Wat notzt et de Kanner?

Et geet ëm pedagogesch Projeten, ëm pedagogesch Konzepter, et geet ëm Fréifërderung, et geet ëm e puer Sproochen léieren an der Crèche, et geet ëm Chanceglaïchheet, asw.

Enorm vill Suen ginn investéiert fir alles dat ëmzesetzen, wat den Educatiounsministère an der Friembetreiung fir kleng Kanner, sech virgeholl hat. Elo kommen da nach Kontrollen an de Crèchen, bei den Dagesmammen, an d’Maison-relais fir ze préiwen, ob dat pädagogescht Konzept – wat si selwer ausgeschafft hunn – och wierklech ëmgesat gëtt.

Wat bréngt dat alles klenge Kanner, Bebeeën? Wat notzt engem klenge Kand, eng Friemsprooch ze léieren, wann et seng Mammesprooch mol net beherrscht? Wat notzt engem klenge Kand, Fërderungsprogrammer, wann seng éischt Besoine mol net erfëllt sinn? Eent dierfe mer dach net aus den Ae verléieren: et geet ëm eis Kanner, kleng Mënschen, déi 9 Méint laang, am Kierper vun hirer Mamm gewuess sinn, schutzlos sinn, a virun allem Léift an Zouwendung brauchen. Et hëlleft kengem Kand op 2 oder 3 Sproochen ze kräischen, wa keen sech drëms këmmert, et op den Aarm ze huelen fir et ze tréischten! Eis Kanner brauchen Halt, Verléisslechkeet, Bindung an hir Elteren. Dat ka kee Ministère einfach emol esou ersetzen!
An dat, wat awer wierklech wichteg fir d’Kanner ass, dat gëtt net ugeschwat. En enorme Budget verschléngt di ganz Friembetreiung, mat all deene Projeten.
Genee esou wéi di Werbekampagne iwwer d’Fréifërderung vum Kand, eng Brochure mam Titel
« Besser Startchance fir all Kand«  – wat schonn eng Ënnerstellung ass, dass et doheem sécher net sou gutt ass wéi an enger Crèche. Dass Suen do sinn, gesäit een do drunn, wéi vill Informatiounsmaterial scho verwierklecht a verdeelt gouf.

Wéi oft kréie mer op « Famill.lu » an op eiser FB-Säit, « Méi Elteren, manner Staat » traureg Mailer oder schockéierend Aussoe, wou d’Kanner an der Crèche oder Maison-Relais net gutt behandelt ginn!
Wa schonn eng Crèche muss sinn, da wéinstens esou, dass d’Kand sech wuel spiert an et ëm gutt geet. An dat froe mer de Ministère:

– De Betreiungsschlëssel erofzesetzen, max. 3 Puppelcher/Betreier, an iwwer eng gewëssen Alterskategorie lues a progressiv steigeren.

– E Kader fir Crèchen ausschaffen, wat genee eng gutt Betreiung vu klenge Kanner bedeit, mat feste Richtlinnen, déi net iwwerschratt dierfe ginn. Souwuel an Hisiicht vum Ëmgang mat de Kanner, d’Raïmlechkeeten, wéi och wann et ëm d’Hygiène oder d’Iesse geet.

A Kanner, déi net friembetreit ginn:

– Denen Elteren, déi hier Kanner NET an eng extern Struktur bréngen, och eng finanziell Ënnerstëtzung zoukomme loossen, och wann se net sou héich ass wéi déi vun deenen Elteren, di hier Kanner extern betreie loossen.

– Der Famill, wou z.B. Bomi oder/a Bopi sech ëm d’Kand këmmert, och eng finanziell Ënnerstëtzung zoukomme loosen, well et si genee déi Leit, déi maachen, dass eis Infrastrukturen net aus alle Néit platzen, an déi sech, mat vill Zäit an Zouwendung, ëm d’Kanner këmmeren.

– Déi Elteren, déi fir d’Betreiung vun hire Kanner berufflech zréck schrauwen, ënnerstëtzen. Hinne Méiglechkeete ginn fir en temps partiel oder télétravail. De Patronat encouragéieren an z.B. steierlech Virdeeler ginn, wann si, 2 temps partiel amplaz vun engem temps plein astellen.

Wat wëllt eng Regierung wierklech? Wat wëllen d’Elteren wierklech? Et sinn d’Elteren, déi ëmmer nach di éischt Responsabel fir hir Kanner sinn, dann missten och si emol endlech kënnen e Wiertchen matschwätzen.

D’Interviewen mam Prof. Dr Claude Müller: « Ouni wëssenschaftlech Grondlagen » http://www.famill.lu/?page_id=4655 a mam Jacques Dahm: « Mussen d’Kanner esou belaascht ginn? » http://www.famill.lu/?page_id=4594, op dësem Site, weisen eis, dass dat, wat mer als wichteg presentéiert kréien, net onbedéngt bewisen ass an net onbedéngt nëmmen am Intérêt vun eis ass…

Méi Elteren, manner Staat, e groupement d’intérêt, fir Elteren, fir Kanner

24.04.2017

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *