Elterenaufgab ass eng vun deene wichtegsten Aufgaben

Gläichheet – iwwerall?

Paritéit, Quoten, Chancegläichheet, dat sinn di Wierder, déi am Moment „in“ sinn.

Et gëtt engem awer, e mulmegt Gefill dobäi, wa mer nach just sollen esou funktionéieren.

Zum Beispill, elo fir d’Sozialwalen, schreift d’Maxime Gillen, an hirem Commentaire, et wären net genuch Fraen op de Lëschten: „Sozialwalen – wou sinn d’Fraen?“ (RTL, 19.02.2018)

An d’Lieser froen sech, wat dat Ganzt mat deenen Quoten soll! Gëtt d’Welt doduerger besser?

Ech soe mer, dass d’Fraen genee wëssen, wou se sech engagéieren: fir hir Kanner, fir hire Stoot, fir déi Mënschen, mat deenen se am froutsten sinn. Wann se schaffe ginn, wann se mussen schaffe goen, wëssen se genee, wou se no hirer Aarbecht gebraucht ginn. D’Fraen, d’Mammen, wëssen schonn, wou hir Prioritéiten sinn. An duerch hir wäertvoll Präsenz, do wou se am néidegesten gebraucht ginn, gëtt d’Welt e Stéckelchen besser.

Haut kënnt nach en anert Phänomen dobäi, deen fir verschidde Leit ondenkbar ass: net all Fra wëll eng grouss Carrière maachen, net all Fra wëll sech stänneg dobaussen behaapten, net all Fra wëll am Dauerstress sinn. Et gëtt och Fraen, déi gären doheem sinn, där hir Freed et ass, sech ëm d’Kanner ze këmmeren, mat hinnen zesummen, ze baken, ze kachen, den Alldag ze deelen. Sou hat dann och, e Lieser vun RTL, de Commentaire ginn, dass vill Leit, gären géifen d’Kanner betreien an hire Stoot maachen, mä dass dat leider oft net méiglech wär.

Leider ass eben, dass, full-time Mamma (oder Pappa), net als Beruff betruecht gëtt. Well dann, géifen se eng Ënnerstëtzung kréien, dann géifen se net als nëtzlos ugesi ginn, wéi een dat oft héiert. Firwat eigentlech, gëtt, d’Aarbecht doheem, als niddreg ugesinn?

Si mer wierklech an eiser Gesellschaft ukomm, wou nëmmen déi Mënschen respektéiert ginn, déi schaffen « ginn »?

Elteren sinn, ass fir all Elteren eng grouss Verantwortung an all Elteren musse kënne begleet ginn, sou wéi si hiren « projet de vie », – besonnesch fir hir Kanner – gesinn.

Schweden z.B., huet ëmmer als dee Modell gegollt, fir ideal Kannerbetreiung an Elteren, déi de ganzen Dag schaffen. Si hunn eis et virgemaach, mat all de Konsequenzen. A mir wëllen per force, ee Modell iwwerhuelen, deen iwwerlieft ass, ee Modell, deen eng grouss Zuel vu Mënschen un d’Verzweiflung bruecht huet.

Traureg, wann mer näischt bäigeléiert hunn…

Schweden, Norwegen, Finnland hunn virun enger Zäit, e Betreiungsgeld agefouert wann d’Kand doheem versuergt gëtt, bis dass et 3 Joer huet: « Eines der wichtigsten Argumente für das Betreuungsgeld, war in allen drei Ländern die Entscheidungsfreiheit für Eltern » (Dr Annelise Ellingsaeter).

Entscheidungsfreiheit: dat ass dat wat mir ëmmer nees froen. Sou misst Demokratie ausgesinn. An net, eng Richtung, wou all Elteren, all Kanner an dat selwecht Schema gedrängt ginn.

D’Elterenaufgab ass eng vun deene wichtegsten, wann net déi wichtegst Aufgab, déi eis uvertraut gëtt. An domadden däerf net gespillt ginn:  » Sie bringen einem der wenigen, Ihnen voll und ganz anvertrauen Menschen bei, zu lachen, zu lernen und zu lieben. Etwas noch Wertvolleres werden Sie nie wieder in Ihrem Leben tun. « *

* (Aus dem Buch: Lieben, lachen und erziehen » vun Steve und Shaaron Biddulph, Heyne Verlag).

Isabelle Schmit-Mines

19.02.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *