Erziehung prägt Gesinnung »

zum neie Buch vum Herbert Renz-Polster

Wann een dem Herbert Renz-Polster säi Buch gelies huet, weess een, wéi frou hien mat de Kanner ass, wéi en ëmmer nees faszinéiert ass, wann se op Entdeckungsreess ginn, wann se mat Freed sech op eppes konzentréieren. Dass hien hinnen näischt aneschters wënscht wéi „leuchtende Augen“, wéi hien dat esou schéin ausdréckt.

Ëmsou méi grouss ass seng Enttäuschung, jo seng Roserei, iwwer dat wat mer de Kanner ugedoen hunn, mat mer de Kanner haut nach, undoen.

Di streng Autoritéit, mat där vill Kanner nach am leschten Joerhonnert opgewuess sinn an déi haut nach a ville Länner Usus ass, preparéiert den Terrain fir e System deen dann och esou weidergeet. „Kinder autoritärer Eltern werden zu autoritären Erwachsenen“, seet en.

Fir hien wären all di Greueltaten, déi Mënschen fäerdegbréngen, net méiglech, wann do net an der Kandheet eppes geschitt wär, wat och sech géint dee klenge Mënsch, deemools, geriicht hätt.

An Hand vu ville Beispiller erklärt en, wéi en autoritäre System, eng autoritär Erzéiung, dozou bäigedroen hunn, dass, z.B., deen aktuellen amerikanesche Präsident iwwerhaapt konnt un d’Macht kommen. An déi Art a Weis, wéi Diktatoren hiert Land regéieren ass d’Konsequenz vun där Art a Weis wéi si selwer erzu gi sinn.

An haut? Wann haut d’Erzéiung net méi esou streng ass (wéinstens an eise Géigenden) huet en anert Phänomen sech « en place » gesat, e System, dee ville Kanner net gerecht gëtt. Kanner, déi scho vu klengem un musse fonktionéieren, Kanner, déi sech net no hirem eegene Rhythmus däerfen entfalen, Kanner, déi net kënnen fräi an onbeschwéierlech hir Ëmwelt entdecken, well ëmmer een do ass, deen hinne seet, wat se elo solle maachen. Kanner, deenen hiren alleréischte Besoin, Bindung zu engem oder zwee Mënschen, net genuch erfëllt gëtt.

Och d’Elteren, ginn onsécher an eisem System gemaach, well se vun uewen erof gesot kréien, ouni Fréifërderung, wären hir Kanner verluer. Neen, ganz kloer an däitlech widderhëlt et den Herbert Renz-Polster: „Bindung und Entwicklung kommen vor Bildung ». Nëmmen esou maache frou a staark Kanner.

Bildung, sech fir seng Ëmwelt interesséieren, d’Ëmwelt, d’Liewen, wëllen verstoen, mécht sech iwwer e ganz natierleche Wee, wann den Terrain preparéiert ass. Wann d’Kand an engem Ëmfeld vu Léift, vu Vertrauen, vu Freed opwiisst. Well, wien seet eis, op d’Fréifërdung vu baussen fir all Kand positiv ass? Wien seet eis, dass eng extern Bildung besser ass, wéi déi doheem?

Wa mer wëllen eppes fir d’Welt vu muer maachen, dann ass et emol, den Elteren d’Méiglechkeet ginn, iwwerhaapt emol e Choix ze hunn an hinnen ënnert d’Äerm ze gräifen, a net nëmmen alles op een eenzege Modell setzen. Dann ass et, sech bewosst ze sinn, wéi mer als Elteren, Grousselteren, Erzéier, Enseignant, eis de Kanner vis-à-vis behuelen.

Sou, wéi mer deem anere Mënsch begéinen, ob mer him mat « bienveillance » entgéint kommen, sou wéi mer probéieren, deen anere Mënsch ze verstoen, dat alles gëtt an der klenger Kandheet geprägt. Näischt gëtt vergiess, wat sech a klenge Joeren ofspillt…

D’Buch „Erziehung prägt Gesinnung“ ass immens dokumentéiert a gëtt eis vill Informatiounen iwwer d’Konsequenzen vun der Erzéiung op d’Gesellschaft. Et stéisst eis op Iwwerleeungen, iwwer eis Gesellschaft, iwwer eist Mateneenliewen, iwwer eist Versteestemech.

Et ass beim „Kösel Verlag“ erauskomm.

.

Isabelle Schmit-Mines

10.07.2019


Der Kinderarzt Dr Herbert Renz-Polster, (geb. 1960), hat die deutsche Erziehungsdebatte in den letzten Jahren wie kaum ein anderer geprägt. Seine Werke « Kinder verstehen » und « Wie Kinder heute wachsen » sind Klassiker. Nun wendet er sich einer Frage von höchster gesellschaftlicher Brisanz zu: Wie kommen politische Haltungen in die Köpfe von Kindern? Und wat hat das mit ihren Familien zu tun?

Herbert Renz-Polster hat vier Kinder und lebt mit seiner Frau Dorothea in der Nähe von Ravensburg.

D’Buch „Erziehung prägt Gesinnung“ ass am Kösel Verlag erauskomm.

Une pensée sur “„Erziehung prägt Gesinnung »”

  1. « J’aime bien dire qu’un individu n’est rien sans lien qui le retient. La vie est très difficile quand les êtres humains n’ont pas d’ancrage. » (Gilbert Pregno dans „Le journal des Psychologues“)

Répondre à Isabelle Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *