De Lieserbréif vum Shei La:

Et ass mer nët einfach gefall dat hei ze pousten mee et ass wichteg an mir mussen ophalen ëmmer alles schéin ze schwätzen…

Kannerbetreiung an eisem Land….

Et ass Zäit fir eng Ännerung!

Et gëtt déck Zäit dass sech Saachen änneren an dass d‘Leit mol hir Aen opmaachen, och wann een dofir mol déi batter Réalitéit muss auspacken.
Stellt een sech d‘Fro wéi et engem Kand geet? Wat a sengem Käppchen virgeet, no 11h Crèche? No 11h Friembetreiung! No 11h Kaméidi, Stress an ouni Paus. A
n si hu kee Choix. Si mussen doduerch.
Freet iergendeen sech wéi et dem Personal geet? No engem duerchorganiséierten Schaffdag, vollgepaak mat mëttlerweil och villem Pabeierkrom. Nee, si mussen duerhalen an, wa méiglech ëmmer gutt gelaunt op alles réagéieren. Solle net ze vill kritesch sinn well dass jo alles nëmmen hallef sou schlëmm…
D‘Kanner sinn
immensen Stresssituatiounen ausgesat. Dat meescht wat hinnen geschitt kënne si mol net verstoen. Mir als erwuessen Leit hunn eng Virbildfunktioun an wat weise mer hinnen? Den Alldag, vollgepak mat Stress a Kaméidi. Mir als Educateueren funktionéieren just nach wéi an enger Fabrik. Oft just zu zwee mat 12 Kanner am Alter vun 7 Méint bis 18 Méint an mir solle wa méiglech all hir Bedürfnisser erfëllen. Mee wéi soll dat goen? D‘Kanner hunn d‘Bedürfnis no Rou, no Zäit, déi een sech fir si eleng hëllt, no Gebuergenheet… Wéi sollen si sech gutt entwéckelen wann déi Bedürfnisser net gestëllt ginn? Ech kéint hei tonne Situatioune beschreiwen an et géing just de Kapp gerësselt ginn.
Wéi geet et den Educateueren, déi an nach méi groussen Gruppe schaffen, wou 16 Kanner den Alldag verbréngen, wou vläit een oder zwee Kanner sinn, déi en spezifeschen Besoin hunn? Wéi fillen déi Kanner sech am Allgemengen, wann se net am Dag mol eng kéier zur Rou kommen? Wann se iwwerfuerdert ginn well se iwwerall sollen partizipéieren an Entscheedungen treffen am jonken Ater (d’Grondiddi dovunner ass gutt). Wéi sollen si sech fräi entfaale kënnen? Wéi solle mir als Educateuren handelen, wann et just nach drëms geet, dass d‘Plagen gefëllt sinn an de Ministär zefridden ass? Déi iwwregens, keng Ahnung hunn wat an enger Crèche oder enger MR leeft, well déi bretzen sech just mat hiren Gratisstonnen.
Ma gesond ass dat fir guer keen! Et huet keen méi Zäit fir sech ze erhuelen. D‘Kanner komme krank an d‘Crèche fir hir Zäit ofzesetzen (aneschters kann een dat leider net soen), well d‘Elteren entweder keen hunn fir d‘Kand ze versuergen oder de Patron hinnen déck Loft mécht, well se schonn erëm feelen.
Wéi fillt eng Direktioun sech, déi hirem Personal, dat alles muss weiderginn, déi dofir mussen suergen, dass eng Crèche, MR asw leeft? Wéi fillen si sech wann d‘Personal hinnen oft ze verstoe gëtt, dass si net méi kënnen a wann de Ministär Drock mécht a mat den Aarbechtsplaze spillt?
Et gëtt just nach
ënner Drock geschafft, engem den Eekel agedriwwen. An ganz oft muss een dat mat sengem Gewëssen ausmaachen. Wéi gär géing een all déi Bedürfnisser vum Kand erfëllen! Mee d‘Gruppen ginn vollgestopft an d‘Wuel vum Kand geet ënner! An d‘Personal kritt ëmmer méi d‘Flëmm!
An nach probéieren mir all Dag eist Bescht ze ginn, well mir gäre mat de Kanner schaffen, well et eis Freed mécht si ze begleeden, si ze ënnerstëtzen beim Grouss ginn, mee et muss sech endlech eppes änneren fir dass d’Kanner net ënnerginn. Fir dass aus hinnen eng Perséinlechkeet gëtt. Fir dass d’Personal rëm seng Freed um Beruff erëmfennt. Ech hunn dee Beruff gewielt well ech eppes wëll mat op de Wee ginn. Well ech de Kanner eng schéin Kandheet wëll erméiglechen wou si sech fräi entfaale kënnen. An et ass ee schéine Beruff, mee et fänkt un, onmënschlech ze ginn. Fir Grouss a Kleng! Et ass traureg ze gesinn wéi sech villes zum Negativen verännert huet. Beim Ministär brauch keen sech op d‘Schëller ze klappen! Dass keen sech bewosst, wéi et am realen Liewen an enger Crèche oder MR asw ass!!

Et ass Zäit fir eng Ännerung!

Och an anneren sozialen Beräicher mussen sech Sachen änneren well et ass alles anescht wéi SOZIAL wat do ofleeft!

Shei La

12.03.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *