Luxemburger Wort vom Mittwoch, 22. März 2017 :

Däitlech méi?

De Congé parental kritesch gekuckt

De Congé parental war eis presentéiert ginn, als déi ideal Léisung, den Elteren d’Méiglechkeet ze ginn, Famill a Beruff gutt mateneen ze verbannen. Mir krute gesot, et wär „däitlech méi“: méi Flexibilitéit, méi Akommes.

Wat mer awer elo konkret gesinn, entsprécht dat Verspriechen, a ville Fäll, net der Realitéit. „Däitlech méi“ betrëfft een eenzegen Deel vun den Elteren, fir déi aner ass et däitlech manner.

Virun der Reform hat all Mamm oder Papp während dem Congé parental vu sechs Méint eng Prime zegutt vun 1 778 Euro/Mount, egal wéi vill si geschafft oder verdéngt huet (hunn). Dës Prime war netto, am Géigendeel vun haut, wou nach Steieren a Cotisatiounen ofgezu ginn.

Wien „däitlech méi“ kritt, dat sinn déi Elteren, déi ganz schaffen. Vun deenen, déi e mi-temps oder en temps partiel hunn, ka sech just een Deel kee Congé parental leeschten, well et a ville Fäll, finanziell net drobar ass. An dat während enger Zäit, wou de Puppelchen, seng Mamm, säi Papp ronderëm sech brauch. Sou ginn, mam neie Congé parental, e groussen Deel vun den Elteren, déi Deelzäit schaffen, bal gezwongen, hire Puppelchen schonn no dräi Méint a friem Hänn ze ginn.

Sinn dem Staat just déi Leit eppes wäert, déi ganz schaffe ginn? Ass e Kand nëmmen esou vill Wäert, wéi seng Eltere verdéngen?

Wat di mer de Kanner un, wa mer se esou fréi, esou massiv a friem Hänn ginn? De Stress ass bei ville vun hinnen héich. Stress ass negativ fir d’Entwécklung vum Gehir, e schwächt dem Kand seng Gesondheet. Dat si Fakten, déi bewise sinn, mä ginn einfach net berécksiichtegt.

D’Wëssenschaftler si sech eens, dass déi éischt Méint a Jore vun engem Kand, déi Allerwichtegst sinn. Dat gëtt och net berécksiichtegt.

Mir kruten eng Kéier gesot, all Kand wär gläich vill Wäert, dann ass et och genee sou vill Wäert, op et an enger Crèche, oder bei senger Mamm oder sengem Papp doheem ass. Dem Staat kascht e Kand an enger Crèche ëm déi 2 000 Euro/Mount. Kéint net deen, dee beim Kand ass, z. B., als „aidant informel“ unerkannt ginn?

Wie soll verantwortlech fir d’Erzéiung vun de Kanner sinn? Wie soll do sinn, fir si? Wie soll hinnen hëllefen, verantwortungsvoll ze ginn?

D’Erzéiung soll nach ëmmer den Elteren hir Roll bleiwen. Duerfir musse si och finanziell an „zäitlech“ Méiglechkeete kréien, hir Kanner anstänneg ze erzéien a fir si do ze sinn. Wie soll et da maachen, wa keen doheem ass?

Gouverner, c’est prévoir“. D’Zukunft preparéieren, heescht, ze suergen, dass d’Kanner staark an equilibréiert sinn. Et ass un den Elteren ze decidéieren, wat fir eng Betreiung déi Bescht fir hir Kanner ass. Et ass um Staat, all Elteren ze ënnerstëtzen!

Isabelle Schmit-Mines,

Famill.lu,

Méi Elteren, manner Staat

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *