Firwat Kanner an der Schoul stéieren?

Den Artikel vum Här Gilbert Pregno ënnert „Analyse & Meinung“ vum 15. September 2018 am Wort, geet vum Buch « Staark Kanner » vum Educatiouns-Minister aus, an hien schwätzt besonnesch vun deene Kanner, déi mat hirem Behuelen opfalen, an dofir an der Schoul stéieren.

Op Internet hunn ech mech iwwert dat Buch schlau gemaach, an ech wor scho beim 2. Saz entsaat: De Minister schéngt erkannt ze hunn, dass di 4 éischt Joeren vun engem Kand, iwwer seng Entwécklung entscheeden; an dofir mengt hien, d’Politik misst dat an d’Hand huelen an de Mammen hir Kanner sou fréi wéi méiglech ewechhuelen, fir dass se déi bescht méiglech Chancen am Liewen hätten.

Ma, Kanner, déi ze fréi vun hirer Mamm getrennt ginn, entwéckelen dat Behuelen, dat haut an de Schoulen (an an de Maison-Relaisen) sou vill Probleme mécht. Ech hunn e Buch vum Dr René Spitz aus den USA doriwwer studéiert: Hie nennt dee Problem « Psychischer Hospitalismus » (um Internet bei Wikepedia nozeliesen).

Den Här Pregno stellt fest, dass d’Schoul muss d’Problemskanner « geréieren » ouni op d’Léisung vun hire Probleme kënnen anzegoen; an ier dës Kanner kënne professionnell Hëllef kréien, ka vill Zäit vergoen. – Mol kucken, wéi vill qualifizéiert Personal de Minister dofir fënnt…

Et misst ee villäicht drun denken, de Problem un der Wuerzel ze paken, an de Kanner hir Mammen ërëmginn: Mat deem ville Geld, dat eleng d’Bedreiwe vu Crèchen a Maison-Relaise kascht, kënnt een de Mammen hëllefen, hir kleng Kanner selwer ze betreien, an sou déi psychesch Probleme vun de Kanner net eréischt entstoen ze loossen; och wann dat nëmmen en Deel vun der Léisung ass.

Den Här Meisch géif mengen, et misst ee mol ënnersichen, wéisou Kanner dës Probleme kënne kréien, a kucken, wéi eng Strukture mir hätten a wéi eng mir nach bräichten. Dobäi géif et scho Rapporten, déi dat alles ënnersicht hunn; se si just nach net ëmgesat gin. Ofgesinn dovun, kënnt ee séilesch krank Kanner net einfach flécken wéi en Auto…

Déi grëndlech Analys vum Här Pregno weist däitlech, dass d’Léisung, déi d’Politik virgesäit, eng Plooschter op en Holzbeen ass. D’Ursaache si bekannt: Kanner, déi vu klengem un net déi néideg Bindung zu enger fester Bezuchspersoun kënnen opbauen, entwéckelen e besonnescht Behuelen, fir déi Opmierksamkeet ze kréien, déi hinne feelt. Doduerch falen se op a stéieren. Déi vernoléissegt Kanner fillen sech manner Wäert a kënnen doduerch aggressiv ginn. Aner Kanner zéien sech an hiert Schléckenhaischen zréck a sinn extra brav, fir ugeholl ze ginn; dat ass ower och net zu hirem Virdeel.

Och wann d’Elterenhaus leider ze oft géif versoen, wieren d’Mängel an der Organisatioun vun de Servicen an hir Verantwortlech, un de Probleme vun dëse Kanner bedeelegt. Et wier un de Politiker fir de Familljen an onserer verännerter Gesellschaft Rechnung ze droen; mä dat Gebastels, dat de Moment probéiert géif, wier keng brauchbar Stratégie:

Et geet net duer, vill Suen auszeginn, fir de Problemskanner an der Schoul wëllen ze hëllefen, soulaang net beduecht a verhënnert gëtt, dass d’Problemer scho bei de klenge Kanner enstinn.

Soulaang de Wirtschaftswuesstem méi wichteg ass wéi d’Wuel vun eise Kanner an hire Familljen, ass keng Besserung méiglech. Et ass un der nächster Regierung, sech fir d’Rechter vun de Kanner anzesetzen, besonnesch fir hiert Recht op eng glécklech Kandheet an enger harmonescher Famill: Dofir brauchen se Mammen, déi Zäit fir si hunn, an net dem Wuelstand an dem Wuessen vun der Wirtschaft geaffert ginn.

E fréiere Schoulmeeschter an HMC-, Spezial- a Komplementar-Klassen

Michel A. Mathias / Waldbriedemes

01.10.2018

 

Une pensée sur “Firwat Kanner an der Schoul stéieren?”

  1. Wann d’Erzéiung vun de Kanner just aus der Perspektive vun den Erwuessenen gesinn gëtt, da kënnt dat dobäi eraus wat mir elo hunn.
    Wéi ass et fir Kanner wann se vu Moies bis Owes dorëmmer verfracht ginn, wa keen Zäit fir si huet ? Wéi fillen si sech wuel dobäi?
    Si sinn dat schwächste Glidd an der ganzer Ketten a kënne sech net wieren, si mussen déi Emstänn erdroen déi mir Erwuessener fir si parat halen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *