All Kand huet säin eegene Rhytmus…

D’Verantwortung vun der nächster Regierung…

Wa mer elo an 3 Woche wiele ginn, da kënne mer nëmmen hoffen, dass mer eng Regierung kréien, déi d’Kandheet anescht gesäit, wéi dës Regierung et gemaach hat, an sech och mat der klenger Kandheet auserneen setzt.

Mir wëssen all, wat e Kand virun allem brauch: fir d’alleréischt Léift, Bindung, Vertrauen, Zäit, fir dat Vertrauen opzebauen. Et kléngt scho banal, mä et ass fundamental fir säi Liewen.
Alles dat gouf carrément ignoréiert an deene Joeren, wou dës Regierung um Rudder war.

Alles dat gouf carrément ignoréiert an der « Table Ronde », déi gëschter op RTL Télé Lëtzebuerg war.

Et ass den Alldag, deen et fir d’Kanner ausmécht. Et ass de Stress vum Alldag, deen d’Kanner, deen d’Elteren net verdroen. Stress vun enger Friembetreiung fir d’Kanner, Stress op der Aarbecht, Stress am Stau fir d’Elteren. A wann elo och nach di zwee Elteren dat alles, all Dag musse matmaachen: wat doe mer hinnen un, wann mer si an een eenzege Modell drängen, deen heescht: nëmme schaffe goen ass wichteg? Firwat mussen déi Elteren, déi dat alles net wëllen, „bestrooft“ ginn, a behandelt ginn, wéi wann si näsicht Wäert wären? Et ass nëmmen an eng Richtung gekuckt, wa gesot gëtt, et wär e Risiko, wann eng Mamm oder e Papp, sech wëll eng Auszäit huelen.

Haut hu mer esou vill Kanner, déi „emotionell erhéngert sinn“, wéi et den Gilbert Pregno, um 100,7, leschte Freideg gesot huet.

« Ce sont des enfants abîmés, malheureux, en proie à grand gouffre psychique et qui sont affamés à un niveau émotionnel », sou huet hien et och a sengem Artikel « Que faire des enfants qui dérangent à l’école? » (Wort, 15. September, 2018), geschriwwen.

Emotionell erhéngert: wat eng Trauer, wat en Drama! Wisou kann et esou wäit kommen? Wisou loosse mer dat zou? Wisou loosse mer dat esou laang zou? Firwat kréien Kanner net dat, wat se am néidegsten brauchen?

Well d’Elteren keng Zäit fir se hunn? Well se iwwerfuerdert, iwwermidd, iwwergestresst sinn? Well ze vill vun hinnen verlaangt gëtt? Well se vill aner Aktivitéiten hunn?

Di nächst Regierung, muss eng Regierung sinn, déi bereet ass an di kleng Kandheet z’investéieren. An dat heescht net, nach méi Strukturen ausbauen, mä et heescht, och deenen Elteren entgéint ze kommen, déi eng Auszäit fir hir Kanner wëllen hunn. Hinnen en Elterengeld ginn, oder d’«allocation d’éducation» nees aféieren, oder soss eng finanziell Hëllef, déi hinnen eng Auszäit erméiglecht. Flexibel Aarbechtszäiten, Deelzäitaarbecht, Télétravail sinn och gutt Alternativen, mä do, däerf d’Organisatioun vun engem Betrib net leiden.

Loosst den Elteren de Choix, dat ass dat eenzegt wat hëlleft, dass mer gesond Kanner hunn. All Kand ass anescht, all Famill ass anescht. Ech kennen genuch Mammen, déi no e puer Joer nees an de Beruff erakomm sinn: also dat ass net ausgeschloss an net onméiglech.

Mä di éischt Prioritéit ass et, nom Wuel vum Kand ze kucken an dat ass nëmme méiglech, doduerch dass et dat liewenswichtegt Fundament mat 1-2-3 Mënschen kann opbauen. An si mussen duerfir reell ënnerstëtzt ginn.

Dass d’Kanner sech gesond entwéckeleln, dat muss eng absolut Prioritéit vun der nächster Regierung sinn.

Dat ass eng Aufgab, déi all Regierung vis-à-vis vun de Kanner, vis-à-vis vun der Gesellschaft, vis-à vis vun der Zukunft huet.

Isabelle Schmit-Mines

24.09.2018

Une pensée sur “D’Verantwortung vun der nächster Regierung…”

  1. Milliounen ginn an Crèchen an Maison Relais’en gestach wou schon aleng de Gerāuschpegel, d’Kanner stresst, amplaz de Mammen eppes ze ginn, datt se wéinstens di éischt dräi Joer esou vill wéi méiglech bei hire Kanner kënne sinn. Alles ass op der Kopp…. d’Bildung leid drënner, Sécherheet an Zefriddenheet feelen, an d’Folgen ginn d’Krankekeess spéider deier !
    Ma, MERCI.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *