Berufung – Beruff

Wat wëlls De dann hannenno ginn“?, ass jo oft eng Fro, déi erëmkënnt, wa mer am Gespréich mat de Kanner sinn.

D’Äntwerten sinn dann oft bei de Jongen: Pompjee, Polizist, Pilot, Dokter, a bei de Meedercher heescht et oft: Léierin, Infirmière, Educatrice, Sängerin.

An effektiv, méi wéi ee Kand huet säin Dram kënnen erfëllen an dee Beruff ergraff, deen et an senger Imaginatioun hat.

Glécklech, dei Mënschen, déi hiren Dram, hir Berufung zu hirem Beruff maachen!

Mä, dat ass net jidderengem vergonnt. Dramatesch gëtt et, wann e Puppelchen do ass an et ass een obligéiert, trotzdem schaffen ze goen, obwuel ee genee weess, dass seng Berufung op engem anere Plang läit. Leider ass et hautdesdaags esou, dass d’Elteren, oft gezwonge sinn, hir Aarbecht ze halen, déi se hunn, ob se wëllen oder net.

Wéi vill Mënschen sinn haut op hirer Aarbecht, der Angscht, dem Stress ausgesat, deen se oft psychesch a physech net méi packen? Angscht, seng Aarbecht ze verléieren, Angscht, net op der Héicht ze sinn, Angscht ze versoen?

An dat huet och eng Repercussioun op d’Kanner, op hiert Vertrauen an d’Liewen, op hir Freed am Liewen. Wéisou gëtt eis virgemaach, et wär esou einfach Kanner, Partnerschaft, Beruff, ideal mateneen ze verbannen an d’Realitéit weist eppes ganz anescht? Wéisou gëtt vun uewen erof virgeschriwwen, wat fir d’Kanner gutt soll sinn, an d’Realitéit ass oft ganz anescht? D’Kandheet hält net op beim Congé parental op, a wann d’Kanner ganz kleng sinn, ass et essentiel, jo liewesnoutwenneg, d’Elteren an deem Choix z’ënnerstëtzen, deen se gewielt hunn fir hire Kanner dat Allerbescht ze ginn.

E Kand ass e Kand!“, hate mer emol eng Kéier gesot kritt. A wéisou ginn dann Differenze gemaach?

Sech entfalen“, ass en Thema, dat oft erëmkënnt: an enger Demokratie misst dach jiddereen déi Méiglechkeet hunn? Oder, war dat just en Dram? Wat ass da nach e Mënscheliewen, wa mer nach just liewen fir ze schaffen?

Et gëtt nach Mënschen, déi hiren « projet de vie » konnte liewen a mir bréngen Iech hei, e puer Temoignagen vun eise Lieser.

D’Kandheet ass eng Zäit, déi ni méi erëmkënnt, ech wëll all Etapp bei de Kanner mat erliewen.“

Grad doduerger, dass ech net schaffe gaange sinn, hunn ech esou vill duerch d’Kanner geléiert, dass ech spéiderhinn, dié Talenter konnt entwéckelen, déi ech ëmmer a mer gespuert hunn.“

Ech hunn jo awer net fir näischt di Studien gemaach, duerfir wëll ech awer nach schaffe goen“.

Ech hu bei menger Mamm gesinn, dass se net frou war, wéi mir aus dem Haus waren. An duerfir hunn ech mer ëmmer virgeholl, hallef Deeg schaffen ze goen, fir ëmmer eppes ze hunn.“

Owescoursen hu mir gehollef nees an de Beruff ze kommen“.

Mamm sinn ass elo meng Berufung, dat anert huet nach Zaït“, asw.

Mä, dann héieren mer vun uewen erof, dass, wann een als Mamm oder Papp, eng Zäit net schaffe gaangen ass, een ni méi an (d)e Beruff erakënnt.

Wat ass do richteg drun? Wéi ass Är Meenung? Wéi sinn Är Erfahrungen? Wéi sinn Erfahungen vu Leit, déi Der kennt? Deelt eis se mat, si sinn wichteg an enger Zäit, wou esou vill geschwat a geschriwwe gëtt a kee méi richteg weess, wou en drun ass.

Mir freeën eis op Är Temoignagen!

Isabelle Schmit-Mines

02.07.2019

Liest och:

De Bréif vum Marie-Andrée Faber: Die Fremdbetreuung

Den Interview mam Sandy Flesch iwwer hir Petitioun: « Attribution d’une allocation d’une indemnité pour les personnes gardant leur(s) enfant(s) eux-mêmes à la maison »:

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1603

————————————————————————————————-

Une pensée sur “Beruff – Berufung”

  1. Ech sinn der 57, an wär am Rentenalter, wann…..
    …. jo wann ech net opgehalen hätt mat schaffen.
    Ob ech et bereien, elo wou ech meng Rent scho geneisse kéint?
    Nee, keng Minute.
    Ech war ëmmer do fir meng Jongen, hunn se konnten zillen, hunn all Misère deen se an der Schoul oder mat Frënn haten, konnten nolauschteren an tréischten. Mir haten Zäit fir ze kuschelen, ze molen, ze bastelen, spadséieren ze goen, d’Grousselteren besichen etc…
    Alles ëmmer am Interessi an no de Bedürfnisser vun de Jongen.
    Ech denken, datt dat si virbereet huet, fir hiert d’Liewen. Nëmmen op zolitten Fundamenter kann een e stabilt Haus bauen.
    No 16 Joer Paus sinn ech neess schaffe gaangen, nodeems ech di néideg Formatiounen absolvéiert hunn.
    Elo ginn ech nach schaffen, an jo, ech géif och léiwer schonn a Rent goen. Ma et fällt mer manner schwéier elo weiderzeschaffen, wéi et mer schwéiergefall wär, deemols meng Kanner a friem Hänn ze ginn. An jo, et waren aner Zaïten, a 16 Joer Beruffspaus sinn haut Utopie. Ma di éischt 4-5 Joer misst e Kand bei engem Elterendeel kënne sinn…
    Rentesplitting, dorun kéinten eis Politiker mol denken…
    An haut déi Elteren, déi sech entscheeden bei de Kanner ze bleiwen, am selwechten Mooss finanziell ënnerstëtzen wéi déi Elteren, déi hir Kanner friembetreien lossen. Dat wär gerecht, esou wei et elo ass, gëtt een Deel vun den Elteren diskriminéiert !

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *