Wéi laang kucke mer nach no?

Et ass e Malaise do…!“ sot den Educatiounsminister am Virfeld vun der Emissioun « Hëlt d’Gewalt vu Klengem un zou? », op RTL Televisioun.*

Et wäert sech an de Betreiungsstrukturen näischt änneren, war d’Impressioun vum Patricia Heck, Chargée de direction vun der Maison Relais zu Reiler, no hirem Entretien mam Minister, opgrond vun hirem Lieserbréif, dee mer hei ënner dem Titel „Et geet hinnen net gutt“, publizéiert hunn.

An dann? Gëtt alles einfach esou higeholl? Gëtt einfach nëmme nogekuckt, wann d’Kanner esou schlecht dru sinn? Wann d’Wuel vun de Kanner eis egal ass, da wëll ech net wëssen, wéi an Zukunft, d’Mënschen mateneen eens ginn.

E Kand, wat verhaalensopfälleg ass – oder: deen anere Volet, ze roueg, traureg, apathesch ass – seet net: „Meng Mamma, mäi Pappa feelt mer“. Et seet net: „Ech wollt haut léiwer mat menger Popp“ oder „Ech wollt haut léiwer mat mengem Auto spillen“: Neen, e Kand huet keng Wierder fir säi Malaise. Et dréckt sech eben aus wéi et kann an dat ass duerch eben, Aggressivitéit, extrem Nervositéit oder Apathie.

Eigentlech wësse mer jo alles wat wichteg ass, fir dass e Kand sech gutt kann entwéckelen. Mir wëssen et, an trotzdem, gi stur aner Weeër ageschloen, déi net fir all Kand fërderlech sinn.

D’Roll vun der Bindung ass zentral“, sot de Gilbert Pregno, Psycholog.

An och, de Prof. Dr. Georges Steffgen deen nach eng Kéier drop insistéiert huet, dass et bewisen ass, dass di éischt 2 Joer wesentlech sinn fir d’Kand, dass d’Kand eng primär Bindungspersoun brauch.

Mä, Bindung brauch Zäit: an déi gëtt den Elteren ewechgeholl, wann d’Regierung d’Elteren allen zwee op den Aarbechtsmaart drängt an hinnen de Choix ewechhëllt, sech esou ëm hir Kanner ze këmmeren, bis dass se prett sinn, sech an aner Strukturen z’integréieren.

Mir schwätze gären hei zu Lëtzebuerg, wéi mer den Experten nolauschteren. Awer, et schéngt, wéi wann verschidden Avisen net gehéiert ginn…

Wou ass de Bléck vun der Politik vis-à-vis vun de Kanner, wann se kleng sinn, wat fir eng Bedingungen musse geschaafe ginn fir gutt ze wuessen?“ freet de Gilbert Pregno.

Jo, wéini erwäscht d’Politik? Wéini gesäit se an, dass se kee Kand, keng Mamm, kee Papp, an een eenzege Modell ze drängen huet? Wéini gesäit se an, dass di vill Kanner beieneen, eng eenzeg Iwwerfuerderung ass? Eng Iwwerfuerderung, déi mer de Kanner undinn, déi mer kengen Erwuessenen géifen zoumudden. „De Personalschlëssel hei zu Lëtzebuerg ass net gutt“, seet de Gilbert Pregno.

Wéini gesi mer d’Kand nees als prioritär un? Dat gëllt fir d’Politik, et gëllt fir d’Elteren.

D’Politik muss endlech den Elteren de Choix loossen an all Elteren respektéieren an ënnerstëtzen, den Elteren, Moyene ginn, fir fir hir Kanner uerdentlech ze suergen. An als Elteren muss een sech eigentlech ëmmer nees a Fro stellen a sech ëmmer nees vu Neiem bewosst sinn, wat een de Kanner wëll vermëttlen a mat op de Wee ginn, wéi ee Virbild een fir si wëll sinn.

Fir e Kand brauch een Zäit: Zäit fir et op den Aarm, op de Schouss ze huelen, Zäit fir mat ëm ze schwätzen, Zäit fir mat ëm ze laachen, Zäit fir him nozekucken, wann et probéiert, selwer eppes ze maachen, Zäit, et gewäerden ze loossen, och wann et laang dauert, Zäit fir mat him d’Blummen, d’Beem, d’Natur z’entdecken.

Wa mer wëllen, dass d’Kanner eis sollen respektéieren, da musse mer och si respektéieren, an hirem Wiesen, an hire Besoine. Et ass einfach liewenswichteg fir si, et ass liewenswichteg fir eist Zesummeliwen an der Gesellschaft vun haut a vu mar.

Isabelle Schmit-Mines

23.04.2018

Liest och:

Den Opruff vun enger Erzéierin

Et geet hinnen net gutt vum Patricia Heck

*RTL Télé Lëtzebuerg: Emissioun: Kloertext: «Hëlt d’Gewalt vu Klengem un zou?», e Mëttwoch, den 18. Abrëll 2018.

Partenaires de EUR&QUA : « Les droits des enfants dans des situations transfrontalières »

Conférence Internationale pour les droits de l’enfant, le 16 mai 2018, de 9 hrs à 16,30 hrs

Pour la Vie Naissante: « Journée pour la Vie: Vive la vie », le 2 juin 2018

Une pensée sur “Wéi laang kucke mer nach no?”

  1. All Pädagog wees a seet dat selwecht: De Grondsteen fir dem Mënsch seng Entwécklung gëtt an der klenger Kandheet geluecht; d.h. am Alter vu 0-4 Joer. « Bonding » nennt een an der Pädagogie de Begrëff, vun där Zäit wou d’Kand vun der Mamm (oder e n g e r anerer Bezugspersoun) betreit soll ginn, an ouni dat, d’Basis fir eng ausgeglachen Perséinlechkeet selten zustaane kënnt.
    Kanner déi schon als Puppelche keng Bezugspersoun haten si spéider och net bezugsfäheg, an dat ass ganz bestëmmt kee Virdeel, weder fir d’Kanner, nach fir d’zukünftig Gesellschaft!!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *