Nächste Sonndeg: eng familljefrëndlech Regierung?

Wa mer eis di nächst Woch erëmgesinn, steet wahrscheinlech fest, wien di nei Regierung wäert bilden.

No enger Familljepolitik, déi di eng Elteren vis-à-vis vun deenen aneren diskriminéiert huet a kaum de Choix gelooss huet;

No enger Bildungspolitik, déi scho kleng Kanner als Schoulkanner gesäit – d‘Crèche als Virstuf vun der Schoul, sot den Educatiounsminister eng Kéier op RTL -,

No enger Regierung, déi d’Appellen no Léisungen vun Psychologen, Educatricen, Léierinnen, Schoulmeeschteren, net berücksichtegt huet,

ass d’Zäit elo komm, dass mer eng Familljepoltik wëlle kréien, déi sech nees fir d’Kand interesséiert, déi d’Kand versteet, déi sech an den Alldag vun den Elteren kann era versetzen.

Wann een sech d’Walprogrammer ukuckt, gesäit een, dass et fir di meeschten Parteien wichteg ass, wéi d’Aarbecht vun den Elteren organiséiert gëtt. An héichqualitativ Betreiungsstrukturen. An der Theorie, jo: mä wat fir e Kand zielt, dat ass eng gutt Relatioun mat der Educatrice / Educateur. Well wann d’“Chimie“ net klappt, gëtt et fir d’Kand ganz schwéier.

Verschidde Parteien froen och, dass de Congé parental méi laang soll daueren. Awer, de Montant vum Congé parental gëtt vu kenger Partei a Fro gestallt. Wann ee genee hikuckt, ass en a ville Fäll däitlech manner, wéi virun der Reform. Bei enger klenger Paie, bei engem mi-temps, ass en oft minim. „Däitlech méi“ hat et geheescht: abe jo! Dass d’Kannergeld vum 2. Kand un, erofgaangen ass, stéiert di meeschte Parteien kaum. Rar, sinn déi, di froen, dass d’Kannergeld neess méi héich an och indexéiert soll ginn.

Flexibel Aarbechtszäiten, Deelzäitaarbecht sinn ideal Léisungen, wann d’Elteren allen zwee hire Beruff gären hunn an och, wann d’Kanner e bëssi méi grouss sinn. Mä, si mussen awer kënnen iwwer d’Ronne kommen…

Firwat gëtt et dann enger Mamm, engem Papp esou schwéier gemaach, wann si sech selwer eng Zäit ëm hiert Kand wëlle këmmeren? Wann si dee ganze Stress net wëllen? (Och de Stress op de Stroossen, wa kee weesss, wéini en Heem kënnt). Wann se net wëllen, dass d’Kand, dauernd am Kaméidi ass? Wann si selwer wëllen mat hire Kanner schwätzen, den Alldag mat hinnen deelen, hinnen selwer wëllen villes bäiléieren? Esou wéi d’Walprogrammer elo ausgesinn, schéngt dat nach ëmmer schwiereg ze sinn. Hei ass den Temoignage vum Brigitte, Educatrice: Den Elteren ginn vun eiser Regierung, Sand an d’Aen gestreet, et ginn Saachen versprach … Keen vun deenen groussen Riedner kënnt op den Terrain, schwätzt mat den Educatricen an virun allem… gräift hiir Bedenken op! Mir hunn Elteren, déi hire Bébé mat 3 Méint an d’Crèche musse ginn, mat Tréinen an den Aen, well et hinnen schwéier fällt, mä si hunn keng aner Wiel…“

Muss dat dann stänneg esou weidergoen?

Mir hunn op dëse Säiten ëmmer neess op e Neits gefrot, dass d’Elteren dach sollen de Choix hunn. Et geet hei ëm kleng Kanner, déi hiert Liewe laang geprägt sinn vun hiren éischten Erfahrungen.

E puer Parteien wëllen d’Elteren direkt ënnerstëtzen, wann een vun hinnen, sech eng Auszäit hëlt, z.B.:

D’ADR, proposéiert en Elteregeld vun 2.000 Euros, beim éischte Kand, gestaffelt fir di nächst Kanner. Mat dësem Elteregeld, deen d’Elteren zegutt hunn, bis d’Kand an de Lycée kënnt, kënnen se eng Betreiungsstruktur bezuelen oder sech selwer ëm d’Kand (d’Kanner), ganz, oder hallefdags këmmeren. Flicht ass, seng Cotisatiounen an d’Pensiounskeess ze bezuelen. Och d’Kannergeld soll nees erhéicht ginn.

D’CSV wëll d’« allocation d’éducation » no soziale Critèren neess aféieren, eng Hëllef fir « familles nombreuses », accordéieren.

D’PIRATEN proposéieren de Chèque service auszebezuelen, gestaffelt nom Revenu vun den Elteren, wann ee vun den Elteren, sech wëll eng Auszäit huelen.

 

Isabelle Schmit-Mines

09.10.2018

Liest och:

Wat notzt et de Kanner?, Méi Elteren, manner Staat

Agenda


                    

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *