Wat gëtt et z’iessen?“

« Wat gëtt et z’iessen ? » oder « Wéini iesse mer ? » eng vun de Lieblingsfroen vun eise Kanner.

D’Iessen spillt eng grouss Roll an hirem Liewen an si kënnen sech esou wonnerbar freeën, wa gutt gekacht gouf an si kënnen och vill driwwer schwätzen, wat se gären hunn a wat net.

D’Iessen huet awer och eng aner Bedeitung: et ass di Freed, zesummen ze sinn, et ass di Freed eppes ze deelen, mat den Elteren, mat de Geschwëster, de Grousselteren, de Frënn, asw.

Sou huet d’Iessen eng symbolesch Bedeitung, et ass dee Moment, wou d’Kanner kënne verzielen, wat si erlieft hunn, hir schéin, hir manner schéin Momenter. Suite >>

Et ass dee Moment, wou een un hire Reaktioune mierkt, ob eppes net bei hinne klappt – e Kolleg, deen se ugegranzt huet, e Spill, wou se verluer hunn, asw. Spéiderhinn, wann se an d’Pubertéit kommen, kann een un hirem Behuelen mierken, ob deen Ëmgang, deen se hunn, hinne gutdeet oder ob se Mënschen begéinen, déi komesch Gedanken am Kapp hunn, a wou se sech villäicht net richteg kënne wieren. Et ass um Iessen, wou ee mierkt, ob e Kand zefridden ass oder net, ob säi Verhalen sech geännert huet.

Sou kënne mir, als Erwuessener, hinnen hëllefen, mat Zäit, d’Brems ze zéien.

Et ass also wichteg zesummen ze schwätzen, et ass awer och fir si, di Geleeënheet, eppes vum Liewen gewuer ze ginn. Et ass um Iessen, wou mer hinnen verzielen, wat mer haut gemaach hunn, et ass um Iessen wou mer hinnen oft verzielen, wéi et, z.B., fréier war. Et ass un Dësch,wou se di Dausend Froen kënne stellen, déi hinnen duerch de Kapp ginn.

Ech ka mech erënneren, wéi vill mir mat de Kanner geschwat hunn, wéi si kleng waren, wéi si Jugendlecher waren. Spannend war et ëmmer virun de Walen, wou mer diskutéiert hunn, wien dann elo di meeschte Chancen hätt, a wa mer d’Kanner gefrot hunn, wat si da wéilten änneren.

Mir hate Gespréicher, wat fir si am wichtegsten am Liewen wär, an am Gespréich hunn d’Iddien sech entwéckelt.

Leider, ass et haut esou, dass dat Zesummesinn, de Familljen erschwéiert gëtt. An der Mëttesstonn ass oft guer keen doheem, an Owes, gëtt et och oft spéit, sou dass net vill Zäit fir e gemeinsamt Iessen bleift. An de Weekend, do sinn vill Elteren, déi et genéissen, mat hire Kanner zesummen ze sinn. Positiv ass, dass een héiert: „Bei eis, bleift um Iessen, d’Televisioun, den Handy, d’Tablet aus“.

Mä, dat ass net iwwerall de Fall an et héiert een och, dass Kanner eng Tablet an de Grapp gedréckt kréien, fir dass di Erwuessen roueg kënne sinn an um Iessen net gestéiert ginn.

Wann et bei der Ausnahm bleift, ass dat jo kee Problem, mä, wann et bis d’Norm gëtt, dann ass et schwéier, domadden opzehalen.

Wann een d’Iessen zesummen verpasst huet, huet ee vill u Kommunikatioun verpasst. Dann ass et traureg, wann een sech muss spéiderhin froen, wou di Joeren dann nëmmen higaange sinn…

Isabelle Schmit-Mines

08.10.2019

————————————————————————————————————————————————————————————————-

Ënnerschreift och d’Petitioun: « Finanziell Ënnerstëtzung fir déi Mammen a Fraen déi opgehalen hunn mat schaffen fir hir Kanner selwer ze erzéien ».


Liest och:

STOP der Kriminalitéit, STOP der Gewalt: zum Buch: „Tatort Schulhof“ vum Petra Reichling

Une pensée sur “„Wat gëtt et z’iessen?“”

  1. a Propos Iessen
    ech hun nach den Muergen en ganz interessanten Artikel vun der Christa Meves gelies, wou si iwert d’iwergewichteg Kanner schwetzt.
    Si seet dat d’Ursach kann un engem Mangel un Zouwendung a Präsenz vun der Mamm a jonken Joren leien.
    Datselwecht hun ech schon vrun Joren vum Bindungsforscher Karl Heinz Brisch héieren, deen och vun engem méiglechen Suchtverhalen als Ausgleich geschwat huet.

    D’Christa Meves fuerdert duerfier, grad wéi déi aktuell Petitioun, eng gesellschaftlech Unerkennung a finanziell Ennerstetzung vun den Mammen, déi hier Kanner selwer betreien

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *