Kee choix de famille méi?

Interview mam Dr Robert Thill-Heusbourg

Den Dr Thill ass Neurolog, Palliativmediziner, Psychotherapeut

Famill.lu : Duerch di geplangten Spuermoossnamen menge mer, dass ganz vill Kanner an hirer Entwécklung gestéiert ginn, dass ganz vill Elteren onglécklech ginn, well se hire Rôle als Elteren net méi richteg kënnen erfëllen an, well se einfach keng Zäit méi hunn.

E Puppelchen, e Kand brauch seng Elteren, méi laang, vill méi laang wéi 8 Méint.

Kinnt Dir eis matdeelen, wéi Dir dat Ganzt gesinn a wat fir Iech dat Richtegt wär.

Mir wëssen och, dass de Problem, de Risque vun der Aarmut ass, mee, hei huet kee méi de Choix. An dat fanne mir dramatesch.

Dr Robert Thill-Heusbourg : Et stëmmt: des Regierung huet e « Choix de société » an deem Sënn getraff, datt si hir Ideologie vun der Famill elo all eenzel Famill imposéiert, an där eenzelner Famill net méi de « choix de famille » iwwerléisst, well et elo sou ausgesäit, datt d’kollektiv Erzéiung soll méi gefördert ginn wéi déi an der Famill. Ob dat gutt as fir eis Kanner, loossen ech mol als Fro stoen.

Doriwwer eraus, huet jo eis Familljeministesch och kloer gesot, datt des Regierung et net als Prioritéit ugesäit, datt déi eenzel Familljen rëm sollte méi Kanner kréien, well et jo laut hirem Zitat scho genuch Kanner op der Welt gëtt. Dës Aussoen schwätzen jo eigentlech scho fir sech.

Ech mengen net, datt dat do déi eenzeg Méiglechkeet wier, d’Familljen ze ënnerstëtzen, mee ech menge schonn, datt een alles muss maachen, datt och déi Familljememberen, ob Fra oder Mann, déi sech wëllen doheem ëm hier Kanner këmmeren, onbedéngt vum Staat aus obligatoresch an der Pensiounskeess hier Cotisatiounen fir dës Zäit misste bezuelt kréien, fir datt et einfach net méi virkënnt, datt déi Leit am Scheedungsfall ouni Pensiounszäiten dostinn.

21.07.2014

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “Famille

  • 28 janvier 2015 à 17 h 58 min
    Permalink

    Fréier goufen Mammen mat 5 oder méi Kanner ausgezeechend a geéiert, haut schengt et éischter den Géigendeel ze sin !

    Répondre