Et geet ëm eis Zukunft

Eng Regierung ka villes bewegen, dat hu mer ënner dëser Legislaturperiod gemierkt.

Dës Regierung hat sech e Programm virgeholl, dee stur duerchgefouert ginn ass, ouni un d’Repercussiounen ze denken, op d’Kanner an op d’Elteren.

De 15. Dezember 2014 hat d’Wort en Interview mam Fränz Fayot publizéiert, wou e seet: „Der Wegfall der « allocation de maternité » und der « allocation d’éducation » ist Bestandteil eines neuen Gesellschaftsmodells mit dem Ziel, mehr Frauen an den Arbeitsmarkt heranzuführen…. Parallell dazu wird die finanzielle Entschädigung des Elternurlaubs erhöht, die Bestimmungen werden flexbler gestaltet, de Zahl der Betreuungsplätze in den Kindertagesstätten wird erhöht.“

Do gesi mer dass et si nëmmen interesséiert huet, dass d’Fraen sollen méi schaffe goen an dass di ganz Bildungsoffensive, dee ganze Fréifërdungsprogramm eigentlech Niewesaach war. Trotzdem ass dat esou duergestallt ginn, dass et fir d’Kanner dat Allerwichtegst wär. A wéi vill Leit hunn dat dann och nach gegleeft?

Natierlech muss eng Regierung Changementer maachen, fir d’Wuel vun engem Land. Mä bei klenge Kanner muss een enorm viirsechteg sinn an net « envers et contre tout », ee Programm einfach duerchzéien, ouni un d’Konsequenzen ze denken.

Si hunn also hiert Zil errreecht: d’Elteren mussen allen zwee schaffe goen an d’Kanner ginn friembetreit.

Et ginn natierlech Kanner, déi kee Problem hunn, Kanner, déi méi extravertéiert sinn, Kanner, déi liicht Kontakt zu anere fannen. Et gëtt awer och Kanner, déi méi sensibel sinn, Kanner déi méi unhänglech sinn: fir si ass di ganz Politik, déi mer elo kannt hunn, tragesch.

Tragesch ass et och fir eng Mamm, déi hire Puppelchen muss ze fréi hirginn. Well, wann e Puppelchen bis ënnerwee ass, wann e Puppelchen bis do ass, ännert sech alles. An dat ass net am Viraus ze gesinn.

Ech kennen jonk Fraen, déi voll Energie waren, frou waren mat hirem Beruff, geduecht hunn, et wär kee Problem, Kand a Beruff ënner een Hutt ze bréngen. Bis bemol: de Puppelchen ënnerwee war, an si nach just ee Wonsch haten: sech nach just wëllen ëm d’Wuel vun hirem Puppelchen ze këmmeren.

Et kann een näischt am Viraus soen, bei sou enger grousser Etapp an enger Fra hirem Liewen. An do, huet keen dran ze schwätzen.

All Mamm huet Respekt vun enger Regierung verdéngt (ech schwätzen hei vun der Mamm, well si duerch d’Schwangerschaft, enk mam Puppelchen verbonnen ass). Eng Regierung huet all Mamm z’ënnerstëtzten, ob se wëll selwer do sinn fir hiert klengt Kand, oder ob se méi zefridden ass, well se hire Beruff wëll weider ausüben – ganz oder hallef. An da muss d’Kand an enger gudder Friembetreiung sinn: gutt heescht, sou d’Betreier léif a gentil mat de Kanner sinn.

Dës Regierung hat et jo fäerdeg bruecht, dass nëmmen déi Mammen, de Congé parental zegutt hunn, déi schaffe ginn. An da krute mer och nach gesot: däitlech méi fir all Famill – wat nëmmen an e puer Fäll richteg war. *

E neie Gesellschaftsmodell wollten se schafen: déi Rechnung geet net op, well d’Kanner, well d’Elteren keng Robotere sinn, déi sech einfach « updaten » loossen. Mir sinn nach selwcht, mir spieren nach ëmmer selwecht.

Duerch d’Temoignagen vun Psychologen, Educatricen, Schoulmeeschteren, Léierinnen, Elteren, wësse mer elo wéi vill Kanner onglécklech sinn. An da schécke mer se an d’Therapie, amplaz bei der Basis unzesetzen. An d’Basis, dat sinn eben oft, d’Elteren.

« Allocation d’éducation », Familljegeld, Elterengeld: eng Formule muss fonnt ginn fir dass endlech di Ongerechtegkeet ophéiert, wou nëmmen di eng ënnerstëtzt ginn an net di aner.

An et soll kee soen: Wien bezillt dat dann? Well, wat kaschten eist Land, dann, all di Betreiungen a Fréifërderungsprogrammer a mir wëssen guer net wat dobäi erauskënnt?

A knapp 14 Deeg, gi mer wielen, a mir mussen eis gutt iwwerleeën, wee mer wielen. D’Walprogrammer soen däitlech wéi d’Parteien d’Familljepolitik gesinn. Et läit un eis, di richteg ze wielen… Et läit un eis, d’Zukunft mat ze gestalten, andeems mer de Kanner, alle Kanner dat ginn, wat se brauchen. Well nëmmen mat Kanner, déi Vertrauen hunn, déi equilibréiert sinn, déi frëndlech sinn, déi Empathie hunn, déi frou sinn, kënne mer eng Zukunft opbauen, wou d’Liewen nach Liewenswäert ass.

Isabelle Schmit-Mines

01.10.2018

Liest och an dësem Kontext:

Firwat Kanner an der Schoul stéieren?, de Lieserbréif vum Michel A. Mathias

*De Congé parental, kritesch gekuckt, Méi Elteren, manner Staat

STOP der Kriminalitéit: Tatort Schulhof: d’Buch vun der Polizeikommissarin Petra Reichling ,

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *