheet.

D’Idee « 1 avortement sur 4 naissances » ass also en Deel vun enger Gesamtstrategie. Sie geet och dovun aus, datt den Avortement eben eng fatal Konstant ass, an datt et sënnlos ass, d’Zuel vun Avortementer probéieren ze drécken. Dat héiert een haut ausgerechent vun deene Kreesser, déi an de siwwenzéngter Joeren (natierlech fir duerchzekommen) profezeit haten, datt d’Ofdreiwung duerch d’Verhütung enges Daags op Null géif tendéieren.

En Avortement huet fir eng jonk Fra, e jonkt Meedchen psychesch Konsequenzen. Wéi sinn déi Konsequenzen? Sinn si sech dat bewosst, wann se bei Iech an d’Consultatioun kommen? Wéi ginn se begleet?  

D’Konsequenzen si vu Fall zu Fall ënnerschiddlech; si hänke vum Alter, vun der Educatioun, vum Entourage, vum Zäitpunkt vun der Ofdreiwung, asw., of.

Di meescht Ofdreiwungen ginn am Ufank vun der Schwangerschaft gemaach an hu kaum bleiwend physiologesch Konsequenzen. Méi spéit Ofdreiwungen kënnen den Uterus verletzen, sou datt d’Fra duerno eventuell keng Kanner méi kritt. Et besteet och e Verdacht op erhéichte Broschtkriibsgefor.

Di heefegst Konsequenzen si séilescher Natur: Trauer, heiansdo Roserei op d’Ëmstänn oder d’Persounen, déi zur Ofdreiwung gedrängt hun; Spannungen an der Koppel; Depressiounen, déi och nach no Joeren optriede kënnen. Aus ideologesche Grënn, natiirléch och fir de Fraen driwwer ewech ze hëllefen, ginn des Folgen minimiséiert oder souguer geleegent. De postabortiven Trauma gëtt e verbuedent Leiden: well et jo engem “säi gudd Recht” ass, kann et net sinn, datt doraus e Problem entsteet! D’Attacke vum Planning Familial op d’Kierch sinn och an dem Kontext ze verstoen; d’Thes ass déi, datt Gewëssensbëss op de Konto vun der chrëschtlecher Moral ginn.

Wann eng Fra ongewollt schwanger ass, kritt se nawell gär gesot, datt si jo spéider, wann se da prett ass, e Kand ka kréien. Dobäi gëtt vergiess datt all Mënsch eenzegaarteg ass; datt vun der Befruchtung un de genetische Code vun engem onverwiesselbar Individuum do ass, an dofir net een duerch en aneren kann ersat ginn. Dees ginn sech d’Fraen oft réischt bewosst, wann et ze spéit ass.

An eiser Berodung geet et drëms, datt eng Fra déi ongewollt erwaard, eng komplett Informatioun iwwer den Ufank an d’Entwécklung vum Liewen, iwwer d’Realitéit an d’Risiken vun der Ofdreiwung, an natierlech iwwer Alternativen (Adoptioun) an iwwer all méiglech materiell a psychologisch, souguer spirituell Ënnerstëtzung kréien. Réischt da kann ee vun engem “libre choix” schwätzen. Wéi oft kënnt et vir, datt eng Fra no enger Ofdreiwung seet: “Ech hat keen anere Choix.” E Paradox, deen d’Verfechter vum ”Pro-choice” mol sollte bedenken. D’Fra muss e puer Deeg Bedenkzäit hunn, an net Hals iwwer Kapp decidéieren. Leider huet d’Mme Touraine a Frankräich di obligatoresch Bedenkzäit elo ofgeschaf; och zu Lëtzebuerg ass di obligatoresch zweet Berodung mat Bedenkzäit 2014 ewechgefall, obwuel (oder vlaicht grad well??) se ugefaang hat, positiv Resultater an deenen 2 Joer ze weisen. An Däitschland, wou d’Berodung weiderhin obligatoresch ass, gëtt wesentlech manner ofgedriwwen wéi a Frankräich.

Eis Berodung ass gratis (Hotline: 621 546 784)

 

Et gëtt nëmmen geschwat vun der Fräiheet vun der Fra. Ni gëtt e Wuert doriwwer verluer, wat den „Embryo » matmécht bei engem Avortement. Spéitstens nom Film « Le cri silencieux » hätt een jo de Beweis wat vir een Drama dat bedeit. Firwat gëtt dat ignoréiert?  

Wat d’Schwangerschaft méi fortgeschratt ass, wat den Avortement méi dramatesch gëtt, sécher och fir muench Dokter. Besonnesch wann et sech em e gesonden Embryo handelt, oder ëm e Meedchen, well d’Elteren léiwer e Jong gehat hätten (och dat ass zu Lëtzebuerg keen Thema).

D’Dramatik gëtt gär ignoréiert, well di blank Wourecht iwwer den Avortement wéi deet.

D’Fräiheet, en Onrecht ze begoen, ass eng äusserst zweiwelhaft Fräiheet. Si geet op Käschten vun engem aneren, a mécht dofir net frou.

Et ass einfach net méiglech ze maache, wéi wa just e Blinddarm oder eng Waarzel wechoperéiert gi wier. De Slogan “Mein Bauch gehört mir” soll jo och vertuschen, datt eigentlech en anere Mënsch am Spill ass. Dofir och di sproochlech Akrobatien an Euphemismen. Den ongebuerene Mënsch ass nëmmen dann eppes Wonnerbares a Phantastesches wann en erwënscht ass, an en “Zellklumpen” wann en ofgedriwwe gëtt. Dës Schizophrenie gëllt et opzedecken.

Ma et ass e ganz schwieregen, sensibelen an delikaten Dossier, well vill Fraen ofgedriwwen hunn. Mir kucken no vir. Eis geet et net drëm, ze veruurteelen, ma Fraen, déi virun enger schwéierer Decisioun stinn, duerch Berodung a konkret Hëllef, de Wee fir d’Liewen opzemaachen.

 http://www.vienaissante.lu/

NEIEN SIEGE AN VESTIAIRE:

28, Dernier Sol, L-2543 LËTZEBUERG-BOUNEWEG

Permanence: all Méindes vun 9-11 Auer.

Dir kënnt gären Kleeder an Accessoiren bréngen, fir Pupplecher a Kanner bis 10 Joer an och Ëmstandskleeder.

Tél: 44 44 40

 

23.03.2015

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *