LIEWEG – Een Dag nom aneren

Wéi gëtt e Kand domadde fäerdeg, wann vun engem Dag op deen aneren, alles doheem dramatesch changéiert? Nom Accident war alles anescht. Vun do uns, huet d’Laura an engem Ëmfeld vu Gewalt, duerno, vu Mëssbrauch gelieft.

LIEWEG – Een Dag nom aneren“ ass dat neit Buch vum Jessica Mersch, wat mer Iech hei virstellen. E Buch, wat engem ënner d’Haut geet.

De Roman weist eis de Wee vum Laura, wéi si, Dag fir Dag, kämpft, fir iwwerhaapt ze liewen. Sou ass et net fir näischt, dass de Roman als Ënnertitel „Een Dag nom aneren“ heescht.

Et ass all Dag, wou hatt – wou si – sech muss oprappen. D’Laura wëllt kengem weisen, wat an hir virgeet, kee gesäit hiren alldeegleche Kampf, hir permanent Sich no Léift, hir permanent Sich, verstanen ze ginn.

D’Liewe geet weider an d’Laura fënnt hire Wee, bis… 

D’Schicksalsschléi bleiwen net aus, wéi e Leitmotiv, kommen se erëm – an si kämpft weider a weider… een Dag nom aneren.

Et kann een sech an dat klengt Meedchen, an dat jongt Meedchen an di jonk Fra gutt versetzen, dee ganze Wee vum Laura, di Dramen, déi si erlieft huet, hir Dreem, hir Enttäuschungen, hiert Vertrauen, dat se awer ëmmer nees de Mënschen schenkt, hiren éiwege Kampf. Wat dem Jessica Mersch, och gutt gelongen ass, dat ass, wéi si beschreift, wéi ähnlech Situatiounen am Liewen ëmmer nees erëmkommen, ouni dass een se gesicht huet, ouni dass een drop gefaasst war… an déi, wéi am Laura sengem Fall, een an d’Ongléck kënne stierzen.

E Buch, wat engem ze denke gëtt, dass d’Mënschen net ëmmer esou sinn wéi se sech weisen. Villäicht stécht vill Trauer hannert engem Gesiicht, wat net laacht, wat granzeg ass. A wann e Mënsch den Uschäin huet, sech goen ze loossen, dann ass him net gedéngt ze soen: „Rapp Dech zesummen“ – well dat huet eng ganz déif Ursaach, eng Ursaach, déi dee Mënsch an eng déif Depressioun gestierzt huet. An di Leit ronderëm kënnen säin alldeegleche Kampf ne verstoen. *

*D’Buch kritt Der an all Librairie oder dedicaéiert beim Jessica Mersch, fir 13,50 €. Dir braucht hir nëmmen eng Mail ze schécken: bichergeck@gmail.com

———————————————————————————————-

Hei ass eisen Interview mam Jessica Mersch: Schreiwen als Ventil


AGENDA

 

Une pensée sur “LIEWEG – Een Dag nom aneren”

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *