Fir dass eis Kanner, mar nach, eng gesond Natur hunn

Eis Verantwortung fir hir Zukunft!?

Hatt huet eréischt 16 Joer an di ganz Welt kennt et schonn.

Et huet virum Europarlament geschwat, virun der Assemblée Nationale, um UNO-Klimagipfel zu New York, leschte Méindeg. Et gëtt empfangen vun bedeitenden Perséinlechkeeten.

Duerch hatt, hunn, an iwwer 160 Länner, an 2.900 Stiet, Millioune Jugendlecher gestreikt, fir dass eis endlech sollen d’Aen opgoen, iwwer di dramatesch Konsequenzen, wann eisen ongembremsten Konsum esou weidergeet. An och, wa mer di arem Länner am Stach loossen.

Dir kennt et: Greta Thunberg.

Et weess ee jo net richteg wat hannert där grousser Mediatisatioun stécht. Mä, et mécht een awer stutzeg, dass ebemol, an 160 Länner, Schüler erlaabt kréien, Freides ze streiken, an suguer – sou wéi et di lescht Woch de Fall war, net brauchen an d’Schoul ze goen. Et ass e Phenomen, deen net rationnell ze erklären ass…

Da kann een sech e puer Iwwerleeungen maachen:

Ass de Moment elo komm fir konkret ze ginn? Ass et dat, wat de Victor Hugo sot: « Rien n’est plus puissant qu’une idée dont le temps est venu »?

Oder, et ass en anere Phenomen, deen een effektiv gesäit: di jonk Leit hunn en enorme Potenzial, immens vill Kraaft, wann se sech fir eppes engagéieren.

Just, dass d’Gefor bei dëser ganzer Aktioun ass, dass ze vill Angscht a Roserei opkommen an dass di „al“ Generatioun fir alles responsabel gemaach gëtt. Souwäit däerf et net kommen, di „al“ Generatioun huet et ëmmerhin fäerdegbruecht, dass mer Fridden hunn an dass keen hei brauch Honger ze leiden.

Trotzdem, wann een deen een oder anere Reportage kuckt, iwwer d’Konsequenzen vum Klimawandel, kann ee schonn Angscht kréien. Da gëtt engem bewosst, dass et, mar, ëm hiert Liewen geet, de Kanner, de Jugendlecher vun haut. An dass een se versteet.

Wéi geet et weider? Ouni an d’Hysterie mussen ze falen, konsuméieren mer villäicht elo, méi bewosst, kafe mer villäicht méi bewosst an, iesse mer méi bewosst. Well, et gëtt jo och lues a lues méi bekannt, dass, leider, enorm vill Iessen ewechgehäit gëtt.

Mat e bësschen Phantasie, kann een aus de Reschter, déi een ze vill gekacht huet, jo nees e neie Menu zesummesetzen: « L’art d’accomoder les restes », wéi meng Mamm sot.

Mä, duerfir muss een och Zäit hunn. An do kréien d’Mënschen et, vun uewen erof, net einfach gemaach. Jiddereen soll schaffe goen, kee soll méi doheem bleiwen…

Do bleift jo nees keng Zäit fir a Rou senger Phantasie fräie Laf ze loossen, fir a Rou aus Klengechkeeten eppes ze maachen, fir a Rou seng Kanner an dee ganze Prozess mat anzebannen.

Dobäi kënnt, dass d’Stauen nees virprogramméiert sinn, de Stress, d’Nervositéit, d’Onzefriddenheet. Mä, mir musse liewen an dat ass de sprangende Punkt, dat ass di Angscht, mat där de Mënsch esou vill ze kämpfen huet.

Mir sinn an enger Fal an dat soll ëmmer esou weidergoen?

Firwat net nees d’Thema vum „Bedingungslosen Grundeinkommen“ opgräifen? Fir déi Mënschen, déi dee permanente Stress net verdroen, fir déi di Zäit wëllen hunn, sech deem ze widmen, wat hinnen am Wichtegsten ass, Kanner, Partner, fir d’Wonnerwierk Natur nees z’appreciéieren an ze erliewen, fir kreativ kënnen ze sinn. Ouni dee ganzen Iwwerliewens-Stress, deen se zerrappt.

Do hätte mer och eppes fir eis Ëmwelt gemaach a fir eise Kanner hir Zukunft…

Isabelle Schmit-Mines

26.09.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *