Mütterlichkeit“ – almoudesch oder liewenswichteg?

D’Hanne K. Goetze ass an der DDR opgewuess, weess also vu wat se schwätzt, an hirem Buch « Kinder brauchen Mütter« . Si selwer huet terribel drënner gelidden, wéi si, wéi all Kanner, deemols, friembetreit gouf.

Et gesäit net schéin aus an Zukunft, weder fir d’Kanner, nach fir d’Mammen, nach fir d’Gesellschaft, wa mer de Kanner, net dat ginn wat se wierklech esou néideg brauchen, seet och d’Hanne K. Götze.

Wéi kann eng Gesellschaft esou wäit kommen, dass se ëmmer nees behaapt, Mamm sinn, wär onnëtz Aarbecht, wär Onzefriddenheet, als Mamm géif een jo nëmmen verkommen. „Die Mutter soll aus dem öffentlichen Bewusstsein verschwinden…“, sou wäit si mer also haut.

An dat dramateschst ass, dass vill jonk Fraen dat gleewen, an hirem Häerz net nolauschteren. Well d’Häerz vun enger Mamm seet meeschtens eppes ganz aneschters. Vill Mammen trauen sech emol net ze soen, dass hir Mammegefiller esou staark sinn, dass se villes, wat vun hinnen verlaangt gëtt, guer net wéilten matmachen. Mä, den Drock vun der Gesellschaft ass enorm. En Drock, deen suguer d’Hanne K. Götze eng Zäit krank gemaach huet. « …weil ich mich durch Äusserungen in den Medien oder aus dem persönlichen Umfeld bezüglich des eigenen Mutterseins völlig in Frage gestellt fühlte…“

A wat geschitt mat deene Kanner, déi selwer spéiderhinn, Kanner kréien? Selwer hunn se net erlieft, wat et heescht, eng enk Bindung ze hunn, Verantwortung z’iwwerhuelen, e Stoot ze maachen. Wa vun doheem aus, keng Repère sinn, halen sech di Jonk un aner Jonker: do brauch een net wäit ze denken, fir sech auszemolen, wat d’Konsequenzen wäerte sinn. An effektiv: all di Länner, wou d’Kanner ze vill, ze fréi friembetreit goufen, wou d’Bindung mat der Mamm net fest war, hunn elo mat héicher Kriminalitéit, Kläppereien, Messerattacken, verstéiert jonk Leit, ze kämpfen.

Fir d’Fraen ass jo vill gemaach ginn, an deene leschten Joerzéngten. Mä, d’Hanne K. Götze gesäit eng aner d’Gefor kommen – an ech mengen, si ass net eleng: di Bewegung fir d’Fra kann sech abeemol géint d’Fra riichten. Well zur Fra gehéiert et och, Mamm ze sinn, dat gehéiert zu hirer Würde. An eng Gesellschaft muss respektéieren, wat de Rôle vun enger Mamm ass, an si ënnerstëtzen, an hinnen all, d’Méiglechkeet ginn, hire Rôle als Mamm richteg z’iwwerhuelen.

Die Emanzipation der Frau ist nur dann zukunftsfähig, wenn sie nicht auf Kosten der Mütterlichkeit geht, sondern wenn sie diese mit einbezieht. Muttersein muss gesellschaftlich mindestens genauso anerkannt werden wie jede andere gesellschaftliche Arbeit.“, Sou formuléiert et d’Hanne K. Götze an hirem Buch: « Kinder brauchen Mütter« :

Et mierkt een och esou vill Paradoxen, an hei nëmmen ee Beispill: mir kréien gesot, d’Kanner an iwwerhapt, mir alleguerten wären ze déck. Di beschte Method dogéint, wär frëscht Iessen, selwer preparéiert. Awer: mat deenen, déi doheem, mat Läif a Séil kachen, gëtt de Géck gemaach. Esou kinnt een nach vill Beispiller nennen.

Och no enger Paus fir de Puppelchen, gesäit d’Hanne kee Problem fir nees an de Beruff eranzekommen, och wann de Contraire ëmmer erëm behaapt gëtt. Et geet, wéi esou oft, ëm di richteg Ënnerstëtzung vun dobaussen.

Wann mer wëllen eppes fir d’Gesellschaft vu mar machen, dann, w.e.g., ganz dréngend de Kanner hir Mamm loossen, d’Mammen och finanziell ënnert d’Äerm gräifen an net alles a Betreiungsstrukturen stiechen. Soss kréien et di nächst Generatiounen, enorm schwéier, well op si, vill sozial, gesellschaftlech, finanziell Problemer duerkommen.

Vill géif et nach zu dem Buch ze soen, et ass nëmmen ze recommandéieren, et ze liesen, och fir jonk Mammen, déi bestëmmt den Drock vun dobaussen spieren.

Mat Anekdoten a Beispiller aus hirem eegene Liewen, am Alldag mat hire 4 Kanner, mat Temoignagen an Analysen, huet d’Hanne K. Götze e Buch geschriwwen, dat eis esou vill Informatiounen an Reflexiounen mat op de Wee gëtt.

Wann e Kand op d’Welt kënnt, wëllt et, brauch et nëmmen eppes: Léift! An dat ass dat, wat mer eise Kanner schëlleg sinn!

Isabelle Schmit-Mines

26.02.2019

N.B.: D’Buch « Kinder brauchen Mütter » vum Hanne K. Goetze ass am Ares Verlag erauskomm.

———————————————————————————————————————————————————————

Hanne K. Götze ist Diplombibliothekarin, Vollzeitmutter, seit vielen Jahren als Stillberaterin tätig und in Familienverbänden engagiert. Sie ist Mutter von 4 Kindern. In der DDR geboren und aufgewachsen, kennt sie die Auswirkungen der Krippenbetreuung für Kleinkinder aus eigener Erfahrung.


Agenda

Une pensée sur “„Mütterlichkeit“ – almoudesch oder liewenswichteg?”

  1. An der DDR war jo och alles vum Staat organiséiert a finanzéiert! ! D’Mammen hu misse schaffe goen. D’Kanner sin all vum Staat erzu gin! Dat war jo awer net fir näischt esou!!!
    A wat ware d’Bierger vun der DDR frou wéi endlech d’Mauer gefall ass, a si nees fräi Mënsche waren!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *