p5Keng Zopp gëtt sou waarm giess wéi se gekacht gëtt, duecht ech mer, wéi ech d’Rumeuren héieren hunn, dass wichteg Allocatiounen gestrach, an d’Kannergeld gekierzt sollt ginn. Eis Regierung geet dach gewëss sou wichteg Hëllefen ewech huelen! Domat géif si jo een Erzéiungsmodell ganz ënnergruewen. Da wieren hir konservativ Virgänger jo méi fortschrëttlech gewiescht wéi si. De 14. Oktober koum dunn de Schock. Erzéiungsgeld gestrach, Zack! Allocation de maternité gestrach, Zack! Kannergeld zwar opgeronnt, mä ab dem 2. Kand drastesch gekierzt, Zack, Zack, Zack! Souvill zur Fortschrëttlechkeet vun der Gambia-Regierung.
Déi lescht Wochen a Méint ginn Stëmmen méi haart, déi an de vergaangene Joeren ëmmer méi un de Rand vun eiser Gesellschaft gerode sinn, d’Stëmme vun Mammen an Pappen, déi deels oder ganz doheem bliwwe sinn, elo doheem bleiwen oder bleiwe wéilten, fir hir Kanner selwer ze betreien. Lues awer sécher, trauen si sech rem sech bemierkbar ze maachen. Gutt fir si, nerveg fir d’Politiker! Op d’Spuermoossnamen vun der Regierung hin, klappen déi eng an d’Hänn, déi aner stiechen de Fanger an de Mond. Formuléierung, déi jo och gär gebraucht gëtt, am Zesummenhang mat de Fraen déi, nodeems se sech der Erzéiung vun hire Kanner gewidmet hunn, vun hirem Partner sëtze gelooss ginn an dann ganz schlecht do stinn. Dat ass eng Realitéit, an dorëm muss sech gekëmmert ginn. De Fraen awer wichteg Allocatiounen ze sträichen, wärt dorun net vill änneren.
Dee Schrëtt wärt hiert Liewen just deels drastesch erschwéieren. Firwat net einfach de Mariage ofschafen an d’Pacsen direkt mat? Dann ass de Problem geléist, da kann keen sech méi vu kengem ofhängeg maachen. E schrecklecht Bild vun enger Gesellschaft, net? Eng kal Gesellschaft, wou keen sech méi op deen aneren aléisst, wou et kee Vertrauen méi gëtt an jiddereen just nach no den eegene Bedürfnisser kuckt. Wee wëll dat schonn? Misst een net éichter d’Patronen motivéieren méi flexibel Aarbechtszäiten ze erméiglechen, den travail à domicile an den travail à temps partiel ze propagéieren? Et kinnt een och den Elteren déi doheem sinn, hëllefen, e gewëssene Montant an d’Pensiounskees anzebezuelen, fir dass si am Fall vu Scheedung, net an d’Aarmut rutschen.
Ech begréissen, dass d’Regierung zumindest den Datum vum Kierzen vum Kannergeld no hanne revidéiert huet, dass zumindest déi Babyen déi lo schonn ënnerwee sinn, näischt ewech rationaliséiert kréien, nach ir se op der Welt sinn.

Ech denken, all Fra déi e Kand erwaart, mécht zwangsleefeg och d’Rechnung op si sech finanziell erlabe kann hiren Job zäitweileg un de Nol ze hänken, an op si dee Schrëtt als essentiell wichteg an hirer Liewesplanung gesäit. Als mündege Bierger vun dësem Land, sollt enger Fra des Decisioun net vum Staat geholl ginn. De Stat mécht dat net? Dach, iergendwéi schonn. D’Fra muss zu hirem Gléck gezwonge ginn. Dass Kanner d’Gléck vun enger Fra kënne sinn, dierf een haut net méi haart soen, dat ass veraalt, eng Schan fir all feministescht Gedankegutt. Schon d’Simone de Beauvoir sot, dass keng Fra d’Recht sollt hunn doheem ze bleiwen an Kanner grousszezéien, well, wann d’Fraen déi Wiel hätten, sech der ze vill dofir entscheede géifen. Si mer do ukomm? Andeems een den Elteren, déi beruffstäteg sinn d’Betreiung vun hire Kanner bezilt an deenen aneren näischt gëtt, gëtt kloer een Erzéiungsmodell bevirdeelegt.
Ëmmer méi ass an de leschte Joeren de Gedanken opkomm, dass all déi Leit, déi trotz Kanner Vollzäit oder hallef schaffen, dat maachen, well si dat fräi gewielt hunn. Jo,
si haten de Choix. De Pappa Stat stoung net mat der Flënt hannendrun an huet si gezwongen schaffen ze goen obwuel de Puppelchen doheem no der Mamm gejaut huet. Mee wéi fräi ass eng Decisioun, wann se ënnert dem Drock statt fënnt, de Frigo net méi gefëllt, oder den Hausprêt net méi bezuelt ze kréien wann si dee Schrëtt net maachen? Wéi vill Fraen kennt jiddereen, deen gewëllt ass hannert d’Façade ze kucken, déi ëfters mat verkraschenen Aen schaffe kommen, well se hirt klengt Kand mussen ofginn? Dat sinn net déi Fraen déi schaffen, well se den décken Auto wëllen oder d’Vakanzen, nee, si ginn schaffen well et em dat Agemaachent geet. Ech ernimmen d’Fraen well si et éischter no baussen droen, mee och ënnert de Männer gëtt et der genuch, déi leiden wann se déi kleng mussen a friem Hänn ofginn. Mer sinn nun emol net all Karrieremënschen, näischt fir ongutt, an dat ass och gutt esou. Net auszedenken, wat dat géif ginn wann mer all um Chefstull sëtze wéilten! (Suite)

7 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *