Den Här Gramegna sot: „Wee méi verdéngt muss also méi bäidroen, an dat ass sozial gerecht ». Do huet hien vollkomme Recht. Mä hale mer dach op vun Gerechtegkeet ze schwätzen wann d’Kannergeld, dat net un Hand vun de Revenuen berechent gëtt, sou drastesch gekierzt gëtt. All Kand ass virum Stat d’selwecht vill oder wéineg wäert, also kritt och all Kand dat selwecht. An der Theorie e gudde Gedanken, mä a Wierklechkeet leeft et dach esou, dass d’Kanner vun Leit, déi net souvill verdéngen, déi Suen méi brauchen. Hir Elteren finanzéieren d’Hobbyen vun de Kanner domat oder kafen Liewensmëttel, Kannergezei a Schung, Schoulmaterial, Bicher, Spillgezei etc. Gär wéilt een de Kanner déi Suen op d’Säit setzen, mee an de meeschte Stéit bleift dat Wonschdenken. D’Kannergeld as eng grouss Hëllef fir déi „kleng“ Leit an wat d’Revenuen méi grouss ginn, wat de Besoin fir d’Bäihëllefen fält. Se einfach ofzeschafen oder se fir jiddereen em de selwechte Betrag ze kierzen, ass diskriminéierend, onfair an katastrophal fir déi, déi net sou vill verdéngen. Et geet em ca. 770 Euro bis 5000 Euro d’Joer, déi Famillen mat zwee bis véier Kanner verléieren! Famillen mat „just“ zwee Kanner verléieren ëmmerhin 64 EUR de Mount. Fir e Minister oder Députéierten mag dee Betrag lächerlech sinn, mee fir e Klengverdénger ass dat eng gutt gefëllten Tut Liewensmëttel, oder e puer Kannerkleeder de Mount manner! A wat d’Unzuel vu Kanner méi grouss ass, wat d’Familljen méi verléieren. De Message ass kloer! D’Bierger vun dësem Land solle net méi souvill Kanner kréien.
Wann een als Staat spuere muss, muss een de Leit zwangsleefeg eppes ewech huelen, ech denken dat liicht jidderengem an. Eng Regierung dierf och dozou stoen. Dauernd ze soen: „Mir huele kengem eppes ewech
«  an et awer ze maachen, ass de Bierger fir domm gehalen.
Ausdréck wéi „
d’Wuel vum Kand«  huet een an den Debatten vermësst. D’Wuel vun der Fra jo, d’Wuel vum Kand, nee. Natierlech wëllen och eis Politiker d’Wuel vum Kand, mee dach huet een d’Gefill, dass dat ökonomescht Wuel Virrang huet. Familljewäerter sinn net méi wichteg, d’Staatsschold pro Kapp ass et awer. D’Staatsschold ass och wichteg! Si muss méi kleng ginn, mee net op Käschte vun eise Kanner!
De Wonsch e Kand ze kréien riicht sech net nom Portemonni an och net no der ökonomescher a politescher Lag vun engem Land, soss hätte Leit, déi fannen dass et genuch Kanner an der Welt gëtt, selwer keng kritt. Ech hunn an der lescht ëfters Kommentare gelies wéi: Wann ech d’Sue net hunn fir Kanner ze finanzéieren, dann kréien ech keng. Dat ass eng Frechheet. Nëmme wëll d’Präisser hei am Land sou onheemlech erop gaang sinn, dass eng eege Behausung e Luxus ginn ass, an gewéinlech Liewensmëttel säit der Aféierung vum Euro deels duebel sou deier gi sinn, dierf d’Kannerkréien keng Saach ginn déi just nach Groussverdinger sech mat guddem Gewësse leeschte kënnen. Do wou der zwee MUSSE schaffe goen, soll gehollef ginn eng gutt Betreiung ze schafen, déi erschwénglech ass, oder souguer gratis fir déi, déi wierklech guer net vill hunn, mee
net fir jiddereen! Déi, déi d’Moyenen hunn sollen dat selwer bezuelen, dat ass sozial Gerechtegkeet! Och eng Koppel déi Kanner huet a wou se allebéid schaffe wëllen, mussen an enger moderner Gesellschaft op eng gutt Betreiung kënnen zréckgräifen. Mee do wou een gewëllt ass d’Betreiung selwer ze iwwerhuelen muss gehollef ginn dat sou wäit et geet ze erméiglechen! Et sollt souguer gefördert ginn! Et ass fir den Zesummenhalt an de Familljen wichteg, an dovun profitéiert eis ganz Gesellschaft. Eng Crèche oder eng Maison Relais ass eng gutt a wichteg Hëllef, mee si kann nimools d’Liewen an der Famill, d’Heem, ersetzen. Verschidde Kanner aus sozial schwaache Milieuen sinn wahrscheinlech oft nach besser an enger, souguer nëmme mëttelméisseger Crèche opgehuewen, wéi doheem, mee et dierf ee net vergiessen, dass dat eng Minoritéit ass. Et ass net richteg, dass een als verantwortungsvoll Elteren d’Gefill vermëttelt kritt, all d’Kanner wiere besser an der Crèche opgehuewen, wéi doheem. Et gëtt eben net just een Modell deen et wäert ass ënnerstëtzt ze ginn.
Mam Sträichen vun deenen zwou Allocatiounen a mam Kierzen vum Kannergeld, setzt eis Regierung dat falscht Zeechen, an enger Gesellschaft déi de fräie Choix propagéiert, awer all Méiglechkeet dee Choix ze liewen, vernicht. Fir
ALL Familljemodell muss garantéiert ginn, dass d’Kanner gutt versuergt sinn awer net just versuergt, mee emsuergt, geheegt a gefleegt, mat Gefill, ouni Stress an mat Häerz. Kannerbetreiung dierf net zur Massenofferdegung ginn. Gestressten, ängschtlech a veronséchert Kanner kënne net souvill ophuelen wéi ausgeglache Kanner. An ophuelen wärten se vill mussen, wann se schonn ab engem Joer an de Sprooche gefördert solle ginn. Ech denken, awer, dass eis Politiker dat alles och wëssen. Ech si gespaant op se an all hire Planungen d’Wuel vum Kand an de Virdergrond réckelen wärten, an net just ënnert dem Deckmäntelchen vum Schutz vun de Fraen, virun den eegene Mammegefiller, aus reng ökonomesche Grënn operéieren wäerten.

 Isabelle Kalmus

01.03.2015

 

 

3 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “Kanner, Kichen… Crèche (2)

  • 26 juillet 2016 à 10 h 56 min
    Permalink

    Wann se di Kierzungen, Erzéiungsgeld oder verschidden Allocatiounen, wéinstens gescheit an z. Bsp. Pensiounsfong fir Fra, di hier Kanner selwer wëll erzéien, verwäert hätten, hätten se eppes géint evtl. Problemer am Fall vun Doud vum jonken Partner oder Scheedung, gemaat. Mä daat war nie gewollt. Si brauchen d’Geld fir all hier Utopien, Indemnitéiten, usw.
    Si änneren wahllos alles, ouni Geescht, mä vu däers keen ass, kann een keen Geescht ausgoen. Haaptsaach geännert, egal waat.
    Mir sollten eis lo all manifestéieren, net op Lëzebuergesch, mol oofwaarden, mä richteg haard an aktif. Famill gëtt komplett ënnergruewen, Prinzipien souwisou. Educatioun leeft weider an den Megachaos, dat nennt een hautdesdaags Reform, Sach vum Geescht ass do di selwecht. Mengt een geschwënn, wann se regéieren, op gewielt oder net, do wär Verstand an Zukunftsdenken begruewen ginn, baal bei en all!! Duerfir, wackreg ginn an haard Manifesten an net am Bistrot oder doheem beim Grill.

    Répondre