An engem déiwe Lach

Mir haten Iech schonn vun traurege Fäll geschwat, wou d’Elteren keng staatlech Hëllef fir hir Kanner kréien, obwuel dës Hëllef batter néideg wär.

Et geet ëm Kanner, déi net sinn wéi di aner, et geet ëm Kanner, déi ënner engem Handicap leiden, an eng speziell Betreiung missten hunn.

Haut hu mer de Bréif vum Gerd Schmidt, deen säit 2017 kämpft fir seng Duechter, an deen ee Refus no deem anere kritt huet.

Wéi vill wäertvoll Zäit geet verluer, eng wäertvoll Zäit, déi de Kanner géif zegutt kommen, fir dass eng Behandlung mat Zäit kéint ugoen an d’Kanner an hirer Entwécklung net géifen gebremst ginn.

Léierinnen, Schoulmeeschteren, Psychologen, weisen ëmmer nees drop hinn, dass d’Waardezäiten einfach ze laang sinn bis d’Kanner di néideg Hëllef kréien, déi se brauchen, wann se se iwwerhaapt kréien.

Um Pabeier steet et awer esou: di Kanner, déi Hëllef brauchen, mussen se jo och kréien. Mä, di Temoignagen vun eise Lieser weisen eppes anescht…

A wat maachen d’Elteren an eng ganz Famill mat, wann se op Äntwerte waarden, déi se net kréien? Enttäuschung, Hëlleflosegkeet, Verzweiflung: si spieren sech einfach eleng… an dat an engem Land, wou ëmmer vun Solidaritéit geschwat gëtt, an dat an engem Land, wou Räichtum ass, an dat an engem Land, wou gesot gëtt: „Wann et dem Land gutt geet, soll et de Bierger och gutt goen“!?

Neen, d’Elteren an d’Kanner ginn ze vill oft eleng gelooss.

Iwwer 1.000 Kanner hei am Land, wunnen net bei hiren Elteren. Dramatesch Zifferen fir e klengt Land. Gëtt vun den Ursaachen geschwat? Wéi wäit ass do nees ze laang nogekuckt ginn? Et wären der villäicht vill manner, wann d’Elteren net esou iwwerfuerdert wären, wann se méi Zäit hätten fir hir Kanner – da wären méi Kanner ausgeglach an net esou verhalensopfälleg, wéi mer dat dacks gesinn. Awer neen: alles gëtt op Friembetreiung gesat.

Wéi vill Kanner dréinen duerch, ginn aggressiv, well se hir Elteren de ganzen Dag mussen entbieren, an dat grad an enger Zäit, wou si se am meeschten brauchen? Wou si se brauchen, fir eben mat deenen anere Mënschen eens ze ginn, wou si brauchen fir Vertrauen an d’Liewen ze hunn. Wéi hat de Gilbert Pregno, Psycholog, et esou treffend geschriwwen an sengem Artikel « Que faire des enfants qui dérangent à l’école? » (L.W., den 15.09.2018): « Ce sont des enfants abîmés, malheureux en proie à un grand gouffre psychique et qui sont affamés à un niveau émotionnel.»

A mir loossen dat einfach esou zou?

An engem déiwe Lach sinn vill Mënschen an eiser Gesellschaft, well keen se versteet, well keen ka novollzéien, wat se all Dag matmaachen. Well een sech net bewosst ass, dass all Wuert, wat gesot gëtt, dass all Wuert wat NET gesot gëtt, eng Repercussioun op een oder op méi Mënschen huet. Sou wéi e Steen, deen d’Kanner an d’Waasser geheien an deem seng Wellen ëmmer weider auserneen ginn, sou ginn eis Wierder, eis Aktiounen, op di aner Mënschen weider.

Isabelle Schmit-Mines

07.05.2019

Liest och an dësem Kontext:

Den Temoignage vum Gerd Schmidt: De Bréif vun engem frustréierten a rosene Papp

Den Temoignage vum Michelle: Eleng gelooss“

Gratis Kannerbetreiung – di gutt Léisung fir eist Land?

Agenda

Une pensée sur “An engem déiwe Lach”

  1. D’Wuel vun de Kanner ganz allgemeng zielt net vill… demno gëtt sech och net weider dofir agesaat.
    Dorënner leiden all d’Kanner, awer am meeschten déi, mat besonnesche Bedürfnisser.
    Haaptsaach Wuesstem, Wuesstem, Wuesstem…..
    Investitiounen nëmmen do, wou Profit garantéiert ass. Mënschlechkeet ade …

Répondre à Luna Da'Lamora Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *