« Sans amour on n’est rien du tout », séngt d’Edith Piaf

Eis Lieser schreiwen

Owes, no engem ustrengenden Dag, duerno, no engem laangen Heemwee, kënnen d’Nerven vun den Elteren uerg strapazéiert sinn. Fir d’Kanner, déi de ganzen Dag bei anere Kanner sinn, am Kaméidi, mat engem Programm – deen se villäicht net interesséiert huet – an wäit ewech vun deene Mënschen, déi se am allerléifsten op der Welt hunn: och si si fäerdeg mat de Nerven.

Den Gilbert Pregno, Psycholog, sot an der Emissioun „Background“ op RTL: « Ech hu Problemer mat deem Ausmooss, déi d’Friembetreiung kritt. D’Elteren sinn fir d’Kanner ganz wichteg. Ech fäerten, dass mer an enger Gesellschaft sinn, wou ëmmer manner no de Bedürfnisser vun de Kanner gekuckt gëtt ».

Wann ech mat Psychologen, Educateuren, Professioneller schwätzen, soen se mer all dat selwecht: et muss eng Léisung fonnt ginn, fir dass d’Elteren net méi, allen zwee, de ganzen Dag, vun doheem fort sinn.

An dat ass dat, wat mer gesot kréien: „Fuert weider mat Ären Informatiounen. Nëmmen doduerger, dass geschwat gëtt, dass d’Gesellschaft sech bewosst gëtt, wat hannert den zouenen Diiren geschitt, nëmmen doduerger, dass d’Leit eng Plateforme hunn, wou se zu Wuert kënne kommen, kann eppes changéiert ginn.“

Sou brénge mer dann elo e puer Commentairen vun eise Lieser, déi en Abléck ginn, iwwer hir Erfarungen an hir Iwwerleeungen.

Isabelle Schmit-Mines – 05.03.2019

Kremer Tim: 32 St Woch fir jiddereen… Giff Aarbechtsplaze schaafen a preventif manner Kanner, Schüler depressiv, an um Enn mat de Nerven wieren.

Linda: Et soll effektiv méi an d’Elteren investéiert ginn. Komesch Zäit, déi iwwerall investéiert, awer den Elteren just dat manst gëtt. Komesch Zäit, déi den Elteren seet, si wäre wichteg, awer hinnen wéineg Méiglechkeet gëtt, wierklech och Elteren ze sinn. Et misst sech nach vill änneren.

Josiane: Ech verfollegen Är Méi, bleift drun. Weiderhin vill Kraaft an hoffentlech Erfolleg wënschen ech iech.

Tanja: D’Familljen missten méi de Choix kënnen hunn, wéi sie hir Kannererzéiung gesinn a wéi si hiren eegenen Equiliber kënnen fannen! Wat fir di eng passt, passt net fir di aner! Drängt dach net esou vill Kanner a Familljen an ee Modell eran, déi dat net bräichten an/oder och net wëllen, nëmmen well dat gutt ass fir d’Ekonomie vum Land an loosst de Familljen de Choix!

Paquet Claude: Wier d’Wunnen zu Lëtzebuerg nit esou deier, dann bräicht een nit zu 2 schaffen ze goen.

Scmit: All Pädagog wees a seet dat selwecht: De Grondsteen fir dem Mënsch seng Entwécklung gëtt an der klenger Kandheet geluecht; d.h. am Alter vu 0-4 Joer. « Bonding » nennt een an der Pädagogie de Begrëff, vun där Zäit wou d’Kand vun der Mamm (oder enger anerer Bezugspersoun) betreit soll ginn, an ouni dat, d’Basis fir eng ausgeglachen Perséinlechkeet selten zustaane kënnt.
Kanner, déi schon als Puppelche keng Bezugspersoun haten, si spéider och net bezugsfäheg, an dat ass ganz bestëmmt kee Virdeel, weder fir d’Kanner, nach fir d’zukünftig Gesellschaft!!

Isabelle, Léierin: Et deet engem oft déck, wann een di Butzen gesäit aschlofen Mëttes,  kräischen Moies..., an ech denken dann oft nach, 
dass ech als Léierin lo nach Ufuerderungen un d'Kand stellen MUSS, well et um Enn vum Cycle jo och um Socle de compétences
soll ukomm sinn. Ech gesinn esou extrem den Ënnerscheed bei deene Kanner, déi net dauernd a Crèchen setzen an deenen aneren: 
si sinn vill méi ausgeglach, frou a wissbegiereg... Déi, di a Crèchen hocken säit se Bébé sinn, sinn oft midd, traureg, ausgelaugt,
mussen sech behaapten an duerchsetzen, streiden méi mat aneren, an schalten oft a Gruppenaktivitéiten of (wahrscheinlech well
 se schonn dauernd a Gruppen fonctionnéiren mussen). Dat, wat d'Crèche positives ze bidden huet (sozialen Ëmgang)
schléit dann am Endeffekt an de Contraire ëm well et deeës einfach ze vill ass.
----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Liest och:

Ass et nach méiglech, haut Schoul ze halen? En Interview mam Andrée, Léierin

Agenda:

FAPEL

Müsst ihr denn immer streiten?”

Datum: 23.März 2019 von 09 bis 13 Uhr

Gratis – Anmeldung bis zum 14.03.2019

 

3 pensées sur “Eis Lieser schreiwen”

  1. Ech wor bei der Bildung am Dialog.
    Do hunn ech verlaangt, datt och déi Elteren, déi hir Kanner selwer betreien, sollten ënnerstëtzt ginn.

    Ech hu mech géint eng Ideologiséierung vun den Kanner duerch d’Gendertheorie an géint en opgezwongenen, Fréisexualunterricht, déi net de Wäertevirstellungen vum Elterenhaus entsprécht, ausgeschwat.
    Mat aneren Elteren, Lehrer an Erzéier hu mer iwwert d’Crêchen diskutéiert.
    Mir waren eis eens, datt et sollt eng Begrenzung vun de Stonnen ginn, déi d’Kanner mussen an Friembetreiung verbréngen, a mir hunn festgestallt, datt muencher Elteren hir Kanner entweder net direkt no der Aarbecht ofhuelen, oder suguer hir Kanner ofliwweren, ouni datt se mol schaffen ginn.
    Dat sinn Abus’en, déi et net dierft ginn.
    Et gouf och festgestallt, dat déi gratis Stonnen Kannerbetreiung hiren Zweck verfeelen.
    Eigentlech sollten d’Elteren, doduerch datt se jo Suen spueren, méi Zäit mat hire Kanner verbréngen, mee dat ass an der Regel leider net de Fall.

  2. Traureg an inakzeptabel wat do op eis Kanner duerkënnt a punkto gendergerechter Erzéiung, wou d’Regierung sech umoosst suguer Spillsachen, didaktescht Material an d’Bicher an der Schoul op « gendergerecht » Inhalter ze ënnersichen, an d’Kanner enger Sexualerzéiung opzezwéngen, déi näischt méi mat enger richteger, dauerhafter Léift ze dinn huet!
    Kuckt dofir déi lescht ëffentlech Chambersitzung, wou nëmmen nach den Jeff Engelen vun der
    ADR e kloren Kapp an en ethescht Bewosstsäin beweist.
    Och den Fernand Kartheiser huet an dem Sënn eng ganz engagéiert parlamentaresch Fro gestallt, déi een op dem Site vun der « Vie Naissante » ka liesen.

  3. D’Renate Winter, Pràsidentin vum UN-Komitee vun den Kannerrechter seet an hieren Eröffnungsvortrag vum Konferenzzykel iwwert d’Jugendjustiz:
     » Das Kind hat ein Recht auf eine seinem Wesen entsprechende Entwicklung « .
    Keen mécht mir weis, datt dat bei engem Baby vun e puer Méint, bedeit vun Mamm a Papp getrennt, aus sengem gewinnten ËEfeld erausgerappt ze ginn, fir engem total friemen Mënsch an enger Betreiungsstruktur iwwerlooss ze ginn!!

Répondre à Marie-Andrée Faber Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *