D’Zukunft gëtt schlëmmer

Interview mam Pol Winandy

De Pol Winandy ass Chargé d’éducation. Hien ënnerriicht säit 4 Joer am Beräich Design.

An engem Commentaire op « Famill.lu » an op « Méi Elteren, manner Staat » hat hien gesoot : Dir misst mol gesinn, wat de Jugendlechen am secondaire nach vu grondleegenden Verhalensweisen muss bäibruecht ginn, well doheem keen Zäit fir se huet.“ (Pol Winandy, Famill.lu, den 7.10.2014)

Mir hunn him nach eng weider Fro gestallt:

Famill.lu: Wann déi Jonk sech net méi kënnen richteg behuelen, ass et engersäits den Elteren hir Schold, anerersäits, och villäicht e gewëssenen laisser-aller, well se fannen et hätt alles kee Wäert? Si kréien jo och net grad Courage fir hir Zukunft gemaach?

Pol Winandy: „Déi natierlech, wënschenswäert Form fir eng Famill, ass déi vun enger staarker Eenheet. D’Elteren solle fir hier Kanner disponibel kënne sinn. D’Kanner sollen sech net vun Ufank un abandonnéiert fillen. Et gëtt genuch iwwerzeegend Studien déi d’Problematik bis an de klengsten Detail duerstellen.

Et kann een endlos argumentéieren wisou et an der moderner Gesellschaft schwéier ass, déi Wäerter ze respektéieren. Mee d’Zerstéierung vun deene Wäerter ass am Fong en Zeechen vu Konfusioun a Kapitulatioun an der Politik. Mir kënnen dach net erlaben, dass d’Fundament vun der mënschlecher Gesellschaft sou mat Féiss getrëppelt gëtt – dat féiert op kuerz oder laang zu nach vill gréissere Problemer. Vill méi komplizéiert ass et net. Et gëtt iwwerhaapt kee Rechtfertegen fir d’Zerstéierung vun der Famill. Iergendwou, iergendwann mussen déi geschiedegt jonk Leit opgefaange ginn, dat huet mat spueren mol näischt ze dinn.

Déi läscht Chance fir dat ze maachen ass am Lycée? Nee, d’Enseignant’en si keng Ersatzelteren. Si kënnen deelweis Verhalensweisen inspiréieren, mee et ass am Lycée längst ze spéid. Dass d’Proffen am Stage gesot kréien, en Enseignant wär hautdesdaags gläichzäiteg fir d’Erzéiung zoustänneg, dat ass eng Frechheet. Domat gi mer jo zou, dass d’Kanner net den Elteren hier sinn, mee dem Staat seng.

Dass de Staat där Roll net gewuess ass, dat wësse mer jo, soss wäre mer lo net do, wou mer sinn. »

1 0 0 0 0