Demokratie?
Leschten Méindeg, den 2. Mäerz koum et dann eraus: de congé parental ass geännert ginn.
A schwaarz op wäiss steet et dann och do: all Mamm, déi schaffe geet, huet Recht op 1.921 € de Mount wann se de Congé parental 6 Méint hëllt oder 2.881 € wann si en 4 Méint hëlt.
Dat ass schéin fir déi Mammen, déi schaffe ginn!
Wuel verstan, wann eng Mamm aus hirem fräie Choix schaffe geet, ass dat jo an der Rei.
Wat awer net an der Rei ass, dat ass, dass elo nëmmen déi Mammen eppes zegutt hunn, déi schaffe ginn. Also, nëmmen si, sinn dem Staat eppes Wäert. Fir di aner ass näischt méi virgesinn.
Ass et richteg, eng Mamm ze diskriminéieren, wann se hirem Puppelchen net wëll de Stress vun der Crèche undoen a bei him bleift?
Ass et richteg, eng Mamm ze diskriminéieren, déi villäicht nach Kanner huet an et fir si einfach zäitlech net méiglech ass schaffen ze goen?
Ass et richteg, eng Mamm ze diskriminéieren wann hiert Këndchen nach vill Soine brauch an si och duerfir net ka schaffe goen?
Ass et richteg, eng Mamm ze diskriminéieren, wann se duerch – wat fir eng Ursaach och ëmmer – an de Chômage gefall ass an och kee Chômage ze gutt huet?
Ass et richteg, nëmmen déi eng z’ënnerstëtzen an net déi aner?
Et geet ëm Suen, déi di eng kréien an di aner net. Et geet awer och ëm de Prinzip.
An enger Demokratie huet all Mënsch d’Recht, selwer säin „projet de vie » ze decidéieren. An hei, an esou enger fundamentaler Fro, wéi den Equiliber vun engem Kand, däerf et d’Diskriminatioun net ginn.
„Et kritt keen eppes ewechgeholl« , heescht et. Natiirlech, et kann een nëmmen eppes ewechgeholl kréien, wann ee schonn eppes kritt huet. An dat ass jo hei wuel net de Fall.
Et gëtt och gesot, dass d’Mammen, déi herno mat eidlen Hänn do stinn, d’Land vill méi deier ginn, wéi wann d’Regierung se encouragéiert am Beruff ze bleiwen.
D’Fraen ginn awer net all gescheet. A wéi vill kascht et eist Land, wann mer vill Kanner hunn, déi net eens ginn? D’Schoulmeeschteren soen esou oft, wéi nervös an opgedréint vill Kanner sinn. Schonn elo gëtt vill Ritalin opgeschriwwen, schonn elo hu mer Aggressivitéit an de Schoulen, Kanner an der Psychiatrie. Schonn elo hu mer vill décrochage scolaire. An deen ass sécherlech net nëmmen drop zeréckzeféieren, dass d’Kanner net genuch franséisch kënnen!
Firwat ginn dann einfach d’Aen zougemaach?
Einfach e Puppelchen vun senger Mamm ze trennen, wat nach net prett ass; einfach den Elteren de Message mat op de Wee ze ginn: „de Staat këmmert sech schonns drëm“, ass net am Sënn vun de Kanner, net am Sënn vun den Elteren. Au Contraire, et ginn nei Problemer doduercher geschafen.
Et gouf emol eng Zäit, wou eng Mamm nach héich respektéiert gouf. Awer nach ni, ass de Rôle vun enger Mamm esou erniddregt ginn, wéi elo.
Vill Mënschen hunn hiert Liewe gelooss fir d’Demokratie. Musse mer elo nees fir se kämpfe goen?
„All Kand ass eis d’selwecht Wäert“, huet et eng Kéier geheescht. Dann muss och all Kand an deenen éischten Joeren, wou et sech opbaut, wou d’Fundament vun senger Personalitéit geschafe gëtt, deen optimale Kader kréien. A wat fir ee Kand gutt ass, ass net onbedéngt fir dat anert gutt. Demokratie heescht, all Elteren an hirer Tâche ze hëllefen.
„Drängt dach net esouvill Kanner an Familljen an ee Modell eran, déi dat net bräichten an/oder och net wëllen, nëmmen well dat gutt ass fir d’Ökonomie vum Land an loosst de Familljen de Choix!“ sou seet et och ganz kloer, d’Tanja an engem Commentaire, op dësen Säiten.
An dat soll engem emol ze denken ginn…
Isabelle Schmit-Mines
09.03.2015
Liest och zu dësem Thema :
E Lieserbréif : Fraenquote, nee Merci
Reflexiounen : Kanner, Kichen, Crèche
Psychologie : Et brauch Opmierksamkeet
Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindeg, nei Artikelen
Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat: dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an den Elteren
Tjo, wéi ass et mat den Mammen, déi an der Saison schaffen? Déi hunn och keen ze gutt, well hannendrun Chômage kënnt no der Saison ech hun daerfen keen huelen. Ass dat dann fair? Waer gären an den cp gangen mee nee hun net däerfen !?