Besser fir d’Zukunft??

Ech hunn schon oft mat diskutéiert op der Säit vun der Madame Cahen, awer Argumenter an Äntwerten kritt een op hirer Säit just wann een fir hier Politik schwätzt ! Villäicht héiert se mech an all déi aneren Elteren op dësem Wee !!!

Ëmmer rëm héiert een vill vun der Integratioun vun der Fraa an der Aarbechtswelt !!! D’Sichtweis, déi eis FAMILLJENministesch huet, ass kloer definéiert: „Gitt Är Kanner of an gitt schaffen !« Sou ass et am Beschten fir Iech an Är Kanner ! Sou seet se !

Mä ass dat wierklech esou ? Ass et besser fir d’Zukunft vun der Mamm, wann se all Moien e schlecht Gewëssen huet, well se hiert Kand muss ofginn ? Ass et wierklech dat Bescht fir d’Kand, wat oft spéit réicht Owes heem kënnt am knappen Alter vun 9 Méint oder manner bis hinn zu dem Alter vu 4 Joer, wou un sech réicht den Eescht vum Liewen sollt ugoen, well se do schoulpflichteg sinn zu Lëtzebuerg !? Ass et dat Bescht fir eis Gesellschaft an der Zukunft, wann mir Kanner opzéien, déi vun klengem un, mussen funktionéieren, de ganzen Dag, Stress hunn an sech mussen upassen !?? Ass et besser fir d’Staatskees, an e puer Joer, lauter opfälleg Jugendlecher, psychologech ze betreien well se « burn out«  a soss Schied hunn ? Ech hunn eng ganz serieux Fro un Iech, Madame Ministesch, wou fënnt een, eng Rechnung, fir ze wëssen, wéi vill eng Crècheplaz fir e Kand kascht ? Do komme mir dach sécherlech op méi wéi 585 €, de Mount, déi de Staat muss bäileen pro Plaz !??? Do muss Personal, Assurancen, Material, Iessen, Hygiene an co gedeckt sinn !!! Firwat also sou drop bestoen, dass d’Kand soll an eng Crèche, déi méi kascht, wéi wann et bei der Mamm doheem wier mat der Prime, wéi d« allocation d’éducation» ??? Et ass eng kleng Somme, déi vill ausmécht fir eng kleng Famill !!!!

Zum Thema Congé Parental, weider, Dir sitt stolz drop, dass den Congé parental reforméiert ginn ass ? Wat heescht fier Iech reforméiert ? Dir hutt just deene Leit gehollef, déi vill verdéngen, dass do och de Papp kann soen, ech huelen den Congé Parental, mä, Moment, Lëtzebuerg huet vill Elteren, wou Mamm a Papp fir de Mindestloun schaffe ginn, wat genau ass fir déi gemach ginn? Een vun den Elteren geet do scho schaffen fir de Loyer ze bezuelen an Rechnungen wéi Strom a Waasser !!! Dann kommen nach Assurancen dobäi, Crècheplaz, Auto an co !!! Wat hunn déi gewonnen an Ärem System ? Déi kréien näischt bäi, well déi kréien jo den Mindestloun weiderhinn, oder wéi sinn Är Gedanken do ? Wier do net och eng Reform ubruecht fir deenen Elteren ze hëllefen !??? Dir sot, all Kand ass selwecht villert ! D’Kand kann näischt dofir, dass Elteren mussen zu 2 schaffen goen fir just 2x Mindestloun ze kréien an dofir um Minimum ze liewen !!! Weiderhinn, de Chômage ass grouss, Zouwanderer ginn et vill, Frontalien asw, wéi wëllt Dir et packen, dass all Mamm ka schaffen goen ???

Gratis Crèchen ? Mir wëssen dach alleguer, dass jidwereen, deen Steieren bezillt, dëss Crèchen finanzéiert !!! Gratis gëtt et net, och wann Dir dat ëmmer sou schmackhaft kléngen loosst, wéi Hunneg, deen een ronderëm de Mond geschmiert kritt !!! Eng Familljeministesch soll all Modell vun Famill ënnerstëtzen !!! Net nëmmen eng Spur fueren !!! Ech sinn Mamm vun 3 Kanner an 24 op 24 Stonnen fir meng Kanner do ! Dofir verzichten mir op ganz vill, awer et ass alles derert ! Et gëtt näischt, wat een de Kanner net kann besser bäibréngen, wéi Doheem wou een Zäit huet, nolauschtert an d’Kand sou hëllt wéi et ass an net an eng Form dréckt ! E Kand brauch Fräiraum fir sech ze entfalen ! Et brauch och mol Rou, sech zeréck ze zéien an virun allem brauch et seng Elteren, déi do sinn fir et !!! Fuerderen, kloer, jo, awer net iwwerfuerderen ! Virwat soll mäi Kand an eng Crèche an mat knapp engem Joer, dräi Sproochen léieren !??? Wou et dach vill méi wichteg ass, an deem Alter ze léieren, wéi een seng Gefiller ausdréckt an net ënnerdréckt, well ee muss funktionéieren ! Et soll léieren, wat et heescht, dass een fir et do ass an dass et gesinn gëtt ! Dass et mierkt, et ass ëmmer een do, „ohne wenn und aber« , et opfänkt an einfach ZÄIT huet !!!! ZÄIT ass d’Stëchwuert !!! Si dierfen schonn, just nëmmen 4 Joer wierklech kleng sinn, a ginn dann un Normen gemooss, déi festgesaat sinn, beléiert an gestritzt ! Firwat wëll Dir hinnen déi kuerz Zäit huelen aplaz ze ënnerstëtzen, dass d’Kanner an d’Elteren kënnen zesumme sinn !?? Dee Modell géing de Staat wäitaus manner kaschten, finanziell, wéi och séilesch fir d’Kanner, an jiwdereen hätt gewonnen !!! Elteren sollen den Choix hunn !!! Déi, di wëlle schaffen goen an sech gutt spieren, hiert Kand ofzeginn an friembetreien ze loossen, sollen dat gäre maachen ! AWER deen aaneren Modell, deen Familljen sech sichen, deen Traditionellen, soll genausou gefuerdert ginn !!!! Ech hoffen Dir iwwerdenkt Är Politik nach eemol an macht se wierklech familljentauglich an lauschtert och, op dat wat d’ttelschicht vun de Familljen seet an sech wënscht !

Lg

Jenifer Dupont-Schurig

18.07.2016

2 pensées sur “Besser fir d’Zukunft?”

  1. Dat wat an de Crèchen gefuerdert gëtt vum Personal, huet näischt méi mat Qualitéit ze dinn.. mä mat Management, Financement, an Profitgiir… Leider ginn déi net gefrot, iwwert denen hir Käpp decidéiert gëtt. D’Kanner!!! Bescht Gréiss an Merci fir Ären Asatz

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *