Wat gi mer de Kanner mat op de Wee?

Et sinn si, déi d’Kanner all Dag gesinn, et sinn si, déi eis matdeelen, wéi si selwer, an, wéi d’Kanner, mat den Nerven fäerdeg sinn: d’Educatricen, d’Educateuren, d’Léierinnen, d’Schoulmeeschteren. Si mellen sech ëmmer méi zu Wuert, well se d’Situatioun net méi kënnen erdroen an eng Ännerung verlaangen. Keen ass mat der Situatioun zefridden, wéi se am Moment ass, am Géigendeel, et gëtt esou vill verlaangt, dass keen et méi packt. Ze vill Kanner beieneen, ze wéineg Personal.

All Partei schwätzt an hirem Programm, hire Brochuren, Depliants, vun héichwäerteger Kannerbetreiung: stellt dann een sech d’Fro, wat dat heescht, eng „héichwäerteg Kannerbetreiung“?

Eng héichwäerteg Kannerbetreiung, wann d’Kand genuch Léift an Zouwennung kritt;

Eng héichwäerteg Kannerbetreiung, wann et zäitlech méiglech ass, sech Zäit ze huelen fir all eenzelt Kand;

Eng héichwäerteg Kannerbetreiung, wann d’Kand seng elementarst Bedierfnesser gestëllt kritt: kënnen all dës Critèren, ënner deene Bedingungen, wou geschafft gëtt, erfëllt ginn?

Wéi oft héiere mer dann di Wierder: Fréifërderung, Chancegläichheet, staark Kanner, asw.

Et gi Saachen versprach, et gi Saachen gesot, déi schéi kléngen, der Realitéit awer net onbedéngt entspriechen. Et muss een sech schonn mat der klenger Kandheet auserneen gesat hunn, fir ze verstoen, wat e Kand WIERKLECH brauch.

Ofgesinn dovunner, dass et Kanner ginn, déi nach ganz unhänglech sinn, oder méi sensibel sinn an d’Separatioun vun hiren Elteren, schwéier erdroen, ass di allgemeng Situatioun, net méi ze vertrieden, weder fir d’Kanner, nach fir d’Personal.

Wat gi mer de Kanner dann mat op de Wee fir hir Zukunft opzebauen?

Wéi eng Alternativen kinnt een envisagéieren, fir dass eis Kanner, mat Freed kënnen opwuessen? Sot och Dir eis Är Meenung!

Isabelle Schmit-Mines

12.03.2019

Hei eis Bäiträg, vun 3 Fraen, déi um Terrain schaffen.

Et äss Zäit fir eng Ännerung, vum Shei La.

Wat ass nëmme lass mat eise Kanner, vum Natascha Scholtes

Et geet hinnen net gutt, vum Patricia Heck

an: Gratis Kannerbetreiung, di gutt Léisung fir eist Land? (oder den Desaster vu Schweden)

Une pensée sur “Wat gi mer de Kanner mat op de Wee?”

  1. Wat heescht hei héichwäerteg Betreiung, wann d’Chimie tëschent dem Kand an der Educatrice net klappt? Da sollen d’Elteren einfach nokucken? Loosst dach d’Kanner bei hirer Mamm, hirem Papp, bis se méi staark sinn.

Répondre à Fabienne Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *