Gebastels ouni Enn…

Ech verfollegen di ganz Entwécklung mat äusserst groussen Bedenken !! Ech gesinn Stress bei den Kanner, Stress an
Iwwerbelaaschtung bei den Elteren, schlecht Gefill bei den Educatricen.
Ech werfen zwee Punkten an Ronn: Ass et normal
dass 2 jaehreg Kanner, moies um 7 Auer schlofend um Arm vun der Mamm an d’Crèche kommen mussen ?
Ass et normal, dass Mammen beim Personal kräischen a vun Stress, Iwwerfuederung, an schlecht Gewessen schwätzen ? Anscheinend fënnt eis Regierung, eis Politiker dat ganz normal… „
sou huet et d’Brigitte, Educatrice, op dësem Site formuléiert.

Neen, et ass net normal, dass eng Mamm hiert Këndchen muss ofginn, wann et nach net prett ass.. Neen, et ass net normal, dass all Kand an di selwecht Schinn gedrängt gëtt, ouni dass seng ënnerlechst Besoine berücksichtegt ginn. E klengt Kand, wat no senger Mamm, sengem Papp verlaangert, e Kand, wat d’Präsenz vun hirer Léift brauch, e Kand, wat sech net wuel an enger Grupp spiert, e Kand, wat de Kaméidi net verdréit, asw – firwat lauschtere mer him net no?

Wäre mer net alleguerten, doudonglécklech, wann mer dauernd missten op dat verzichten, wat eis am Léifsten ass? Besonnesch an esou engem fragile Stadium, vun engem klenge Kand, ass et net de richtege Wee, Experimenter ze maachen. An da wonnere mer eis, wann vill Kanner verhalensopfälleg ginn, rosen an aggressiv sinn.

50 Therapieplazen* sollen an nächster Zukunft geschaafe ginn, fir deene Kanner ze hëllefen, déi verhalensopfälleg sinn, engem Schoulmeeschter, enger Léierin, et onméiglech maachen, e Cours ze halen. Kanner tëschent 3 an 12 Joer, sollen esou, nees an di richteg Bunn gefouert ginn. Geet dat iwwerhaapt? Ass do net scho villes gebrach?

E groussen, ënnerlechen Drama maachen di Kanner duerch, an dann brauchen se wierklech professionnell Hellëf. Een eenzegen Betreier huet all Kand „zegutt“. Sou kann de Betreier sech ganz intensiv mam Kand beschäftegen. Wat en Ëmwee! Vill Elteren géife gären, dee Betreier sinn, deen hiert Këndchen esou néideg brauch.

Awer neen, fir si ass jo kee Budget virgesinn. Wann mer wéinstens, do géifen usetzen, wär schonn villes gemaach, well, et ginn jo nach aner Ursaachen, firwat et ville Kanner net gutt geet. Wéi, z.B.,, Kanner, déi an der Aarmut liewen, oder, Kanner, deenen hir Elteren, mat der Erzéiung net eens ginn.

Sou sot et de Gilbert Pregno, leschte Samsdech am Wort: « …aucun gouvernement n’a soutenu le développement d’un programme pour soutenir la parentalité. » Villäicht kënne mer dann op di nächst Regierung hoffen…

Da kommen nach dobäi, d’Televisioun an d’Videospiller. Si dréinen d’Kanner op. Di nervös Biller, di Szenen, déi oft gewalttäteg sinn, doen hinne bestëmmt net gutt. D’Céline Alvarez hat et schonn an hirem Buch: „Les lois naturelles de l’enfant“ ausdrécklech gesot, an den Elteren recommandéiert, mat deene Medien opzehéieren. Onroueg Kanner sinn doropshinn och vill méi roueg ginn.

Et gëtt Zäit, dass mer d’Kand nees verstinn. Ouni gesond Kanner, kënne mer keng gesond Gesellschaft, keng gesond Zukunft opbauen.

D’Therapien kaschten eist Land, Milliounen a Milliounen ,amplaz den Elteren uerdentlech bäizestoen, amplaz op d’Preventioun ze setzen. Misst net dëse Saz, de Motto sinn? « Es ist einfacher, starke Kinder zu bilden, als gebrochene Erwachsene zu reparieren » (F. Douglass).

Mir waarden op eng Regierung, déi endlech dat versteet!

Isabelle Schmit-Mines

17.09.2018

 

* Artikel vum Michèle Gantenbein: „Aus der Bahn geraten“ (Luxemburger Wort, 6. August 2018)

Liest och:

Schulanfang – Rentrée, vum Jutta Lux-Hennecke

2 pensées sur “Gebastels ouni Enn…”

  1. Vill Zoustëmmung huet zu Recht op face-book dem Gilbert Pregno seng Feststellung fonnt:
     » Le Luxembourg, malgré de considérables efforts et investissements qui sont faits, reste un pays qui ne mesure pas l’IMPORTANCE du LIEN dans la petite enfance et qui s’intéresse plus à la croissance économique qu’ à ses ENFANTS…..
    Je ne cesse de m’étonner que les professionnels, quels qu’ils soient, ne fassent pas entendre leurs voix et acceptent ces situations qui portent atteinte aux DROITS des ENFANTS et aux valeurs éthiques.

  2. Vill Unerkennung krut zu Recht dem Gilbert Pregno seng Feststellung : Le Luxembourg….reste un pays qui ne mesure pas l’importance du LIEN dans la petite enfance et qui s’intéresse plus à la croissance économique qu’à celle de ses enfants.

    Et je ne cesse de m’étonner que les professionnels , quels qu’ils soient , ne fassent pas entendre leur voix et acceptent ces situations qui portent atteinte aux DROITS des ENFANTS et aux valeurs éthiques. « 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *