Si sinn dach dat Wäertvollst, wat mer hunn

Wat maachen se mat eise Kanner?

Fir vill Elteren ass den Alldag nach just eng « course contre la montre ». Séier d’Kanner an d’Crèche, an d’Schoul bréngen, séier op d’Aarbecht fueren, séier d’Kanner nees siche goen, séier se an d’Bett leen, asw. Wou bleift do Zäit fir sech anstänneg em d’Kanner ze këmmeren? Mee genau dat gëtt ëmmer méi gefërdert. An et ass genau dat wat finalement eis Gesellschaft futti mécht. De Burn-out vun ville Mammen ass eng dramatesch Realitéit.

Et fält dann och den Educateuren, den Enseignanten op, dass d’Zuel vun de Kanner, déi affektiv an edukativ Defiziter opweisen, ëmmer méi an d’Luucht geet. A wat dramatesch ass, ass de fait, dass ëmmer méi jonk Kanner betraff sinn.
Firwat kënnt et esouwäit? Sinn d’Elteren iwwerfuerdert? Fir vill Elteren ass et schwéier iwwer d’Ronnen ze kommen. Oft mussen se esou vill schaffen, dass hinnen eigentlech net méi genuch Zaït bleift fir hir Kanner. Owes spéit heem kommen no engem ustrengenden Dag an dann nach Zäit fir d’Kanner a fir den Haushalt hunn, ass fir vill Mammen a Pappen schwéier ze bewältegen.

De Gouvernement gëtt net fäerdeg ze soen, dass geschwënn d’Crèchen gratis ginn, dass ëmmer méi structures d’accueil ënnerstëtzt ginn wou d’Kanner jo gutt versuergt, sinn an och nach dobaï 2 Sproochen direkt léieren. Natierlech léieren d’Kanner vill an der Crèche, an der Maison-relais. Mee, dës Betreiungsstrukturen sollen en Complément zu den Elteren sinn. D’Elteren sollen nach ëmmer deen éischten Repère fir e Kand sinn. Wou ass dem Kand seng Plaz wann et seng Elteren ëmmer nëmmen kuerz gesäit?

A wat geschitt nach, wann d’Crèchen gratis ginn? Zum Beispill, Mammen, déi net schaffen, déi dann awer hir Kanner « ofginn ». An dat sinn déi Kanner, déi dann ganz onglécklech sinn, well se bannendran spieren, dass do eppes net klappt. Dat bréngt mat sech, dass Elteren a Kanner sech komplett auserneenliewen.

Dobäi gëtt et esou vill Mammen, respektiv Pappen, déi gären méi Zäit mat hire Kanner géifen verbréngen, hir Kanner selwer wëilten erzéien. Ann déi ginn bestrooft. Et kann net sinn, dass d’Elteren een Deel vum Kannergeld mussen fale loossen, deen dann a Betreiungsstrukturen investéiert gëtt, déi jo enorm kaschten.

Et kann net sinn, dass Elteren geschwënn nach dobäi eng Steier bezuelen mussen, fir Strukturen déi se iwwerhaapt net wëllen. Eng sougenannte Steier, mat där « die Zukunft der Kinder » (L.W. vum 18. Juli 2014) – wat dat och ëmmer heescht – soll finanzéiert ginn.

Wa fir de Gouvernement all Kand gläich ass, dann däerfen déi Kanner, déi doheem betreit ginn, net benodeelegt ginn. Dat ass dach net dran, dass Elteren, deenen hir Kanner, an enger « structure d’accueil » betreit ginn, fir d’Iessen, praktesch näischt mussen bezuelen an déi aner Elteren, déi doheem kachen guer keng Ënnerstëtzung zegutt hunn. Och déi Kanner déi doheem betreit ginn hunn Recht op eng Zukunft an vir déi Kanner muss och investéiert ginn. Wann ech als Mamm spieren, dass meng Kanner net zefridden sinn wann se mussen de ganzen Dag vun aneren Leit betreit ginn, däerf ech net duerfir bestrooft ginn! Dat ass awer de Moment de Fall an dat ass eng ganz grouss Ongerechtegkeet.

Déi Elteren déi méi wëllen fir hir Kanner do sinn, däerfen net finanziell bestrôft ginn, am Géigendeel. Firwat dann net, deem Elterendeel, deen sech em d’Kanner këmmert, zum Beispill eng finanziell Kompensatioun ginn, wéi dat bei den « aidants informels » de Fall ass? Et muss nees erkannt ginn, dass Elteren sinn, eng Aarbecht ass, déi Zäit, Responsabilitéit, Disponibilitéit erfuerdert. Et ass eng Aarbecht, am Déngscht vun der Gesellschaft.
Et mussen och Strukturen erméiglecht ginn, déi et méi einfach maachen, hallef Deeg ze schaffen oder stonneweis ze schaffen, esou dass een nach Zäit huet fir sech em seng Kanner ze këmmeren.

D’Kanner brauchen hir Elteren. D’Elteren sinn de Kanner hire Repère. Wann d’Elteren Zäit hunn fir hir Kanner, wann d’Elteren de stabille Pôle sinn fir hir Kanner, brauchen d’Kanner keng Drogen fir virum Alldag ze flüchten, da brauchen se keng Gewalt fir op sech opmierksam ze maachen.

Och eise Gouvernement ass opgefuerdert, Strukturen an d’Wee ze leeden, fir dass d’Elteren Zäit hunn fir hir Kanner an net Strukturen z’organiséieren wou Elteren a Kanner kee Kontakt méi mateneen hunn an sech auserneen liewen!

Isabelle Schmit-Mines

August 2016

Famill.lu an « Méi Elteren, manner Staat »: een Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an den Elteren!

Famill.lu: all Méindeg nei Reportagen, all Dag, Är Commentairen!

2 pensées sur “Wat maachen se mat eise Kanner?”

  1. Ech ginn iech vollkommen Recht. Et ass super waat un Infrastrukturen an Méiglechkeeten geschaaft ginn fir Elteren ze ënnerstëtzen mä, ass daat d’Léisung? Ech sinn Educatrice an Mamm an ech hunn et duerch Schichtaarbecht net ëmmer einfach. Mäi Partner schafft och Schichten. Do ass et heiansdo e richtegen Challenge fir eens ze ginn. De Moment sinn ech am Congé maternité dann profitéieren ech vun der Fräizait an dass ech net muss op Dagesmamm oder Maison relais zeréck gräifen, mä wat ass duerno? Wien geet Kand sichen, wien bréngt et, wien spréngt an wa mir Fréischicht schaffen? Wouäi ech net soen, dass et schlecht ass mä eist Kand huet heiansdo esou laang Deeg oder méi laang Deeg ewéi mir an ass Owes platt. Verschidden Elteren freet dat vläit, mä ech vermëssen awer Zäit mat mengem Kand ze verbréngen.

  2. Moien. Ech sinn selwer Mamm vun 2 Kanner an fannen schons laang datt dat Ganzt an di falsch Richtung leeft. Ech sinn selwer Educatrice diplômée zanter méi wéi 20 Joer a gesinnn datt et ëmmer méi biergoof geet. Waat eis Kanner brauchen, ass Stabilitéit am Alldag an hir Elteren. Eis Regierung soll Elteren ënnerstëtzen, déi no hire Kanner wëlle kucken an net alles gratis maachen. Eng stabil Bindung zu den Elteren ass dat wichtegst am Liewen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *