Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir!

Léif Elteren, weder Där, nach Är Kanner, sidd Humankapital!!!

Loosst iech déi « politesch Wäisheeten » a punkto Frühförderung net ënnerjubelen, a WIERT Iech !!!!

Fuerdert méi Zäit fir Är Famill, thematiséiert de Fait, dass et net evident ass, Famill a Beruff ënnert en Hutt ze kréien, thematiséiert d’Problemer, déi d’Butzen virun allem, Ufanks hunn, an der Crèche (a punkto schlofen, a punkto iessen, a punkto Bezugspersoun, etc.)!

De Wuesstem vun neuronalen Verbindungen am Gehir geet ufanks duerch den enken Hautkontakt (Beréieren, Kussen etc.) vum Bébé matt der Mamm/Papp, Hand an Hand. Bis zu 2 Joer, ass eng stänneg Interaktioun matt der Mamm/Papp oder och nach enger drëtter Bezugspersoun noutwendeg fir de Sproocherwerb…

Kee Kand brauch ufanks 3 Sproochen! Kanner sinn normalerweis häerzlech onkomplizéiert, déi schwätzen HIR Sprooch halt (och wann déi net ëmmer esou kléngt wei mär eis dat virstellen…).
Léif Politiker: kléng Kanner (ënner 3 Joer) zu « kompetenten » Fachmänner wëllen ze erzéien, déi spéiderhin um fräien « Wirtschaftsmoart » (dee scho längst net méi fräi ass), kënnen als gutt konditionéiert Humankapital anzesetzen ass LÄCHERLECH, a schlussendlech ganz uerg!!! D’Kanner zu fräidenkenden Bierger ze erzéien kann dach net d’Ziel sinn, duerch esou Moossnahmen, oder?! Loosst d’Kanner, KANNER sinn, an erspuert hinnen esou gutt wéi méiglech de Stress, deem si a vill Elteren ausgesat sinn!!!

FALLS et Iech wierklech em d’Wuel an d’Kompetenz vun de Kanner geet, da loosst se fräi spillen, esou vill an esou laang wéi méiglech, an erméiglecht et hinnen (zemools wann se nach esou butzeg sinn), méi Zäit mat hiren Elteren kënnen ze verbréngen, wéi dat momentan de Fall ass.

Erspuert de Kanner dach esou gutt wéi et geet, den Drock a Stress (resp. eng konstant Erhéijung vum Kortisolwert), dee bekanntlech Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir ass… Loosst d’Kanner Freed um Liewen kréien fir dass se gutt ausgestatt sinn, fir dat wat se spéiderhin am Liewen nach erwaart an der Erwuessenwelt!

D’Kandheet ass esou eng besonnesch Zäit… Wat fir eng traureg Welt wär dat, déi net erkennt wat d’Kanner alles wëssen a kënnen, ouni dass een se stänneg wëll fuerderen a konditionéieren…

Sarah Bock

Une pensée sur “Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir!”

  1. Haut krut ech nees en Temoignage vun enger verzweifelter Mamm. D’Danielle, 3 Joer, kräischt all Kéiers wann et muss an d’Crèche. D’Kanner schloen, kratzen, jäize, an hatt wëll einfach nëmmen roueg spiellen. Esou e sensibelt kand mécht däermoossen vill mat. Et ass eng grouss Chance, dass d’Mamm hallef Deeg schafft an heiansdo eng bomi aspréngt. Mä wéi vill Kanner hunn dat net? An dat soll nach méi ausgebaut ginn, nach méi gefërdert ginn? Ma, versteet da kee méi d’Kanner? Versteet da keen, wat hir Trauer an hir Wut ausdrécken? Nee, di Massebetreiung fir d’Kanner ass keng Léisung.

Répondre à Isabelle Schmit Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *