E groussen DilemmnaGenderwahn

Genderwahn… e Wuert, dat entstanen ass, well verschidde Leit einfach komplett de Bezuch zur Realitéit verluer hunn. E Wuert, dat et eigentlech net dierft ginn.

Et ass net méi normal an och net méi ze akzeptéieren, wéi an der Lescht hei iwwerdriwwe gëtt, wann et ëm d´Fro vun de Geschlechter geet. Dat Zil, eng Gläichberechtegung fir béid Geschlechter ze erreechen, hu mir wäit verfeelt. Et ass esouguer zu engem reegelrechte Geschlechterkampf ausgeaart.

Mir hunn dofir gekämpft, datt Fraen déiselwecht Rechter hu wéi Männer, an dat hu mir zum gréissten Deel erreecht. Och wann et nach vereenzelt Ongerechtegkeete gëtt, sou huet et awer näischt méi mat fréier ze dinn. Mir Fraen duerfe wiele goen, schaffe goen, eis eege Sue verwalten, mir kruten déi nämmlecht Méiglechkeeten, déi d‘Männer schonn ëmmer haten. Ech als Fra si méi wéi zefridden; wat d’Sozial- an d’Aarbechtsliewe betrëfft, spieren ech keen Ënnerscheed vis-à-vis vun eise männlechen Zäitgenossen.

Eis stinn haut relativ all Optiounen op: Mir kënnen dee Beruff léieren, deen eis gefält an opgrond vun eise Qualifikatiounen eng Aarbecht fannen, eis do eropschaffe wa mir wëllen – duerch Ustrengung an Engagement, grad ewéi eis männlech Kollegen och – a Karriär maachen. Mir kënnen och an d´Politik goen, wa mir eis dofir beruff fillen. Oder awer mir kënnen entscheeden, datt mir léiwer eng Famill grënnen an doheem bei eise Kanner bleiwen. Eigentlech!

Wieren do net all déi selbsternannten „Fraerechtler“, déi aus der gewonnener Entscheedungsfräiheet einfach emol eng gesellschaftlech, jo souguer moralesch Flicht maachen. „Frauen an die Macht“ liest een a fettgedréckte Buschtawen an der Zeitung. „Frae musse politesch aktiv ginn“ schaalt et aus de Reie vun den agesiessene Parteien. „Frae musse Karriär maachen; a Chefpositioune sëtzen“ heescht et an de Medien. „Einfach“ Hausfra a Mamm sinn, dat geet haut net méi duer an ass keng wierklech Optioun méi. Dat gëtt als almoudesch a schwaach ofgewäert.
A well domat net jiddereen averstanen ass, zwéngt een de Leit dës Meenung kuerzerhand op, andeems een einfach Quoten aféiert. Sou wéi et beispillsweis an der Politik gemaach gouf.

Et geet awer elo well duer! Wann eng Fra sech wierklech politesch engagéiere wëllt, a sech dozou beruff fillt, sech fir d’Walen opzesetzen – da mécht si dat och! An et gëtt näischt, wat esou eng Fra méi demotivéiert, wéi sech opzestellen, fir dann an de Wieler hiren Aen als „Quotefra“ ze gëllen. A wann déi agesiesse Parteien dat net verstinn, well hir intern Politik et Frae vläicht onnéideg schwéier mécht, fir hir Plaz am politesche Liewen ze fannen (dat géif hire Besoin u Quoten erklären), da mussen déijéineg sech an hir intern Politik a Fro stellen, amplaz aneren ze imposéiere, wat si selwer brauchen.

Keng Fra wëllt e Posten, deen si nëmme kritt, domat eng Quot erfëllt gëtt. A kee Mann wäert eng Fra an hirer Funktioun respektéieren – egal wéi kompetent si ass – mam Gedanken, datt hie selwer eventuell vu vir eran, eleng duerch säi Geschlecht, als méigleche Kandidat ausgeschloss war.
A keng Fra wëllt an engem Beruff schaffen an deem si sech net erëmfënnt, an/oder hir Kanner vun anere Leit erzéie loossen, nëmme well si sech dozou verflicht fillt, sech als Fra ze beweisen. Et ass hiert gutt Recht sech dofir ze entscheeden „haaptberufflech“ Mamm an Hausfra ze sinn. Och dat gehéiert zur Entscheedungsfräiheet vun enger Fra.

Mir Frae brauche keen, deen eis un der Hänni hëlt an eis erkläert, wat gutt fir eis ass! Et geet eis Fraen eleng dorëm gläichwäerteg behandelt ze ginn, an net anescht wéi all aneren. Mir wëllen a brauche keng Quoten! Mir brauche kee Pseudo-Respekt. De Respekt, dee mir entgéint bruecht kréien, soll een opriichtege sinn, dee mir eis selwer verdéngen. Dee kann an duerf net erzwonge ginn. Kee Mënsch respektéiert een anere wierklech, just well e Reglement dat verlaangt!

A mir brauchen och keng Extra-Behandlung opgrond vun eisem Geschlecht. Dat ass sexistesch a virun allem kontraproduktiv! Wann dann nach gläichzäiteg verlaangt gëtt, datt dem Geschlecht vun engem Mënsch keng Bedeitung zoukomme gelooss gëtt, kann et sech bei der „Fraequot“ dach nëmmen ëm eng Farce handelen! Dovun ofgesinn ass et eng Beleidegung fir all Fra, déi selbstbewosst duerch d’Liewe geet a sech hir Ziler selwer setzen an erreeche wëllt.

Nathalie Breyer

04.11.2017

1 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *