Vum Babbelen zum Schwätzen – wéi léiert e Kand?

Du muss vill mat ëm schwätzen“, hat mäi Monni mir gesot, wéi eisen éischte Puppelchen ënnerwee war. A wéi Recht hat hien!

Et ass genee dat, wat e Kand brauch fir bäizeléieren, fir ze verstoen, wat ronderëm him geschitt, fir ze verstoen, wéi et iwwerhaapt dobaussen fonktionnéiert.

Sou seet et och den Dr Herbert Renz-Polster, dee mer virun 2 Joer, am Mamerhaff kenne geléiert hunn. Wat e Kand virun allem brauch, dat ass d’Kommunikatioun.

Awer, di Kommunikatioun geet net mat jidderengem. Si ass fir e puer Leit geduecht, déi sech intensiv ëm d’Kand këmmeren, déi Leit, déi him äntweren, déi sech och wierklech fir et interesséieren.

A mat wiem léieren d’Kanner da richteg schwätzen? Wien setzt Wierder op dat wat se gesinn oder spieren? Wien äntwert hinnen wann se Froen hunn? Dat sinn di Erwuessener. Wann d’Kanner awer esou vill Zäit an de Betreiungsstrukturen verbréngen, schwätzen se mat Kanner, déi dee selwechten Alter hunn wéi si, déi dee selwechte Vocabulaire hunn wéi si. Wuel hunn se kleng Kollegen, wuel hunn se soziale Kontakt, wuel ginn d’Educatricen sech vill Méi, mee hinnen feelt einfach d’Zäit, fir intensiv mat all Kand ze schwätzen.

Wann se traureg sinn, wann se kräischen: wien erklärt hinnen dann d’Situatioun, an där se dra sinn? Wien setzt d’Wierder op hir Trauer? Wien fënnt eng Léisung, fir dass et soll besser goen?Nees, di Erwuessen.

Also, si brauchen eis, si brauchen eis och am Alldag. Et ass och am Alldag, wou d’Kanner enorm vill léieren, och wann haut kaum dovunner geschwat gëtt. Si léieren, wa mer se an eis Aktivitéiten abezéien, wa mer kachen, wa mer botzen, wa mer wäschen, wa mer eis Planzen netzen.

Si brauchen net dauernd grouss Programmer, mä, si brauchen Raum, si brauchen Zäit. Well d’Léieren, ass am Fong eppes, wat iwwert dem Enseignement un sech, geet. Et mécht sech eigentlech vum selwen, wann d’Conditiounen vun der Bezéiung, vum Alldag, stëmmen.

Ech mengen, all Elteren sinn faszinéiert: bemol schwätzen eis Kanner, ee Wuert, nach e Wuert, beemol ganz Sätz – mir hunn emol net gemierkt wéi et gaangen ass.

Dat ass dat Phänomenaalt am Mënsch. E léiert ouni ze mierken, dass e léiert. Et ass eppes, wat ausserhalb vun eisem Bewosstsinn ass, et ass eppes, wat mer net kontrolléiere kënnen.

« Entschleunigen » ass dem Herbert Renz-Polster säi Wuert. Mir liewen ze hektesch, mir loossen eis ni goen, mir fonktionnéieren dauernd.

An dat verlaange mer och vun de Kanner. Et ass eng ganz grouss Diskrepanz tëschent deem, wat di Erwuessener vun de Kanner verlaangen a wat d’Kanner sinn. Mir loossen hinnen net méi genuch Zäit! An dobäi misst hir Kandheet awer eng ganz aner sinn… Hunn se nach Zäit, fir fräi ze spillen, ouni Zwang, einfach mat Freed, wou eng Iddi bei di aner kënnt, einfach esou. Einfach Freed hunn, einfach Zäit hunn. Well et ass an deem Spill, wou se dat integréieren, wat se gesinn an erlieft hunn, et ass an deem Spill, wou hir Kreativiétit sech developpéiert.

Mä, an der Gesellschaft a vun uewen erof, kréie mer oft Angscht gemaach, mir géifen eis Kanner net richteg fërderen.

Lauschtere mer nees op eist Häerz: a wa mer eise Kanner vun Häerzem dat matdeelen, wat eis och um Häerz läit, dann ass alles gewonnen. Wann si sech gutt spieren, hu mer villes gewonnen, well do wou een sech gutt spiert, ass een och gutt mateneen. An dat ass d’Basis fir eng friddlech Gesellschaft.

A wéi seet et de Jesper Juul, sou passend: « Die Kinderbetreuung ist zu wichtig, um sie allein den Politikern zu überlassen. »

Duerfir si mer all gefuerdert, di ganz Gesellschaft ass gefuerdert, dass all Kand an deenen beschten Conditiounen kann opwuessen, déi him am beschten passen.

Isabelle Schmit-Mines

12.02.2019

Liest och:

Die Kindheit ist unantastbar iwwer d’Buch vum Dr Herbert Renz-Polster

Agenda

FAPEL

« Faites de vos enfants des champions de la vie »

Date : le 02.03.2019 de 09 à 13 hrs

Gratuit – Inscription jusqu’au 21.02.2019 : fapel@education.lu

——————————————————————————————–

FAPEL

Kinder stärken und für das Leben stark machen” –

Datum: 09.03.2019 von 09 bis 13 Uhr

Gratis – Anmeldung bis zum 28.02.2019 an: fapel@education.lu


Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *