BébéMassekannerhaltung a Crèchen?

Aktuell gi vill nei Mesure vun eiser Regierung grouss ugekënnegt, wat fir Ännerunge kommen a firwat. Et ginn “table ronde”, “soirée info” asw organiséiert fir méiglechst vill Leit doriwwer z’informéieren an opzeklären. Et si sécherlech puer interessant Richtungen dobäi, an d’Usiichte scheede sech, ob déi Mesure gutt sinn oder net – dëst ass awer net de Sujet vun dësem Bréif.

Wat nämlech net thematiséiert gëtt, ass, de sougenannte « Betreiungsschlëssel » fir d’Kannerbetreiung. 

Et soll ee sech mol folgendes virstellen: Eng Mamm kritt Sechslingen, déi Eltere probéiere sécher all méiglech Ënnerstëtzung ze kréien fir net alleng ze si bei der Betreiung vun hire Butzen.

Eng Persoun an der Crèche huet 6 Bébéen ze betreien a muss dat alleng ronn kréien. Een dee Kanner huet, weess wéi vill Opwand schonn eent ka sinn, sou freet ee sech, wéi dat bei gläichzäiteg 6 Stéck soll sinn??!!

Egal wéi gutt d’Konzept vun der Crèche ass, wéi pedagogesch wäertvoll de Programm ass, wéi léif a gutt d’Personal ass, et ass ONMÉIGLECH eng qualitativ gutt Aarbecht ënner deene Viraussetzungen ze leeschten. Souguer wann all Butze brav wieren a kaum Uspréch hätten, et geet duer, dass 1 Zänn mécht, oder bëssi erkaalt ass, asw. a scho klappt et net méi wéi et misst.

Wéi stelle sech eis Politiker dat vir- wéini huelen se heizou Stellung an ënnerhuelen eppes?

An esou soll ee seng Kanner mat guddem Gewëssen ofginn wann ee schaffe geet?

Wat mir als Groupement d’Intérêt ganz schaarf kritiséieren ass d’schéi Schwätze vun där Situatioun an d’Verblende vun den Elteren. Et kann ee pro oder contra sinn dass Frae solle schaffe goen oder beim Kand bleiwen, Fakt ass awer, dass dat doten wäit vun enger idealer Betreiung ewech ass, déi sech jidderee fir säi Kand wënscht, an et just an extreme Situatioune, besser an enger Crèche ass, wéi bei den Elteren doheem.

Ganz schlëmm sinn déi Temoignagen, déi mir ëmmer nees kréien, wa mol eng Persoun sech traut, iwwer d’Realitéit aus verschidde Crèchen ze schwätzen. Wéivill Erliewnësser duerch d’Beruffsgeheimnis ënner Verschloss bleiwen ass eng gutt a berechtegt Fro. Mir kruten (just e puer vu villen) Zitater wéi:

« Iergendwann gëss de op, du probéiers am Ufank nach alles Méigleches fir dat Bescht ze maachen domatt et all Kand gutt geet, mä dat ass an där Konstellatioun net méiglech an dat hells de dann net laang aus. An da schalts de entweder op daf an du héiers se mol net méi kräischen, oder du wiessels den Job ».

« Ech hu fir meng Thes a verschidde Crèchen e Video gedréit, wat ech do gesinn an erlieft hunn huet mech schockéiert. Säithier steet fir mech fest, dass ech mäi Bébé op kee Fall an eng Crèche ginn! Kinnt ech de Video public maache wier dat e Skandal, mä ech kann et net maache well ech em mäi Wuel fäerten! »

« Mir hu keng Zäit fir eis éierbar ëm all eenzelne Bébé ze këmmeren, da mussen se ebe kräischen, iergendwann hale se domatt op, an t’ass gutt dass se dat doheem na net erziele kënnen! » (n.b.: ophalen di se net well se sech dru gewinnt hunn, mä well se resignéiert hunn, well se léieren dass kee fir se do ass!)

All dëss Leit dierfen a kënnen hier Aussoe net ëffentlech maachen, well se soss mat Konsequenzen ze rechnen hunn – an keng offiziell Ulafstell kinnt sech dëser Problematik adequat unhuelen ouni dass déi Betraffen denoncéiert géife ginn.

Et ass hoerstriewend wann ee kuckt wéi vill där Aussoe kommen, aus alle betraffene Beräicher, och iwwer verschidden Dagesmammen déi vun der Situatioun “dobäusse” profitéieren. Wou een gezielt kritt, vu Persounen déi d’Kanner de gréissten Deel vum Dag virun d’Telé sëtzen (d’Bébée schonn am Maxicosi), wou den Haushalt gemaach gëtt a niewelaanscht mam Kannerversuege, Sue gemach gëtt!

Kontrolle sinn an dësem Kontext net adéquat méiglech, well z.B. déi betraffe Persoun soe kann, d’Telé wier just kuerz u gewiecht. Souguer déi 27 ugekënnegt Kontrolleure wäerte kaum eppes un der allgemenger Problematik ännere (kënnen), wann et sou geet wéi meeschtens, dass se als éischt missen ukënnegen, wéini se kommen a bis dohinn all Beweis fort ass.

Dat trauregst um Ganzen ass, dass eis Regierung weiderhinn an déi Richtung drängt, dass d’Frae sou séier wéi méiglech sollen zréck schaffe goen, an alles mécht fir d’Zuel vun de Betreiungsplazen z’erhéijen (zu all Präis?).

Et gëtt keen dropp higewisen ob et iwwerhapt gutt ass fir e Kand, fir vun enger friemer Persoun betreit ze ginn. Sëllechen Aussoen hu mer, dass d’Leit léiwer géife (méi) selwer no hire Kanner kucken an et läit net ëmmer um finanziellen Aspekt firwat dat net geet, et ass och oft feelend Flexibilitéit vun der Aarbechtsplaz. (Suite)

23.02.2015

48 0 0 1 2

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

11 thoughts on “Massekannerhaltung a Crèchen?

  • 24 février 2015 à 9 h 53 min
    Permalink

    Ech gleewen direkt dass d’Situatioun an den crechen esou as. Ech hun meng Kanner selwer erzun . Kanner waren mir mei Wert wei mein ganz gud bezuelten Job. Hun en fier d’Kanner opgin. Wunnen haut an Holland an hun 2 fantastesch jonk Männer, die mat 2 Féiss um Buedem stin, keen Jugendpsychologue néidech haaten, den Staat an deem Sënn keen Su kascht huet, Lycée, Universitéit an Holland ouni Problem gemaach hun, mais sie haaten och eng Mamm doheem dei ëmmer fir si do waar an ëmmer die selwecht war!!!! Mir konnten keng 3x an d’Vakanz goen an haaten keng 2 BMW’en firun der Dier stoen wéi daat haut muss, haat keng Zeit an keen Geld fier mat Frendinnen shoppen ze goen an eraus iessen ze goen mais hu meng Kanner matgehol wann ech selwer bei den Dokter hu missen goen. Daat alles an den 90er Joren !! an net virun 150 Joer wéi elo munch een sécher denkt. Aarm, aarm Kanner, wéi eng erwuessen Generatioun gëtt daat do???

    Répondre
  • 24 février 2015 à 12 h 54 min
    Permalink

    Wéi wier et wann d’Politiker eng Woch an eng Crèche giff schaffe goen? Géifen sie dann och nach d’Kannerzuel pro Personal eropsetzen?

    Répondre
  • 24 février 2015 à 15 h 54 min
    Permalink

    Solche Aussagen von Erzieherinnen, die zuviele Babys und Kleinkinder auf einmal betreuen müssen und darunter leiden, nicht adäquat für die Kinder da sein zu können, habe ich auch gehört. Eine davon sagte, dass es für sie klar war, ihre eigenen Kinder selbst zu betreuen und nicht in eine Crèche zu geben. Es muss allerdings gesagt werden, dass es viele, auch private, Crèches gibt, die seriös mit einem guten Betreuungsschluessel arbeiten und dass bei der Betreuung von Kleinkindern und Babys durch die eigenen Eltern auch nicht immer automatisch alles richtig gemacht wird. ..

    Répondre
  • 24 février 2015 à 18 h 52 min
    Permalink

    Kee Wonner datt et an de Schoulen ëmmer méi Schüler gëtt di Verhalensopfällegkeeten an mangelnden emotionen a sozialen Kompetenzen gëtt!
    An dat soll ëmmer esou weiser goen? Just fir datt d’ Fraen esou séier wi méiglech nees kënnen schaffen goen? Oder fir der rieseger Zuel vun Éducateuren an aneren (méi oder manner qualifizéierten) Intervenanten eng Aarbecht ze ginn an si aus der Aarbechtslosen Statistik erauszekréien? Aus Mangel u Verständnis wat e Kand am dringendsten brauch? Aus Mangel un Phantasie fir sech nei Léisungsméiglechkeeten auszedenken wéi Kanner an Aarbecht kéinten co-existéieren? ….Dat doten wärt an e puer Joër eng richteg deier Geschicht ginn. Deier Gebaier, deiert Personal, an deier psychologesch Betreiung vun all deene Kanner di ni eng richteg Bezugspersoun haten an sech net gesond entweckelen konnten. Bravo un di nei Regierung!

    Répondre
  • 24 février 2015 à 21 h 03 min
    Permalink

    Ech sin prinzipiell net dogéint dat Bebeen a Kanner a Crèchen sin während d’Eltren schaffe gin soulang Zaiten an engem gewëssen Rahmen bleiwen. Allerdengs dat de Personalschlëssel geännert gouff fannen ech skandaléis… 6 Bebeen op 1 Persoun!!! Froen mech wat Léit am Educatiounsministère sech dobai geduecht hun; wahrscheinlech war de gesonden Mënschenverstand den Moment net ageschalt! Ech denken do wär eng Petitioun géint den Personalschlëssel drengends noutwendeg!!!!

    Répondre
  • 25 février 2015 à 8 h 21 min
    Permalink

    Vir mech ass och ganz kloër dass mein Kand nie an eng Crèche wiert goën.
    Wann d’Puppelcher nach kleng sin dann hun sie ganz vill Bedürfnisser an et ass wichteg déi Bedürfnisser ze erfëllen an op all Kreischen ze reagéieren. Nemmen sou kennen mir staark Perseinlechkeeten speider kreien.Wann een klengen Puppelchen schon d’Erfahrung muss maachen, dass wann heen kreischt keen drop reageiert, dann hällt hien och iergendswann op mat kreischen, awer nëmmen well heen geléiert huet, dass heen aleng geloss get an keen op sein Kreischen reageiert….soumat kënnen dei Puppelcher keen Vertrauen opbauen an hun och spéider Problemer Vertrauen ze schenken an….waat drastesch Konsequenzen vir eent ganzt Liewen kann hun.
    Daat do ass definitiv KENG Leisung…..an ech hoffen dass sech séier eppes ännert, vir all déi Elteren déi op d’Crèche ugewisen sinn.

    Répondre
    • 26 février 2015 à 21 h 33 min
      Permalink

      D’Fro, di ech mer su lues stellen ass, ob iwwerhaapt gewollt gëtt, dass aus eise Kanner « staark Perséinlechkeeten » soll ginn :-(

      Répondre
  • 25 février 2015 à 9 h 37 min
    Permalink

    Ech hun och an enger Privater Crèche geschafft déi an engem Joer ganzer 5 Crechen duercht Land opgemach hun , wobai dei eischt mol nach net genuch Personal an Material haat fir Kanner ze betreien.
    Ausserdem soll eng Creche do sin fir déi Mammen déi alleng Erzeihend sin an leider schaffen mussen goen!
    Et war schéin fir mech op kleng Butzen opzepassen mee wann ech en 2 Méint aal Bebe um Arm haat vun moies 7 bis owes 7 vun Elteren déi einfach allen zween 40h wollten schaffen, hun ech mir geduet , »waat haat ech eng Chance dass meng Mamm op Geld verzicht huet an fir mech do war. »
    Sou kleng Butzen gehéieren souvill wei méiglech bei hier Elteren op.
    An als Erzeiher kann een net mol versichen en gudden Ersatz ze sin, well een sech em 6 Bebeen muss këmmeren.
    Dofir hun ech och sou schnell wéi méiglech d’Plaz gewiesselt, well ech keen Ziel an deser Aarbescht méi gesin hun.
    Mammen sollen mol eng Belounung kréien wann se hier kanner doheem hallen an fir se do si , well genee déi gin nach zum Schluss bestrofft an hun net genuch Suen fir eng Pensioun zum Schluss vum Liewen!

    Répondre
  • 2 mars 2015 à 14 h 52 min
    Permalink

    Familljen missten méi de Choix kënnen hun, wéi sie hier Kannererzéiung gesinn an wéi si hiren eegenen Equiliber kënnen fannen! Wat fir dei eng passt, passt net fir déi aner!
    Drängt dach net esouvill Kanner an Familljen an e Modell eran, déi dat net bräichten an/oder och net wëllen, nëmmen well dat gutt ass fir d’Ökonomie vum Land an loosst de Familljen de Choix!

    Répondre
  • 11 mars 2015 à 17 h 09 min
    Permalink

    Ech fannen den Artikel an sech ganz realistesch an kann nemmen selwer aus eegener Erfahrung bestättegen,dass et an Crèchen sou ofleeft. Mee ech fannen et schued, dass just dei Problematik vun der Massenbetreiung an de Crèchen ugeschwaat gëtt. Ech schaffen selwer an enger Maison relais an waat mir do pro Cycle un Kanner ze betreien hun an nach pädagogesch Arbecht niewenbei mussen plangen, do bleiwt net genuch Zait fir sech intensiv em alles an jidereen ze bekemmeren wéi et mist sin. Ech selwer schaffen an dem Beruf, mee wéilt meng Kanner ni sou eierens ofgin.

    Répondre
  • 2 juillet 2016 à 8 h 10 min
    Permalink

    De Mënsch brauch sech nëmmen un der Natur z’orientéieren, da wees en wat e Kand bräuch, an zwar seng Mamm. Eng Mamm spiert schon ier d’Kand kräischt, dass eppes nët stëmmt.

    Répondre