Iddien gi gesicht fir hir Zukunft opzebauen
Vill Reformen sinn an deene leschten Joeren an der Familljen- an an der Bildungspolitik ëmgesat ginn – Reformen, déi schonn virun dëser Regierung lancéiert goufen.
Vun „Mir mussen d’Fraen un d’Schaffen kréien“ bis d’Ofschafen vun de Punkten am Fondamental, vum Ofschafen vun den « Allocation de maternité » an « Allocation d’éducation » bis zur Méisproochegkeet an de Crèchen, asw., kann een sech froen:
Hunn di Reformen hiren Zweck erfëllt? Ginn d’Kanner elo besser eens an der Schoul?
Hunn se méi Liichtegkeet fir ze léieren? Hunn se e bessere Bagage?
Hunn se manner Angscht?
Sinn d’Schoulmeeschteren, d’Léierinnen, d’Proffen méi zefridden? Sinn d’Educatricen, d’Educateuren méi zefridden? Sinn d’Elteren méi zefridden?
Duerch d’Lieserbréiwer, duerch Echangen op de soziale Netzer mierke mer, dass di Changementer vill Leit awer onsécher maachen, dass vill Leit net richteg wëssen wou et higeet.
Fakt ass, dass den Educatiounsminister en Dialog mat de Bierger proposéiert, am Kader vun der Campagne „Bildung am Dialog“. Fir „Dat opzefänken, wat d’Leit bedréckt…“, sot den Educatiounsminister op RTL, den 5.03.2019.
Eng « Boîte à idées » gëtt eis alleguerten, d’Méiglechkeet, eis zu Wuert ze mellen an eis Propositiounen eran ze ginn.
http://www.men.public.lu/fr/actualites/grands-dossiers/systeme-educatif/dialog/boite-fr/index.html
Vill Propositiounen si schonn zesummekomm, vu Mënschen, déi all Dag mat de Kanner sinn an d’Schwieregkeeten direkt um Terrain gesinn a verstinn. Z.B., gefrot gëtt, dass d’Famill nees méi valoriséiert soll ginn, dass d’Zensuren nees sollen agefouert ginn, eng Educatrice schreift, dass ze vill Zäit an d’Paperasse ginn. Aner Propositioune sinn, dass d’Sexualerzéiung doheem soll sinn an net an der Schoul, dass d’Notzen vum Handy an der Schoul soll geregelt ginn, dass d’Kanner nees méi Allgemengbildung solle kréien, dass d’Freed um Liesen soll gefërdert ginn, dass den Effort soll gefërdert ginn, asw….
Ech wënsche mer, dass de Ministère d’Aussoen eescht hëlt, well si weisen, dass mer zu vill sinn, déi sech Gedanken iwwer d’Zukunft vun de Kanner maachen. Et sinn déi Mënschen, déi direkt am Kontakt mat de Kanner, mat de Jonken sinn a mierken wéi et ass a wéi et kinnt besser sinn.
Jiddereen kann sech mellen, et ass villäicht eng Geleeënheet…
http://www.men.public.lu/fr/actualites/grands-dossiers/systeme-educatif/dialog/boite-fr/index.html
Isabelle Schmit-Mines
26.03.2019
FAPEL
Anregungen für die Kleinsten
Datum: 30. März 2019
———————————————————————————————————————
FAPEL
Les clés de la communication avec nos ados
Date: le 30 mars 2019
Liest och:
Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir, vum Sarah Bock http://www.famill.lu/?p=683