Eng Parallelwelt

An Zäit vun e puer Méint, sinn an Däitschland, zwee jonk Meedercher an der Buedbidden elektrokutéiert, wëll se am Gaangen waren, hiren Handy opzelueden.

En eenzegen Drama fir di Hannerbliwwen! En Drama, deen eis awer och alleguerten ze denke gëtt.

Mir gesinn oft, an der Strooss, wéi di Jonk sech un hiren Smartphone, hiren Handy unhänken an et huet een d’Impressioun, wéi wann et soss näischt méi op der Welt géif fir si ginn.

Wat kréien se nach mat, vun der Ëmwelt, vun der Landschaft, wéi vill geet verluer un Impressiounen, un Gerëcher, u Geräischer, wéi vill vun der Orientéierung? Wéi vill Gedanken, déi net geduecht ginn, wéi vill Kreativitéit, déi verluer geet? An, wéi vill Begéinungen, déi verpasst ginn? Besonnnesch schlëmm gesäit et aus, wann 2 Mënschen niewent eneen ginn an jiddereen mat sengem Smartphone beschäftegt ass…

Wéi sot et den Albert Einstein, (ongeféier esou): „Wann d’Technologie di mënschlech Relatiounen iwwertrompen, dann ass eis Welt an der Dekadenz“.

An eppes anescht, wat mir ze denke gëtt ass, wat kréien d’Kanner nach mat vum Alldag?

Mir hunn all geléiert, dass elektresch Apparater net a Verbindung mat Waasser solle kommen. Wat fir eng Informatioune kréien d’Kanner nach haut fir hiren Alldag? Si liewen oft an enger Parallelwelt, geschützt virun all Gefor, sou dass se sech keng Gedanken mussen driwwer maachen. Eng Berouegung, engersäits, mä, sou léieren se ni eens ze ginn, wéi enge Geforen, se kënnen ausgesat sinn a wéi se sech kënne schützen. Et sinn di regelméisseg Gesten, déi ee scho bal autmatesch mécht, déi eis hëllefen, am Alldag eens ze ginn an ze verstoen, wéi een sech soll uleeën. Suguer, Mënschen, déi e Schlag gemaach hunn, kënnen sech am Liewen erëmfannen, di regelmässeg Gesten kommen vum selwen erëm. Mä, wann di Jonk ni geléiert hunn, wat fir den Alldag wichteg ass, gëtt et schwéier wann si erwuesse sinn.

Wat kann och doheem nach geschwat ginn, wa kee méi doheem ass? Wa keen Zäit huet (oder, wa mer verléiert hunn, wat et heescht, sech Zäit ze huelen)?

Et ass ëmmer flott, mat Kanner a mat jonke Leit ze schwätzen. An deen Echange soll sinn fir hiert a fir eist Liewen ze beräicheren. Ass et net, iwwerhaapt, den Echange mat deenen anere Mënschen, deen eist Liewen, liewenswäert mécht?

Isabelle Schmit-Mines

02.04.2019

Är Iddien gi gefrot:

An senger Initiative, „Bildung am Dialog“, sicht de Bildungsministère de Kontat mam Public. Sou kënn Der, Är Propsitioun(en) an d’« Boîte à idées » eraginn. Et ass villäicht eng Geleeënheet…

http://www.men.public.lu/fr/actualites/grands-dossiers/systeme-educatif/dialog/boite-fr/index.html

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *