Dat stommt Leiden

Ech fannen et relativ traureg ze gesinn, wéi eidel d’Spillplazen, an d’Stroossen am Allgemengen sinn… Net nëmmen Kanner gesäit ee kéng méi, vu dass di meescht Kanner a Strukturen sinn, mä och al Leit … Et schéngt mer heiansdo, wéi wann nëmmen déi Leit, déi ganz ‘aktiv’ hire Bäitrag zum globalen, wirtschaftlechen Wuesstem maan, eng Daseinsberechtegung an eiser Gesellschaft hätten. An deemno och eng Stëmm. Ass dat net e bëssi traureg? Wéi kann een un Deenen spueren, déi sech am mannsten selwer hëllefen kennen? Si ginn net gefrot. Oder ass dat Strategie?

An och d’Elteren, déi natierlech genausou ënnert der Trennung leiden, wann se hir Kanner stonnelaang net gesinn, ginn normalerweis net gefrot! Op een an deem Fall an iergendenger Form vun Emanzipatioun schwätzen kann, ass ze bezweifelen…! Mä deen Terme gëtt nach ëmmer ganz gäre mëssbraucht vir virun allem de Fraen wäeisszemaachen, dass se keng Daseinsberechtegung hätten wann se net schaffen, an dee Moment keng Kafkraaft hunn. Ween net schafft fir sech ëm seng Kanner ze këmmeren, dee soll opmannst e schlecht Gewëssen hunn. Sech ëm Kanner këmmeren ass jo keng Oarbescht, oder? (…)

Ech hunn d’Chance, an engem Beruff ze schaffen wou ech meng Kanner nëmme stonneweis net gesinn. Mä net all Mënsch huet di Chance. An ech fannen dat immens onfair, an och traureg, deelweis mattzeerliewen wei schwéier di Trennung ville Kanner an Elteren fält!
Firwat net engem Elterendeel de Choix loossen? Bleiwen ech ganz doheem, oder ginn ech ganz schaffen, soll ech hallef schaffen? Déi Fro kanns De Der nëmmen stellen wann’s De di finanziell Mëttel hues …

Wéi solle meng Kanner di éischt Liewensjoer erzunn ginn? Wat se sollen iessen? A wat léieren? Eng politesch Ideologie, déi den Elteren quasi virschreift, dass een seng Kanner soll friembetreien loossen, well d’Kand soss benodeelegt wär, grenzt e bëssi un Entmündegung, oder?

Oft gëtt och dovu geschwat, dass et méi sozial gerecht fir jiddereen wär, wann d’Kanner schon all ganz fréi an eng Institutioun géingen… Di sozial Ongerechtegkeet bleift trotz aller politescher ‘Méi’ bestoen, oder?
Ass et net esou, dass Zäit kascht, ‘time is money’ etc…?! Déi Leit, déi sech et finanziell kënnen leeschten, méi Zäit mat hiere Kanner ze verbréngen, an dat och wëllen, déi maan dat. Si decidéieren an deem Sënn, zum Beispill, hallef ze schaffen, oder se entscheedegen sech, eng Auszäit ze huelen fir e puer Joer ganz fir hier Kanner do ze sinn.

wat vir ee Choix hun dann sozial méi schwaach Leit, an hir Kanner? Ech schwätzen zum Beispill vun elengerzéienden Elteren. Fir si ass d’Aféierung vu gratis Kannerbetreiuung net onbedéngt méi gerecht. Si mussen trotz gratis Kannerbetreiung awer ganzdags schaffen fir iwwert d’Ronnen ze kommen, an d’Kanner gesinn hir Elteren dee Moment de ganzen Dag net. An deem Sënn déngt déi Form vu ‘sozialer Gerechtegkeet’ opmannst net de sozial Schwaachen… Et bleift en trauregen Fait, dass si sech déi Zäit mat de Kanner net kënne leeschten…

En fin de compte, leiden vill Elteren a Kanner ënnert der alldeeglecher Trennung. Dat ass eng Tatsaach! An dat stommt Leiden vun esou engem groussen Deel vun eiser Gesellschaft geet weider… Oder?

Sarah Bock

22.03.2016

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *